Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg

An dëser Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg stinn all d'Stolpersteine, déi am Kader vum Konschtprojet mam selwechten Numm vum Gunter Demnig zu Lëtzebuerg geluecht goufen. D'Stolpersteng erënneren u Mënschen, déi an der Zäit vum Nationalsozialismus, zu Lëtzebuerg wärend der däitscher Occupatioun (1940-44/45) verfollegt, ermuert oder an de Suizid gedriwwe goufen.

De G. Demnig setzt ee vu senge Stolpersteine zu Déifferdeng.
Ee Steen, ier e gesat gëtt.

Si gi wann ëmmer méiglech virun deem Haus, wou déi Persoun fir d'lescht fräi gelieft huet am Kader vun enger klenger Zeremonie vum Demnig an den Trëttoir gesat.

Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell an 10 Uertschaften am Ganzen 165 Stolpersteine, an an enger Uertschaft eng Stolperschwelle geluecht (Stand: Oktober 2021).

Stolpersteine änneren

Bieles änneren

Zu Bieles gouf de 6. November 2015 den éischte Stolpersteen an der Gemeng Suessem geluecht. Dëst goung zeréck op déi lokal Asbl CRIAJ (Centre de rencontre, d'information et d'animation pour jeunes), déi Ufank 2015 am Kader vu Recherchen iwwer de Faschismus sech och mam Lous vu fréiere jiddesche Bierger aus der Gemeng beschäftegt huet.

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Siegmund oder Sigismund Koppel geb. 1890 zu Trittenheim am Landkrees Tréier-Saarburg; gest. September 1942 zu Auschwitz
De Siegmund oder Sigismund Koppel war Véihändler an huet mat senger Fra Lina a sengem Jong Yvan zu Bieles an der Bréckestrooss, haut 35, rue des Alliés, gewunnt. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun den däitschen Truppen, flüchte si a Frankräich. Bis op de Siegmund verléiert sech do hir Spuer. Geséchert ass just datt si net erëmkomm sinn. De Siegmund Koppel gëtt am Camp vun Drancy internéiert, vu wou hien de 7. September 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht gouf.[1]
35, rue des Alliés   49° 30’ 33.4’’ N
      05° 55’ 29.3’’ O
6. November 2015
Commons: Stolpersteng zu Bieles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Déifferdeng änneren

Den 28. Oktober 2014 goufen zu Déifferdeng am Kader vun der Ausstellung Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent 15 Stolpersteng geluecht.

