heemesch

Wikimedia-Homonymiesäit
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Als heemesch oder indigen bezeechent een, mat engem alen, lokalen a lëtzebuergeschen Ausdrock, am grousse Ganze Mënschen, Déierenaarten, Planzenaarten a Bräich, déi an deem Land oder där Géigend wou ee se untrëfft entstane sinn an eeben do hir Heemecht hunn.

D'Adjektiv heemesch ass Famill mat de Substantiven Heem, Heemecht a mat den Adverben heiheem an doheem.

D'Adjektiv einheimesch ass e verlëtzebuergescht einfacht Däitsch vum Adjektiv einheimisch an eng Iwwersetzung vum franséischen indigène[1].

Donieft fënnt een och mol dat Wuert eenheemesch als "Iwwersetzung" vum däitschen einheimisch. De François Schanen seet dozou awer: Den "ein-" ass geschichtlech en "in-" (Wahrig: 15. Jh. inheimisch. ahd. inheim). Wann een also verlëtzebuergescht, da gëtt et net "eenheemesch", mä "anheemesch", wat kee versteet. Den "een-" am Lëtzebuergeschen ass éischter d'Zuel oder den Artikel "een--": eestëmmeg (einstimmig) awer mat astëmmen (mit einstimmen).[2]

De Begrëff heemesch gëtt ë. a. gebraucht fir:

  • déi éischt Vëlker oder Kulture vun enger Plaz: Urawunner[3], Aborigen oder Indigen Vëlker[4]
  • déi natierlech an net agewandert Planze vun enger Plaz: Indigen Planzen
  • déi biologesch Bezeechnung fir Liewewiesen, déi an engem bestëmmte Raum ouni mënschlechen Afloss entstane sinn: Autochthon Aart
  • den ale lëtzebuergeschen Ausdrock fir d'Stierwe vun engem Déier[5],[6]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Dermann-Loutsch, Liette, 2006. Dictionnaire français-luxembourgeois seet zum Adjektiv indigène (S. 318): indigène, einheimesch, vun hei an zum Substantiv indigène (S. 318): m, Einheimeschen, ee vun hei.
  2. Wikipedia:De Staminee#eenheemesch oder einheimesch oder.3F.3F Diskussioun um Staminee iwwer eenheemesch
  3. De LOD kennt just dëse Begrëff (gelies 4.4.2014)
  4. De Franséisch/Lëtzebuergesch Dictionnaire op Wiki-Prinzip - dicol.lu iwwersetzt indigène mat Agebuerenen, autochtone mat Agebuerenen (Nom masculin), autochtone mat Urawunner a population autochtone mat Urbevëlkerung (gelies 4.4.2014).
  5. D'Luxemburger Wörterbuch: hëmmesch(t) (Wb. 06: hemesch) Adj.: «verendet» — d'Päerd ass h. (gaang) — zou h. goen (verenden — Ösl.)
  6. D'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906 (hémesch = verendet)