De 5. November 2015 koumen der 23 neier derbäi.[2],[3]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Isabelle Rose Cahen geb. Reh geb. 5. September 1880; gest. 1942 zu Belzec
Op Nummer 12, avenue de la Liberté huet déi deemools 62 Joer al Isabelle Cahen gewunnt. Wéi si am Abrëll 1942 den Deportatiounsuerder krut, wollt hire Fils Joseph Cahen se net eleng an den "Oste" goe loossen. Hien ass du fräiwëlleg mat senger Mamm an den Zuch fir an de Ghetto Izbica geklomm. D'Isabelle an de Joseph goufen zu Belzec ëmbruecht.
12, Avenue de la Liberté   49° 31’ 25.13’’ N
      05° 53’ 20.19’’ O
28. Oktober 2014
Joseph Cahen geb. 1. Juni 1902 ; gest. 1942 zu Belzec
De Joseph Cahen war bestuet mat der Gertrud an hat véier Kanner. Wéi seng Mamm am Abrëll 1942 den Deportatiounsuerder krut, wollt hie se net eleng an den "Oste" goe loossen. Hien ass du fräiwëlleg mat senger Mamm an den Zuch no dem Ghetto Izbica geklommen an huet seng Fra Gertrud a Kanner zu Déifferdeng gelooss. D'Isabelle an de Joseph goufen zu Belzec ëmbruecht.
12, Avenue de la Liberté   49° 31’ 25.13’’ N
      05° 53’ 20.19’’ O
28. Oktober 2014
Gustav Wolff geb. 26. Mäerz 1887; gest. 1943 zu Auschwitz
De Gustave Wolf hat op där Adress säi Geschäft d'"Maison Moderne", dat en 1938 vum Émile Lazard iwwerholl hat. De Gustave Wolf gouf de 6. Juni 1943 a Frankräich verhaft an an d'Internéierungslager zu Drancy bei Paräis verschleeft. Vun do koum hien am November mam "63. Ostransport" op Auschwitz wou hien ëmbruecht gouf.
30, Avenue de la Liberté   49° 31’ 27.46’’ N
      05° 53’ 22.91’’ O
28. Oktober 2014
Jakob Joseph Finkelstein geb. 3. Abrëll 1904; gest. Mee 1942 zu Chełmno
Op Nummer 33, rue Émile Mark hat de Jakob Finkelstein e Coifferssalon. Hei huet hien och gewunnt, zesumme mat senger Mamm Esther, senger Fra Perla a senge Kanner Rachel a Julius. Déi ganz Famill koum de 16. Oktober 1941 am éischten "Osttransport" an de Ghetto op Łódź (Litzmannstadt). D'Groussmamm Esther huet de Ghetto net iwwerlieft, de Rescht vun der Famill gouf am Mee 1942 am Vernichtungslager Chełmno ëmbruecht.
33, rue Emile Mark   49° 31’ 22.3’’ N
      05° 53’ 22.2’’ O
28. Oktober 2014
Esther Rosa Finkelstein geb.Schutzmann geb. 12. Juli 1866 ; gest. 16.4.1942 zu Łódź
33, rue Emile Mark   49° 31’ 22.3’’ N
      05° 53’ 22.2’’ O
28. Oktober 2014
Perla Finkelstein geb. Langwajz geb. 12. November 1903; gest. Mee 1942 zu Chełmno
33, rue Emile Mark   49° 31’ 22.3’’ N
      05° 53’ 22.2’’ O
28. Oktober 2014
Julius Isidor Finkelstein geb. 13. Mäerz 1935; gest. Mee 1942 zu Chełmno
33, rue Emile Mark   49° 31’ 22.3’’ N
      05° 53’ 22.2’’ O
28. Oktober 2014
Rachel Roma Finkelstein geb. 1. Januar 1932 ; gest. Mee 1942 zu Chełmno
33, rue Emile Mark   49° 31’ 22.3’’ N
      05° 53’ 22.2’’ O
28. Oktober 2014
Hélène Salomon geb. Wolff geb. 12. Juni 1875 ; gest. September 1943 zu Auschwitz
D'Hélène Salomon huet bis den 28. Juli 1942 op Nummer 25, rue Michel-Rodange zu Déifferdeng gewunnt. Du gouf déi 67 Joer al Fra op Terezín (Theresienstadt) an d'Konzentratiounslager deportéiert, wou si ënner schreckleche Konditiounen iwwer ee Joer iwwerlieft huet. Schliisslech gouf si am September 1943 op Auschwitz transferéiert an do vergaast.
25, rue Michel Rodange   49° 31’ 27.1’’ N
      05° 53’ 27.3’’ O
28. Oktober 2014
Girsch ("Gerson") Aronow geb. 2. Februar 1888 a Russland; gest. Abrëll 1943 am Ghetto zu Łódź
De Gerson (Girsch) Aronow hat no der Russescher Revolutioun vun 1917 säi Land verlooss. Mat senger Fra Sophie Hertz hu si op der haiteger 42, rue J.-F- Kennedy 1937 d'"Confiserie de la Place du Marché" opgemaach. D'Koppel gouf de 16. Oktober 1941 mam éischten "Osttransport" an de Ghetto op Łódź (Litzmannstadt) verschleeft. Do goufe se warscheinlech getrennt. De Gerson dierft nach bis an den Abrëll 1943 am Ghetto zu Łódź aarmséileg iwwerlieft hunn.
42, rue J. F. Kennedy   49° 31’ 21.2’’ N
      05° 53’ 13.6’’ O
28. Oktober 2014
Sophie Aronow geb. Herz geb. 11. Juli 1897 zu Miedernach; gest. Oktober 1942 zu Chełmno
D'Sophie Hertz war vu Miedernach, wou seng Famill sech schonn am 19. Joerhonnert néiergelooss hat. 1937 huet si mat hirem Mann Gerson Aronow d'"Confiserie de la Place du Marché" opgemaach. D'Koppel gouf de 16. Oktober 1941 mam éischten "Osttransport" an de Ghetto op Łódź (Litzmannstadt) verschleeft. Do goufe se warscheinlech getrennt: d'Sophie koum am Fréijoer 1942 an d'Vernichtungslager zu Chełmno wou se am September 1942 ëmbruecht gouf.
42, rue J. F. Kennedy   49° 31’ 21.2’’ N
      05° 53’ 13.6’’ O
28. Oktober 2014
Isidor Lazard geb. 26. Oktober 1884; gest. November 1942 zu Auschwitz
Den Isidor Lazard war, wéi säi Brudder Sigismond, Véihändler a Metzler. Se hunn an der Rue Saint-Nicolas gewunnt. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet d'Famill zu Poitiers gelieft. 1942 gouf hien, zesumme mat Brudder a Schwéiesch an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt vergaast goufen.
11, rue Saint Nicolas   49° 31’ 19’’ N
      05° 53’ 14.2’’ O
28. Oktober 2014
Sigismond Lazard geb. 17. November 1886; gest. November 1942 Auschwitz
De Sigismond Lazard war, wéi säi Brudder Isidor, Véihändler a Metzler. Se hunn an der Rue Saint-Nicolas gewunnt. De Sigismond war mat der Berthe Mayer bestuet, si haten eng Duechter, d'Renée. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet d'Famill zu Poitiers gelieft. 1942 gouf hien, zesumme mat Fra a Brudder, an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt vergaast goufen.
11, rue Saint Nicolas   49° 31’ 19’’ N
      05° 53’ 14.2’’ O
28. Oktober 2014
Berthe Lazard geg. Mayer geb. 11. Januar 1902; gest. November 1942 zu Auschwitz
D'Berte LaZard-Mayer war d'Fra vum Sigismond Lazard, si haten eng Duechter, d'Renée. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet d'Famill zu Poitiers gelieft. 1942 gouf si, zesumme mat Mann a Schwoer an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt vergaast goufen.
11, rue Saint Nicolas   49° 31’ 19’’ N
      05° 53’ 14.2’’ O
28. Oktober 2014
Renée Jeanne Lazard geb. 6. Mee 1928; gest. 14. Januar 1942 zu Poitiers
D'Renée Latard, Renéechen genannt, war d'Duechter vum Sigismond Lazard a senger Fra Berthe Mayer. Hatt ass am Januar 1942 am Alter vun 13 Joer am Exil zu Poitiers un enger Blinddarmentzündung gestuerwen.
11, rue Saint Nicolas   49° 31’ 19’’ N
      05° 53’ 14.2’’ O
28. Oktober 2014
Christine Lehmann geb. 18. Dezember 1920; gest. Auschwitz
D'Christine Lehmann gouf den 29. Juli 1943 op Auschwitz verschleeft, wou si den 28. Mäerz 1944 ëmkoum. Och hir zwéi kleng Bouwen, den Egon an de Robert, goufen do ëmbruecht.
18, rue du Verger   49° 32’ 01’’ N
      05° 53’ 29.7’’ O
5. November 2015
Egon Karl Lehmann geb. 1. Januar 1939; gest. Auschwitz
Den Egon Karl Lehmann war der Christine Lehmann hire Jong.Hie gouf mat sengem Bridderche Robert de 7. Mäerz 1944 an d'"Zigeunerlager" op Auschwitz wou en d'Nummer Z-9319 krut. Seng Spuer verleeft sech do, 't ass awer kaum unzehuelen, datt hien iwwerlieft huet.
18, rue du Verger   49° 32’ 01’’ N
      05° 53’ 29.7’’ O
5. November 2015
Robert Georg Lehmann geb. 24. Mäerz 1942; gest. Abrëll 1944 Auschwitz
De Robert Georg Lehmann war der Christine Lehmann hire Jong. Hie koum de 7. Mäerz 1944 mat sengem Brudder Egon an d'"Zigeunerlager" op Auschwitz, wou en d'Nummer Z-9320 krut. Hien ass do ee Mount drop gestuerwen.
18, rue du Verger   49° 32’ 01’’ N
      05° 53’ 29.7’’ O
5. November 2015
Salomon Bornstein geb. 5. Juni 1896; gest. 21. Mee 1940 Wolz.
De Salomon Bornstein war Aarbechter op der HADIR. Hie stierft den 21. Mee 1940 an der Evakuatioun zu Wolz.
96 Avenue Charlotte   49° 31’ 04.765’’ N
      05° 53’ 23.89’’ O
5. November 2015
Golda Bornstein, geb. Furleiser geb. 23. August 1896; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Golda Furleiser war d'Fra vum Salomon Bornstein, deen am Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz gestuerwen ass, soudatt si ewell eleng an ouni Akommes mat den dräi Kanner Dina (gebuer 1924), Esther (gebuer 1926) a Rachmil (gebuer 1935) do stoung. De 16. Oktober 1941 goufe se alle véier mat deem éischten Deportatiounszuch dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte   49° 31’ 04.76’’ N
      05° 53’ 23.89’’ O
5. November 2015
Rachmil Bornstein geb. 28. September 1935; gest. Mee 1942 zu Chełmo
De Rachmil Bornstein war d'Kand vun der Golda Furleiser an dem Salomon Bornstein. De Papp ass am Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz gestuerwen. Zesumme mat senge Schwësteren Dina (gebuer 1924) an Esther (gebuer 1926) goufen si mat hirer Mamm de 16. Oktober 1941 mat deem éischten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte   49° 31’ 04.76’’ N
      05° 53’ 23.89’’ O
5. November 2015
Dina Bornstein geb. 03. August 1924; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Dina Bornstein war d'Kand vun der Golda Furleiser an dem Salomon Bornstein. De Papp ass am Mee 1940 an der Evakuatioun zu Wolz gestuerwen. Zesumme mat senge Gesëschter Rachmil (gebuer 1935) an Esther (gebuer 1926) goufen si mat hirer Mamm de 16. Oktober 1941 mat deem éischten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte   49° 31’ 04.76’’ N
      05° 53’ 23.89’’ O
5. November 2015
Esther Bornstein geb. 2. Februar 1926; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Esther Bornstein war d'Kand vun der Golda Furleiser an dem Salomon Bornstein. De Papp ass am Mee 1940 an der Evakuatioun zu Wolz gestuerwen. Zesumme mat senge Gesëschter Rachmil (gebuer 1935) an Dina (gebuer 1924) goufen si mat hirer Mamm de 16. Oktober 1941 mat deem éischten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96, Avenue Charlotte   49° 31’ 04.76’’ N
      05° 53’ 23.89’’ O
5. November 2015
Feige Bella Furleiser, geb. Vogelbaum geb. 14. Juli 1864; gest. Mee 1942 op der Pafemillen
D'Bella Furleiser, geb. Vogelbaum war d'Mamm vun der Golda Furleiser an huet zu Déifferdeng am Stot vun der Famill Bornstein gelieft. Wéi Déifferdeng nom Däitschen Iwwerfall am Mee 1940 evakuéiert gouf, konnt si duerch een Dokteschattest am Spidol zu Déifferdeng bleiwen a war um Enn déi leschte Jiddin zu Déifferdeng, bis si am Juli 1942 op d'Pafemillen verschleeft gouf an do den 8. Dezember 1942 gestuerwen ass.
96, Avenue Charlotte   49° 31’ 04.76’’ N
      05° 53’ 23.89’’ O
5. November 2015
Georges Cahen geb. 6. Juli 1883 zu Lëtzebuerg; gest. Mee 1942 zu Chełmo
De Georges Cahen war Schlässer. Zesumme mat senger Fra Thérèse Isaak vun Düsseldorf huet hien an der Wisestrooss gewunnt. De 16. Oktober 1941 goufen déi béid an de Getto op Łódź (Litzmannstadt) deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
8, rue des Prés   49° 31’ 28.77’’ N
      05° 53’ 28.14’’ O
5. November 2015
Theresia "Thérèse" Cahen, geb. Isaak geb. 14. Mäerz 1890 zu Düsseldorf; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Theresia (Thérèse) Isaak ass zu Düsseldorf gebuer an huet no hirem Bestietnes mat hirem Mann Georges Cahen an der Wisestrooss gewunnt. De 16. Oktober 1941 goufen déi béid an de Getto op Łódź (Litzmannstadt) deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
8, rue des Prés   49° 31’ 28.77’’ N
      05° 53’ 28.14’’ O
5. November 2015
Émile Goldmann geb. 4. Juli 1922 ; huet iwwerlieft
Beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flücht d'Famill Goldmann-Taler a Süd-Frankräich. Den Émile, hire Jong geet 1942 an de Maquis wou en ë. a. u Sabotageaktioune géint däitsch Kommunikatiounsariichtunge bedeelegt ass. Beim Versuch d'Alliéiert Truppen an England ze erreechen, gëtt hien an de Pyrenäe gepëtzt an no Däitschland verschleeft. Hien iwwerlieft verschidden Aarbechts- a Konzentratiounslager a kënnt 1944 op Auschwitz. Do gëtt hien de 27. Januar 1945 vun der Rouder Arméi befreit. Den Émile Goldmann ass deen eenzegen Déifferdenger Judd deen e Vernichtungslager iwwerlieft huet.
20, rue Dalscheidt   49° 30’ 29.9’’ N
      05° 53’ 36.66’’ O
5. November 2015
Alfred Kaufmann geb. 28. Dezember 1895; gest. Auschwitz
Den Alfred Kaufmann, vu Beruff Véihändler, kënnt am Januar 1939 mat senger Fra Caroline, geb. Bonem, a senger Duechter Rosel, op Déifferdeng, wou se an der Famill vu sengem Schwoer Levy-Bonem opgeholl ginn. Si hu missen hir Heemecht zu Winnenden bei Stuttgart verloossen nodeems en "Arier" sech hir Wunneng ënner den Nol gerappt hat an dem Alfred Kaufmann mam Aarbechtslager gedreet gouf, sollt hien net stante pede Däitschland verloossen. D'Friemepolice zu Lëtzebuerg ass net grad begeeschtert iwwer hir Demande sech hei néierzeloossen, a verlaangt mol gläich eng Bankgarantie vun 104.000,- Frang. Dem Alfred Kaufmann seng Demande fir e klenge Bauerenhaff ze pachte gëtt vum Ministère de la justice refuséiert. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, flücht d'Famill a Südfrankräich wou se ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vun Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.
3, rue de Hussigny   49° 31’ 12.4’’ N
      05° 52’ 56.1’’ O
5. November 2015
Caroline Kaufmann, geb. Bonem geb. 16. Mäerz 1899; gest. Auschwitz
D'Caroline Kaufmann kënnt am Januar 1939 mat hirem Mann, dem Véihändler Alfred Kaufmann, an hirer Duechter Rosel, Joergang 1927, op d'Déifferdeng, wou hien an der Famill vu sengem Schwoer Levy-Bonem opgeholl gëtt. Si hu missen hir Heemecht zu Winnenden bei Stuttgart verloossen, nodeems en "Arier" sech hir Wunneng ënner den Nol gerappt hat an dem Alfred Kaufmann mam Aarbechtslager gedreet gouf, sollt hien net stante pede Däitschland verloossen. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, flücht d'Famill a Südfrankräich wou se ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vu Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.
3, rue de Hussigny   49° 31’ 12.4’’ N
      05° 52’ 56.1’’ O
5. November 2015
Rosel Kaufmann geb. 8. Abrëll 1927 ; gest. Auschwitz
D'Rosel Kaufmann war d'Duechter vun der Koppel Caroline an Alfrd Kaufmann-Bonem. Mat hiren Elteren ass si den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, a Südfrankräich geflücht, wou d'Famill ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vu Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.
3, rue de Hussigny   49° 31’ 12.4’’ N
      05° 52’ 56.1’’ O
5. November 2015
David Lieber Fenechel geb. 24. September 1901 a Polen; gest. Auschwitz
De Schonghändler David Fenechel huet mat senger Fra Nicha Stockmann an hirer gemeinsamer Duechter Malvy zënter 1931 an der Wierkstrooss (haut Rue Michel-Rodange) gewunnt. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, goufe si a Frankräich evakuéiert. Am September 1942 zu Herment am Puy-de-Dôme verhaft, gouf d'ganz Famill iwwer d'Sammellager Drancy op Auschwitz deportéiert, wou d'Fra an d'Kand am September 1942 direkt no der Arrivée vergaast goufen. Och den David Fenechel huet Auschwitz net iwwerlieft.
41, rue Michel-Rodange   49° 31’ 24.27’’ N
      05° 53’ 27.97’’ O
5. November 2015
Nicha Fenechel, geb. Stockmann. geb. 30. Oktober 1903 a Polen ; gest. September 1942 zu Auschwitz
D'Nicha Fenechel, geb. Stockmann, war d'Fra vum Schonghändler David Fenechel. Si haten eng Duechter, d'Malvy. D'Famill koum 1931 op Déifferdeng, wou s'an der Wierkstrooss (haut Rue Michel-Rodange) gewunnt hunn. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, goufe si a Frankräich evakuéiert. Am September 1942 gouf d'ganz Famill zu Herment am Puy-de-Dôme verhaft an iwwer d'Sammellager Drancy op Auschwitz deportéiert, wou d'Nicha Fenechel, grad wéi hir Duechter, am September 1942 direkt no der Arrivée vergaast goufen. Och den David Fenechel huet Auschwitz net iwwerlieft.
41, rue Michel-Rodange   49° 31’ 24.27’’ N
      05° 53’ 27.97’’ O
5. November 2015
Malvy Fenechel geb. 7. Juni 1932 zu Tréier ; gest. September 1942 zu Auschwitz
D'Malvy Fenechel war d'Duechter vun der Nicha Fenechel, geb. Stockmann an hirem Mann, dem Schonghändler David Fenechel. D'Famill huet zu Déifferdeng an der Wierkstrooss (haut Rue Michel-Rodange) gewunnt. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, goufe si a Frankräich evakuéiert. Am September 1942 gouf d'ganz Famill zu Herment am Puy-de-Dôme verhaft an iwwer d'Sammellager Drancy op Auschwitz deportéiert, wou d'Malvy Fenechel, grad wéi hir Mamm, am September 1942 direkt no der Arrivée vergaast goufen. Och hire Papp David Fenechel huet Auschwitz net iwwerlieft.
41, rue Michel-Rodange   49° 31’ 24.27’’ N
      05° 53’ 27.97’’ O
5. November 2015
Michel Levy geb. 6. Abrëll 1889 ; gest. Auschwitz
De Michel Levy war Véihändler. Hie war 9 Méint op der Pafemillen internéiert a gouf den 12. Juli 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht.
96, rue Dicks-Lentz   49° 31’ 07.44’’ N
      05° 53’ 45.75’’ O
5. November 2015
Berthe Levy, geb. Bonem geb. 25. Juni 1900 ; gest. Auschwitz
D'Berthe Levy war d'Fra vum Véihändler Michel Levy. Si war 9 Méint op der Pafemillen internéiert a gouf den 12. Juli 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht.
96, rue Dicks-Lentz   49° 31’ 07.44’’ N
      05° 53’ 45.75’’ O
5. November 2015
Roger Levy geb. 21. Mäerz 1926 ; gest. Auschwitz
De Roger Levy war de Jong vun der Berthe Levy, geb, Bonem an dem Michel Levy. Hie war mat sengen Eltere 9 Méint op der Pafemillen internéiert a gouf den 12. Juli 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht.
96, rue Dicks-Lentz   49° 31’ 07.44’’ N
      05° 53’ 45.75’’ O
5. November 2015
Alfons Goldschmidt geb. 25. Mäerz 1906 zu Hannover; gest. 1943 zu Sobibór
Den Alfons Golschmidt vun Hannover fënnt, zesumme mat senger Fra Erna, gebueren Hollstein, a senger Duechter Marlene, am Juni 1939 Refuge bei sengem Brudder Karl zu Déifferdeng, deen do an der Rue du Parc Gerlache zesumme mat senger Fra Alma, gebuere Polak, a senger Duechter Ellen wunnt. Nom Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flüchten déi zwou Famillen op Paräis, wou sech hir Weeër trennen. D'Erna Goldschmidt, déi evangeelesch ass, decidéiert mat hirer Duechter zeréck op Déifferdeng an d'Wunneng vum Schwoer ze zéien. Och d'Alma iwwerlieft den Holocaust. Am Géigesaz zu hirer Famill hunn d'Bridder de Krich net iwwerlieft. Den Alfons Goldschmidt gëtt de 4. Mäerz 1943 bei enger Razzia festgeholl an op Drancy iwwerféiert. Vun do gëtt hien op Majdanek deportéiert a gëtt 1943 zu Sobibór ëmbruecht.
17 rue de la Grève nationale   49° 31’ 26.02’’ N
      05° 53’ 21.27’’ O
5. November 2015
Karl Goldschmidt geb. 14. Januar 1900 zu Hannover; gest. 1942 Auschwitz
De Karl Goldschmidt huet an der Rue du Parc Gerlache zesumme mat senger Fra Alma, gebuere Polak, a senger Duechter Ellen gewunnt. Nom Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flüchten si zesumme mat der Famill vu sengem Brudder Alfons, déi 1939 aus Däitschland bei him ënnerkomm waren, op Paräis, wou sech hir Weeër trennen. D'Alma an d'Ellen iwwerliewen den Holocaust. De Karl Goldschmidt gëtt de 26. August 1942 bei enger Razzia festgeholl an op Drancy iwwerféiert. Hie gëtt vun do op Auschwitz deportéiert, wou en ëmbruecht gëtt.
17 rue de la Grève nationale   49° 31’ 26.02’’ N
      05° 53’ 21.27’’ O
5. November 2015


Commons: Stolpersteng zu Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
An der Uelzechtstrooss, fir d'Famill Freymann.

Esch-Uelzecht änneren

Zu Esch-Uelzecht goufen den 22. Oktober 2013 14 "Stolpersteine" vum Gunter Demnig, virun den Haiser vun den Affer, wou si fir d'lescht gewunnt hunn, geluecht. Den 23. Abrëll 2021 koumen der nach en Kéier 17 bäi.[4] Wéinst de Restriktiounen an der Covid-19-Pandemie konnt den Demnig déi Kéier net derbäi sinn.

Déi meescht vun den Escher Stolpersteng erënneren un Affer vun der Shoah[5], ma och aner Nazi-Affer, déi hiert Engagement mat hirem Liewe bezuelen hu missen, goufen esou geéiert.[4]

Virum Zweete Weltkrich hu ronn 380 Judden zu Esch gelieft. Wann och zwee Drëttel vun hinne virun den Nazie flüchte konnten, sou sinn der awer iwwer 100 deportéiert ginn. Nëmmen dräi vun deenen hunn iwwerlieft.[6]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Léon Adler geb. 1886 a Polen; gest. Aug 1942 (?) Auschwitz
De Léon Adler a seng Fra Léonie Einhorn hu sech virum Eischte Weltkrich zu Esch niddergelooss. Si krute 6 Kanner. Zu Esch hu s'e Schongbuttek opgemaach, deen 1929 an d'Brillstrooss verluecht gouf. D'Famill Adler ass no der Evakuatioun, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich bliwwen. D'Geschäft gouf confisquéiert. Si hunn zu Signac (Hérault) an zu Amiens gelieft. De Léon Adler koum 1942 mam Transport Nr. 21 vun Drancy op Auschwitz, wou en ëmbruecht gouf, grad esou wéi säi Jong Léon Mar a seng Duechter Irma (kuckt ënnen).[7]
Brillstrooss 38   49° 29’ 29.9’’ N
      05° 58’ 42.6’’ O
22. Oktober 2013.
Léon Marc Adler geb. 1911 ; gest. August 1942 Auschwitz
De Léon Marc Adler war de Jong vum Léon Adler a seng Fra Léonie Einhorn. Vun 1931 un huet hien zu Paräis fir Ingenieur studéiert. Hien huet dono ë. a. zu Amiens gelieft. De Léon Marc Adler koum 1942 zesumme mat sengem Papp mam Transport Nr. 21 vun Drancy op Auschwitz, wou en ëmbruecht gouf.[7]
Brillstrooss 38   49° 29’ 29.9’’ N
      05° 58’ 42.6’’ O
22. Oktober 2013.
Maria Helena "Irma" Adler geb. 1915 ; gest. Auschwitz
D'Maria Helena genannt Irma Adler war d'Duechter vum Léon Adler a seng Fra Léonie Einhorn. Si ass mat hirer Famill no der Evakuatioun, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich bliwwen. Si hunn zu Signac (Hérault) an zu Amiens gelieft. Der Irma Adler hir Spuer verléiert sech do; warscheinlech gouf se mat hirem Papp an hirem Brudder op Auschwitz deportéiert. Si huet de Krich net iwwerlieft.[7]
Brillstrooss 38   49° 29’ 29.9’’ N
      05° 58’ 42.6’’ O
22. Oktober 2013.
Ferdinand Cahen geb. 26. Abrëll 1888 zu Iewerleng ; gest. 27. Abrëll 1944 zu Auschwitz
De Ferdinand Cahen war mat der Lucie Kahn bestuet. Si haten ee Jong, deen 1926 gebuer ass. Hien hat fir d'éischt e Lieder- a Sportartikelbuttek zu Déifferdeng, ier e sech den 3. Oktober 1924 zu Esch néiergelooss huet, wou en och e Geschäft geleet huet. Nom däitschen Iwwerfall gouf hie mat senger Famill op Saint-Léonard-de-Noblat evakuéiert, wou hien op engem Bauerenhaff geschafft huet. De 17. November 1943 gouf hie verhaft an an d'Gefaangelager Drancy bruecht. Vun do gouf hie mam Transport Nr.64 op Auschwitz bruecht, wou en de 27. Abrëll 1944 gestuerwen ass. Seng Fra a säi Jong sinn nom Krich op Esch zeréckgaangen an hunn d'Geschäft nees opgebaut.[7]
Avenue de la Gare 24   49° 29’ 40.0’’ N
      05° 58’ 58.9’’ O
22. Oktober 2013.
Julien Cerf geb. 24. Abrëll 1897 zu Esch/Uelzecht ; gest. 7. Abrëll 1944 zu Auschwitz
De Julien Cerf war mat der Camille Bonem bestuet, si kruten zwéi Jongen, de Georges an de Paul Cerf. Op Nr 57 an der Uelzechtstrooss hat hien e Geschäft, an en huet och d'Comptabilitéit vu sengem Brudder sengem Kleederbuttek Maison Sylvain gemaach. Nom däitschen Iwwerfall gouf hie mat senger Famill op Montpellier evakuéiert. Hien huet sech do der Resistenz ugeschloss. Seng Grupp gouf vun engem Marcel Reuter verroden an de Julien Cerf gouf de 17. Dezember 1943 an d'Gefaangenelager Drancy bruecht. Vun do gouf hie mam Transport Nr.63 op Auschwitz bruecht, wou en de 7. Abrëll 1944 gestuerwen ass[7]
Uelzechtstrooss 57   49° 29’ 39.4’’ N
      05° 58’ 55.8’’ O
22. Oktober 2013.
Frieda Freymann geb. Gallar geb. 18. Mäerz 1890 Warschau ; gest. 28. September 11942 Auschwitz
D'Frieda Freymann-Gallar war d'Fra vum Abraham Freymann. Zesumme si si 1911 op Lëtzebuerg komm an 1924 op Esch wunne gaangen, wou s'um Eck Dicks- an Uelzechtstrooss e Geschäft, d'Freymanns Verkaufshalle opgemaach hunn. 1932 huet den Abraham wéinst enger Faillite frauduleuse missen d'Land verloossen. D'Frieda ass mat hire 5 Kanner zu Esch bliwwen an huet d'Geschäft zesumme mat hirer Duechter Rose, déi 1914 zu Hollerech gebuer gouf, weidergefouert. D'Frieda Freymann ass no der Evakuatioun, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich, zu Bouliac (Gironde), bliwwen. Ier se festgeholl gouf, gouf se vun hire jéngste Kanner Minna Sara an Heinrich getrennt. Den 23. September 1942 gouf si iwwer Drancy mam Transport Nr.36 op Auschwitz bruecht, wou se den 28. September 1942 vergaast gouf.[7]
Uelzechtstrooss 119   49° 29’ 34.4’’ N
      05° 58’ 43.6’’ O
22. Oktober 2013.
Heinrich Freymann geb. 20. Februar 1927 zu Esch-Uelzecht ; gest. Juli 1942 Auschwitz
Den Heinrich Freymann war dat jéngste Kand vum Abraham a vun der Frieda Freymann-Gallar. No der Evakuatioun vun Esch, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich, gouf hie mat senge Gesëschter vu senger Mamm getrennt. Mat senger Schwëster Minna huet hien zu Saint-Sauvant (Vienne) an zu Angers gelieft. Déi zwee sinn ënner den 824 Judde, déi de 15.-20. Juli 1942 am Departement Maine-et-Loire an an Ostfrankräich verhaft goufen. Den 20. Juli goufe si mam Transport Nr.8 vun Angers op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[7]
Uelzechtstrooss 119   49° 29’ 34.4’’ N
      05° 58’ 43.6’’ O
22. Oktober 2013.
Sara Minna Freymann geb. 16. Juli 1925 zu Esch-Uelzecht ; gest. Juli 1942 Auschwitz
D'Sarah Minna Freymann war dat zweetjéngst Kand vum Abraham a vun der Frieda Freymann-Gallar. No der Evakuatioun vun Esch, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich, gouf hatt mat senge Gesëschter vu senger Mamm getrennt. Mat sengem Brudder Heinrich huet hatt zu Saint Sauvant (Vienne) an Angers gelieft. Déi zwee sinn ënner den 824 Judde, déi de 15.-20. Juli 1942 am Departement Maine-et-Loire an an Ostfrankräich verhaft goufen. Den 20. Juli goufe si mam Transport Nr.8 vun Angers op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[7]
Uelzechtstrooss 119   49° 29’ 34.4’’ N
      05° 58’ 43.6’’ O
22. Oktober 2013.
Léopold Nathan geb. 6. September 1884 zu Dippech ; gest. November 1942 Auschwitz
De Léopold Nathan ass ee vun de 5 Jonge vum Véihändler Michel Nathan a senger Fra Rosa Herz vun Dippech. 1907 huet hie sech mat der Agathe Moyse bestuet. 1918 huet hien zu Esch an der Neistrooss (haut Liberatiounsstrooss) etaléiert, wou hie mat Päerd gehandelt huet. Nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, gouf hie mat senger Famill, sou wéi och seng zwéi Bridder mat hire Famillen, a Südfrankräich evakuéiert. Si hu sech do zu Verteuil an der Charente niddergelooss. Nodeems se vun engem Dokter Viguier verrode gi waren, goufen déi 9 Familljememberen den 28. Oktober 1942 vun der Gendarmerie verhaft an an den Deeg dono iwwer Drancy mam Transport Nr.40 op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[7]
Liberatiounsstrooss 8   49° 29’ 35.4’’ N
      05° 58’ 55.1’’ O
22. Oktober 2013.
Agathe Nathan-Moyse geb. 1895 (?); gest. November 1942 Auschwitz
D'Agathe Nathan-Moyse, gebuer 1895 (? - sou steet um Steen, ma da wier se mat 12 Joer bestuet ginn) zu Verny (Moselle) war zënter dem 26. Dezember 1907 d'Fra vum Päerdshändler Léopold Nathan. Nom däitschen Iwwerfall gouf si mat hirer Famill, sou wéi och der Famill vu hire Schweeër, a Südfrankräich evakuéiert. Si hu sech do zu Verteuil an der Charente niddergelooss. Nodeems se vun engem Dokter Viguier verrode gi waren, goufen déi 9 Familljememberen den 28. Oktober 1942 vun der Gendarmerie verhaft an an den Deeg dono iwwer Drancy mam Transport Nr.40 op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[7]
Liberatiounsstrooss 8   49° 29’ 35.4’’ N
      05° 58’ 55.1’’ O
22. Oktober 2013.
Sylvain Roger Nathan geb. 1921 zu Esch/Uelzecht ; gest. November 1942 Auschwitz
De Sylvain Roger Nathan ass de Jong vum Päerdshändler Léopold Nathan a senger Fra Agathe Moyse. Nom däitschen Iwwerfall gouf hie mat senger Famill, sou wéi och d'Famill vu sengem Papp senge Bridder, a Südfrankräich evakuéiert. Si hu sech do zu Verteuil an der Charente niddergelooss. Nodeems se vun engem Dokter Viguier verrode gi waren, goufen déi 9 Familljememberen den 28. Oktober 1942 vun der Gendarmerie verhaft an an den Deeg dono iwwer Drancy mam Transport Nr.40 op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[7]
Liberatiounsstrooss 8   49° 29’ 35.4’’ N
      05° 58’ 55.1’’ O
22. Oktober 2013.
Karoline Wachenheimer geb. Dreifuss geb. 10. Juli 1860 zu Schmieheim (Baden); gest. 9. Abrëll 1943 zu Theresienstadt
D'Karoline Wachenheimer-Dreifuss ass d'Wittfra vum Moses Wacheheimer a Mamm vun der Sophie Wachenheimer, sou wéi och vun der Ida Wachenheimer an der Thekla (genannt Dora), der Fra vum Eugen Marx. Den 29. Juni 1938 ass si virun der antisemittescher Politik an Däitschland bei hir Duechter Sophie op Esch geflücht, wou och schonn d'Ida an d'Thekla waren. D'Thekla verléisst 1939 mat hirer Duechter Ingeborg Europa a fiert op Philadelphia. Nom däitschen Iwwerall am Mee 1940, an der Evakuatioun, koum d'Karoline Wachenheimer mam Sophie a mam Ida Enn Juli 1940 zeréck op Esch. Wéi d'Sophie do hir Aarbecht verluer huet, si si Enn Oktober 1940 zesummen an d'Stad geplënnert. Den 28. Juli 1942 gouf si, mat hiren zwou Duechteren, mam Transport Nr.5 an d'Ghetto Theresienstadt bruecht. Den 23. Januar 1943 gouf si vun do, mat 2000 anere Judden, op Auschwitz transportéiert, wou se vergaast gouf, soubal se do waren.[7]
Uelzechtstrooss 23   49° 29’ 42.4’’ N
      05° 59’ 02.5’’ O
22. Oktober 2013.
Sophie Wachenheimer geb. 15. November 1885 zu Schmieheim (Baden); gest. Januar 1943 zu Auschwitz
D'Sophie Wachenheimer ass 1901 op Lëtzebuerg geplënnert, wou s'an der Stad am Geschäft Rosenstiel & Schwarz geschafft huet. Den 11. Mäerz 1921 koum si op Esch wunnen, wou se Gérante vum Rosenstiel senger Succursale gouf. Si koum no der Evakuatioun 1940, nom däitschen Iwwerall, Enn Juli 1940 zeréck op Esch, huet awer geschwënn dono, wéi d'Geschäft confisquéiert gouf, entlooss. Den 29. Oktober 1940 ass si an d'Stad geplënnert, fir d'éischt an d'Lonkecher Strooss 59, dono an de Millewee 80. Den 28. Juli 1942 gouf si mam Transport Nr.5 an d'Ghetto Theresienstadt bruecht. Den 23. Januar 1943 gouf si vun do, mat 2000 anere Judden, op Auschwitz transportéiert, wou se vergaast gouf soubal se do waren.[7]
Uelzechtstrooss 23   49° 29’ 42.4’’ N
      05° 59’ 02.5’’ O
22. Oktober 2013.
Ida Blank geb. Wachenheimer geb. 15. Dezember 1887 zu Schmieheim (Baden); gest. 19. Januar 1943 zu Theresienstadt
D'Ida Blank, gebuer Wachenheimer huet vun hirem Mann getrennt gelieft. Si ass de 14. Juni 1939 virun der antisemittescher Politik an Däitschland geflücht bei hir Schwëster Sophie an dat vermeintlecht séchert Lëtzebuerg. Nom däitschen Iwwerall am Mee 1940, an no der Evakuatioun, koum si mam Sophie an hirer Mamm Karoline Enn Juli 1940 zeréck op Esch. Wéi d'Sophie do hir Aarbecht verluer huet, si si Enn Oktober 1940 zesummen an d'Stad geplënnert. Den 28. Juli 1942 gouf si, mat hiren zwou Duechteren, mam Transport Nr.5 an d'Ghetto Theresienstadt bruecht. Den 23. Januar 1943 gouf si vun do, mat 2000 anere Judden, op Auschwitz transportéiert, wou se vergaast gouf, soubal se do waren.[7]
Uelzechtstrooss 23   49° 29’ 42.4’’ N
      05° 59’ 02.5’’ O
22. Oktober 2013.
Arno Lukmanski geb. 1889 ; gest. Mee 1942 zu Chelmno
Den Arno Lukmanski koum 1921 mat senger Fra Frieda a sengen dräi Kanner Claire, Henri a Jeanne op Esch wunnen, wou en e Molerbuttek hat. D'Koppel an hir jéngst Duechter Jeanne ginn am Mee 1940 no Frankräich evakuéiert, a koumen dono, trotz Verbuet, op Lëtzebuerg zeréck. De 16. Oktober 1941 ginn déi 3 op Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast.[4]
Brillstrooss 88   49° 29’ 37.6’’ N
      05° 58’ 33.3’’ O
24. Abrëll 2021.
Frieda Lukmanski-Lebenstein geb. 1888 ; gest. Mee 1942 zu Chelmno
D'Frieda Lukmanski, gebuer Lebenstein koum 1921 mat hirem Mann Arno a hiren dräi Kanner Claire, Henri a Jeanne op Esch wunnen, wou den Arno e Molerbuttek hat. D'Koppel an hir jéngst Duechter Jeanne ginn am Mee 1940 no Frankräich evakuéiert, a koumen dono, trotz Verbuet, op Lëtzebuerg zeréck. De 16. Oktober 1941 ginn déi 3 op Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast.[4]
Brillstrooss 88   49° 29’ 37.6’’ N
      05° 58’ 33.3’’ O
24. Abrëll 2021.
Jeanne Lukmanski geb. 1920 ; gest. Mee 1942 zu Chelmno
D'Jeanne Lukmanski war d'Duechter vum Arno an der Frieda Lukmanski. Si war Coiffeuse. Am Mee 1940 gouf si zesumme mat hiren Elteren no Frankräich evakuéiert; si koumen dono, trotz Verbuet, op Lëtzebuerg zeréck. De 16. Oktober 1941 gëtt se mat hiren Elteren op Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast.[4]
Brillstrooss 88   49° 29’ 37.6’’ N
      05° 58’ 33.3’’ O
24. Abrëll 2021.
Heinrich Nussbaum geb. 1903 zu Kyllburg ; gest. September 1942 zu Auschwitz
Den Heinrich Nussbaum war dat 3. vu 4 Kanner vum GEschäftsmann a Véihändler Hermann Nussbaum a senger Fra Helena Michel. Hien huet eng Metzleschléier gemaach. No kuerze Statiounen zu Mamer an an der Stad Lëtzebuerg koum hien am September 1928 op Esch, wou e bei sengem Konseng, dem Metzlermeeschter Vohs-Seckle geschafft huet. 1931 huet hie sech mat der Johanna Schmitz bestuet, an hir Dot vu 15.000 Frang huet et erméiglecht, datt hien d'Metzlerei op Nummer 48 an der Other Strooss (haut: Bd. J.-F. Kennedy) iwwerholl huet. Geschwënn dono huet hien d'Meeschterprüfung gemaach. 1932 koum säi Jong Bernard Marcel op d'Welt, an d'Famill ass vun der Other Strooss an d'Kuelestrooss geplënnert. Am Mee 1940 gouf d'Famill a Frankräich evakuéiert. Do koum se an d'Internéierungslager zu Gurs, a méi spéit op Frespech am Departement Lot-et-Garonne, wou de Heinrich Nussbaum als Bauer geschafft huet. Den 9. September 1942 gouf e mat Fra a Kand mam Convoi Nr. 30 vun Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt nom Ukommen ermuert goufen.[8]
43, rue des Charbons   49° 29’ 45.5’’ N
      05° 58’ 36.8’’ O
24. Abrëll 2021.
Johanna Nussbaum-Schmitz geb. 1895 zu Alflen; gest. September 1942 zu Auschwitz
D'Johanna Schmitz ass 1895 als véiert vun eelef Kanner vum Metzler Bernhard Schmitz a senger Fra Caroline Wolff op d'Welt komm. Döi lescht 10 Joer virun hirem Bestietnes mam Heinrich Nussbaum, 1931, huet si an hirem Heemechtsduerf Alflen bei Ulmen gewunnt. Dono huet si mat hirem Mann fir d'éischt an der Metzlerei op Nummer 48 an der Other Strooss, dono op 34 an der Kuelestrooss gewunnt. 1932 koum hire Jong Bernard Marcel op d'Welt, Am Mee 1940 gouf d'Famill a Frankräich evakuéiert. Do koum se an d'Internéierungslager zu Gurs, a méi spéit op Frespech am Departement Lot-et-Garonne. Den 9. September 1942 gouf se mat hirem Mann an hirem Jong mam Convoi Nr. 30 vun Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt nom Ukommen ermuert goufen.[8]
43, rue des Charbons   49° 29’ 45.5’’ N
      05° 58’ 36.8’’ O
24. Abrëll 2021.
Bernard Marcel Nussbaum geb. 1932 zu Esch-Uelzecht; gest. September 1942 zu Auschwitz
De Bernard Marcel Nussbaum war de Jong vum Metzlermeeschter Heinrich Nussbaum a senger Fra Johanna Schmitz. Am Mee 1940 gouf d'Famill a Frankräich evakuéiert. Do koum se an d'Internéierungslager zu Gurs, a méi spéit op Frespech am Departement Lot-et-Garonne. Den 9. September 1942 gouf de Marcel mat sengen Eltere mam Convoi Nr. 30 vun Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt nom Ukommen ermuert goufen.[8]
43, rue des Charbons   49° 29’ 45.5’’ N
      05° 58’ 36.8’’ O
24. Abrëll 2021.
Henri Feiner geb. 1878; gest. 6. September 1943 zu Auschwitz
Den Henri Feiner, gebuer 1878, war Aarbechter op Arbed Terres Rouges. Zesumme mat senger Fra Sophie Simon (1877) haten se zwee Kanner: d'Rosa (1913) an den Albert (1915). Den Henri an d'Sophie goufe fir d'éischt op der Pafemillen internéiert a vun do den 28. Juli 1942 op Theresienstadt deportéiert. Déi zwee goufen de 6. September 1943 zu Auschwitz ermuert.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021.
Sophie Feiner-Simon geb. 1877; gest. 6. September 1943 zu Auschwitz
D'Sophie Simon, gebuer 1877, war d'Fra vum Schmelzaarbechter Henri Feiner. Si haten zesummen zwee Kanner: d'Rosa (1913) an den Albert (1915). Den Henri an d'Sophie goufe fir d'éischt op der Pafemillen internéiert a vun do den 28. Juli 1942 op Theresienstadt deportéiert. Déi zwee goufen de 6. September 1943 zu Auschwitz ermuert.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021.
Albert Feiner geb. 1915; gest. Mee 1942 zu Chelmno
Den Albert Feiner, gebuer 1915, war de Jong vum Arno a der Sophie Feiner-Simon. Hien huet huet bei sengen Elteren an der Gelsenkirchener Strooss (haut Léon-Weirichstrooss) gewunnt. De 16. Oktober 1941 gouf hien, zesumme mat senger Sëschter Rosa Bobrowsky-Feiner, sengem Schwoer Arno Bobrowsky, deem senger Mamm Flora a senger Niëss Ruth an d'Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast. D'Ruth hat 3 Joer.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchener)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021.
Rosa Bobrowsky-Feiner geb. 19. August 1913 zu Arel; gest. Mee 1942 zu Chelmno
D'Rosa Feiner, gebuer 1913, war d'Duechter vum Henri Feiner a senger Fra Sophie Feiner-Simon. Si huet sech den 20/23. Mee 1938 mam Musikant Arno Bobrowsky (1905) bestuet. Mat hirer Duechter Ruth (1939) an dem Arno senger Mamm Flora (1883) si se aus finanzieller Nout an d'Gelsenkirchener Stross (haut Léon-Weirichstross) wunne gaangen. D'Rosa an den Arno, d'Ruth, and d'Flora, an och dem Rosa säi Brudder Albert goufen de 16. Oktober 1941 an d'Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021.
Arno Bobrowsky geb. 15. Februar 1905 zu Koenigshütte, Uewerschlesien; gest. Mee 1942 zu Chelmno
Den Arno Bobrowsky, gebuer 1905, war e Musikant. Den 20/23. Mee 1938 huet hie sech mat der Rosa Feiner bestuet. Mat hirer Duechter Ruth (1939) an dem Arno senger Mamm Flora (1883) si se aus finanzieller Nout an d'Gelsenkirchener Strooss (haut Léon-Weirichstross) bei der Rosa hir Eltere wunne gaangen. D'Rosa an den Arno, d'Ruth, an d'Flora, an och dem Rosa säi Brudder Albert goufen de 16. Oktober 1941 an d'Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021
Ruth Bobrowsky geb. 10. Februar 1939 zu Esch-Uelzecht; gest. Mee 1942 zu Chelmno
D'Ruth Bobrowsky, gebuer 1939, war d'Duechter vum Arno a der Rosa Bobrowsky-Feiner. Mat hiren Elteren an dem Arno senger Mamm Flora (1883) huet d'Famill aus finanzieller Nout an d'Gelsenkirchener Stross (haut Léon-Weirichstross) bei hirer Mamm hiren Eltere gewunnt. D'Ruth, seng Mamm Rosa, säi Papp Arno, seng Bomi Flora a säi Monni Albert goufen de 16. Oktober 1941 an d'Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast. D'Ruth hat 3 Joer.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021
Flora Bobrowsky-Markiewicz geb. 1883; gest. Mee 1942 zu Chelmno
D'Flora Bobrowsky-Markiewicz, gebuer 1883, war d'Mamm vum Museker Arno Bobrowsky. Si ass mat hirem Jong, deem senger Fra Rosa an hirem Kand Ruth bei hirer Schnauer hir Elteren an d'Gelsenkirchener Strooss (haut Léon-Weirichstross) geplënnert. D'Flora, hire Jong Arno, hir Schnauer Rosa, deenen hir Duechter Ruth and der Rosa hire Brudder Albert goufen de 16. Oktober 1941 an d'Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an am Mee 1942 zu Chelmno vergaast.[4]
49, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 53.1’’ N
      05° 58’ 32.0’’ O
24. Abrëll 2021
Tobias Schlang geb. 1902; gest. 1943 zu Majdanek
Den Tobias Schlang, gebuer 1902 a Polen, ass 1922 mat senger Fra Anna Glaser (1895) op Lëtzebuerg geplënnert, wou e bei der Arbed geschafft huet. 1930 koumen s'op Esch wunnen. Si haten 2 Kanner, d'Sophie (1922) an de Joseph ("Josy", 1924). No der Evakuatioun a Frankräich, am Mee 1940, koum d'Famill, obwuel et verbuede war, nees op Lëtzebuerg hannescht. Den Tobias an d'Anna Schlang goufe wéinst däitschfeindlecher Agitatioun festgeholl a mësshandelt. Dono gouf d'ganz Famill de 16. Oktober 1941 op Litzmannstadt deportéiert. Den Tobias gouf, grad ewéi seng Fra Anna an hir Duechter Sophie, 1943 am Vernichtungslager Majdanek ermuert.[4]
60, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 54.7’’ N
      05° 58’ 29.8’’ O
24. Abrëll 2021
Anna Schlang-Glaser geb. 1895; gest. 1943 zu Majdanek
D'Anna Glaser, gebuer 1895 a Polen, ass 1922 mat hirem Mann Tobias Schlang (1902) op Lëtzebuerg geplënnert. 1930 koumen s'op Esch wunnen. Si haten 2 Kanner, d'Sophie (1922) an de Joseph ("Josy", 1924). No der Evakuatioun a Frankräich, am Mee 1940, koum d'Famill, obwuel et verbuede war, nees op Lëtzebuerg hannescht. Der Anna Schlang-Glaser an hire Mann Tobias goufe wéinst däitschfeindlecher Agitatioun festgeholl a mësshandelt. Dono gouf d'ganz Famill de 16. Oktober 1941 op Litzmannstadt deportéiert. Den Tobias gouf, grad ewéi seng Fra Anna an hir Duechter Sophie, 1943 am Vernichtungslager Majdanek ermuert.[4]
60, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 54.7’’ N
      05° 58’ 29.8’’ O
24. Abrëll 2021.
Sophie Schlang geb. 1922; gest. 1943 zu Majdanek
D'Sophie Schlang, gebuer 1922, war d'Duechter vun der Koppel Anna an Tobias Schlang-Glaser. De 16. Oktober 1941 gouf si mat hiren Elteren an hirem Brudder Josy op Litzmannstadt deportéiert. D'Sophie Schlang gouf, grad ewéi hir Elteren, 1943 am Vernichtungslager Majdanek ermuert. Eenzeg de Josy huet dräianenhalleft Joer a verschiddene Konzentratiounslager, dorënner Auschwitz a Mauthausen, iwwerlieft.[4]   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Josy Schlang.
60, rue Léon Weirich (deemools rue Gelsenkirchen)   49° 29’ 54.7’’ N
      05° 58’ 29.8’’ O
24. Abrëll 2021.
Heinrich/Henri ("Hans") Adam geb. 23. Februar 1894 zu Anspach am Taunus; gest. 11. September 1942 zu Köln
Den Heinrich, spéider Henri, genannt Hams Adam, gebuer den 23. Februar 1894 zu Anspach am Taunus, war zanter 1912 en Aarbechter op der Schëfflenger Schmelz. Hie war aktiv als Gewerkschaftler an huet bei verschiddene Streiker matgemaach. 1933 ass e mat senger Famill vu Schëffleng op Esch geplënnert. Den 31. August 1942 war hien am Streikkommittee, dee sech forméiert hat, nodeem de Gauleiter Gustav Simon den Anzoch vun de Joergäng 1920 bis 1924 an d'Wehrmacht proklaméiert hat. Et war hien deen um 18.02 Auer d'Streiksignal ginn huet, andeems en de "Bier", Sireen op der Schmelz, tute gelooss huet. Hie gouf vun der Gestapo festgeholl an huet seng "Dot" ënner Folter zouginn. Den 10. September 1942 gouf e vun engem "Sondergericht" zum Doud verurteelt an deen Dag drop am Prisong Klingelpütz zu Köln gekäppt. [4]   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hans Adam.
61, rue Michel Rodange   49° 29’ 55.8’’ N
      05° 58’ 32.6’’ O
24. Abrëll 2021.


Commons: Stolpersteng zu Esch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Gréiweknapp änneren

Um Gréiweknapp (Gemeng Helperknapp) goufen de 4. Mäerz 2019 zwéi Stolpersteng vum Gunter Demnig geluecht.[9]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Willy Bertemes geb. 1909 ; gest. 4. September 1944 zu Aansebuerg Haaptstrooss Nr. 8   49° 45’ 43’’ N
      06° 01’ 58,6’’ O
4. Mäerz 2019
Jean Ginter geb. 1897 ; gest. 26. Februar 1945 zu Buchenwald um Bill   49° 45’ 49,8’’ N
      06° 02’ 23,3’’ O
4. Mäerz 2019

Gréiwemaacher änneren

Zu Gréiwemaacher goufen den 10. Mäerz 2017 siwe Stolpersteng vum Gunter Demnig, als Erënnerung u jiddesch Affer, déi "an den Osten" deportéiert an do ermuert goufen, geluecht.[10]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Max Bonem geb. 26. Abrëll 1893; gest. 10. Mäerz 1943 zu Sobior Rue de Luxembourg, 25   50° 02’ 11.6’’ N
      06° 04’ 38.1’’ O
10. Mäerz 2017
Raphael Cahen geb. 27. Juli 1895 zu ; gest. 1943 zu Majdanek Rue Sainte-Catherine, 38   49° 40’ 52.34’’ N
      06° 26’ 30.61’’ O
10. Mäerz 2017
Félix Hayum geb. 30. September 1893 zu ; gest. 3. Mäerz 1942 zu Łódź/Litzmannstadt Rue de Trèves, 33   49° 40’ 48.86’’ N
      06° 26’ 40.03’’ O
10. Mäerz 2017
Fernand Hayum geb. 21. Abrëll 1924 zu ; gest. 24. Mee 1942 zu Łódź/Litzmannstadt Rue de Trèves, 33   49° 40’ 48.86’’ N
      06° 26’ 40.03’’ O
10. Mäerz 2017
Oskar Hayum geb. 15. Juli 1887 zu ; gest. 1942 zu Izbica Rue de Trèves, 33   49° 40’ 48.86’’ N
      06° 26’ 40.03’’ O
10. Mäerz 2017
Siegmund Hayum geb. 6. Mäerz 1891 zu ; gest. 21. Mee 1942 zu Łódź/Litzmannstadt Rue de Trèves, 33   49° 40’ 48.86’’ N
      06° 26’ 40.03’’ O
10. Mäerz 2017
Selma Sommer-Bonem geb. 15. August 1885 zu ; gest. 1942 zu Auschwitz Grand-Rue, 19   49° 40’ 45.05’’ N
      06° 26’ 28.87’’ O
10. Mäerz 2017


Commons: Stolpersteng zu Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Iechternach änneren

De 27. Juni 2019 goufen zu Iechternach als Ofschloss vun enger Rëtsch Manifestatioune mam Theema „Judeum Epternacum – Erinnerungen an die jüdische Geschichte Echternachs“ 20 Stolpersteng geluecht[11]; den 11. Juni 2021 koumen der nach eng Kéier siwen derbäi[12].

Numm Liewensdaten[13] Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Berthe Gottlieb, geb. Callmann geb. 20. August 1878 zu xxx; gest. 1. August 1943 zu Theresienstadt
D'Spuere vun der Famill Gottlieb ginn zeréck bis op Bosen am Honsréck. Zanter dem 19. Joerhonnert huet sech dunn d'Famill zu Iechternach néiergelooss. Virum Krich huet de Joseph Gottlieb zesumme mat senger Fra Berthe, déi vun Irrel op Iechternach koum, e Café mat Hotel op der Kräizung tëschent der Rue Maximilien an der Rue de la Montagne bedriwwen. Dem Joseph seng Schwester Josephine an der Koppel hir Duechter Alma hunn am Betrib eng Hand mat ugepaakt. Nom däitschen Amarsch wollten d'Berthe an de Joseph wéinst hirem héijen Alter zu Iechternach bleiwen, obwuel déi ëmmer méi streng Oplage vun de Besatzer d'Liewe fir d'Famill ëmmer méi schwéier gemaach hunn. 1942 huet d'Famill dunn awer an d'Altersheem op Fünfbrunnen missen, wou déi verbleiwend Judde regroupéiert goufen. De 6. Abrëll ass d'Famill vun do a Richtung Theresienstadt deportéiert ginn, wou d'Berthe den 1. August 1943 ëmkoum. D'Alma an d'Josephine goufe kuerz duerno zu Auschwitz ëmbruecht. Vun der Famill huet eleng de Joseph Gottlieb iwwerlieft.
39 rue de la Montagne   49° 48’ 42.5’’ N
      06° 25’ 24.0’’ O
27. Juni 2019
Josephine Gottlieb geb. 15. Mäerz 1884 zu xxx; gest. ca. August 1943 zu Auschwitz
(kuckt d'Vita bei der Berthe Gottlieb)
39 rue de la Montagne   49° 48’ 42.5’’ N
      06° 25’ 24.0’’ O
27. Juni 2019
Alma Gottlieb geb. 23. Mäerz 1906 zu xxx; gest. ca. August 1943 zu Auschwitz
(kuckt d'Vita bei der Berthe Gottlieb)
39 rue de la Montagne   49° 48’ 42.5’’ N
      06° 25’ 24.0’’ O
27. Juni 2019
Delphine Meyer geb. 28. Abrëll 1875 zu xxx; gest. xxx zu xxx
No der Saarabstimmung, mat där 1935 d'Saarland an d'Drëtt Räich agegliddert gouf, hunn d'Geschwëster Meyer Spiesen verlooss, wou si duerch de Verkaf vun hirer Wunneng genuch Sue kruten, fir sech zu Iechternach néierzeloossen ze kënnen. Well d'Geschwëster schonn zum Zäitpunkt vun hirer Umeldung eeler waren an dowéinst no de Lëtzebuerger Autoritéiten net méi dovun auszegoe war, datt se am Grand-Duché enger Aarbecht géifen nogoen, goufen se trotz hirer relativer Aarmut an d'Land eragelooss. Vun de Geschwëster war eleng de Mathias bestuet, deen zu dësem Zäitpunkt awer scho Wittmann war. Säi Fils, den Alfred, krut 1936 eng kuerz Openthaltsgeneemegung, mee huet Iechternach 1937 erëm verlooss, fir sech a Palestina néierzeloossen. Well hir Geschwëster gesondheetlech ugeschloe waren, huet d'Delphine d'Besatzungsmuecht gebieden, d'Famill virun all Expulsioun ze verschounen. Den 28. Juli 1942 goufen se trotzdeem op Theresienstadt deportéiert, wou de Mathias 1943 ëmkomm ass. Déi verbleiwend Schwëstere goufen 1943 weider op eng onbekannt Destinatioun virun deportéiert.
24 rue de la Montagne   49° 48’ 44.3’’ N
      06° 25’ 19.6’’ O
27. Juni 2019
Flora Meyer geb. 14. Juni 1872 zu xxx; gest. xxx zu xxx
(kuckt d'Vita bei der Delphine Meyer)
24 rue de la Montagne   49° 48’ 44.3’’ N
      06° 25’ 19.6’’ O
27. Juni 2019
Rebecca Meyer geb. 28. Abrëll 1864 zu xxx; gest. xxx zu xxx
(kuckt d'Vita bei der Delphine Meyer)
24 rue de la Montagne   49° 48’ 44.3’’ N
      06° 25’ 19.6’’ O
27. Juni 2019
Mathias Meyer geb. 06. Dezember 1862 zu xxx; gest. 1943 zu Theresienstadt
(kuckt d'Vita bei der Delphine Meyer)
24 rue de la Montagne   49° 48’ 44.3’’ N
      06° 25’ 19.6’’ O
27. Juni 2019
Erna Plonsker geb. Steinberger geb. 30. Abrëll 1908 zu xxx; gest. xxx zu xxx
(kuckt d'Vita beim Herbert Plonsker)
15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Herbert Plonsker geb. 2. Januar 1898 zu xxx; gest. xxx zu xxx
Den Herbert koum 1934 vu Köln op Iechternach. Nodeem sech d'Erna Steinberger d'Joer duerno an der Abteistad niddergelooss huet, hunn déi zwee sech zu Iechternach bestuet. Vu Beruff war den Herbert Huttmécher an huet zu Iechternach eng Ustellung an der „Chappellerie Huby et frères“ kritt, wou besonnesch vill Refugiéen aus Däitschland eng Plaz fonnt hunn. Den Herbert huet et do bis op de Poste vum Expeditiounsleeder bruecht an ass berufflech virun allem an déi däitschsproocheg Belsch gereest. Am Rapport vun der Friemepolice steet, datt duerch den Herbert d'Chapellerie ugefaangen huet, och Dammenhitt ze produzéieren. 1939 sinn der Erna hir Elteren, den Adolf an d'Marianne Steinberger-Lévy, bei hirem Eedem ënnerkomm. De 16. Oktober 1941 ass d'Koppel Plonsker-Steinberger mam éischten Transport an de Ghetto vu Łódz (Litzmannstadt) deportéiert ginn. Den 28. Juli 1942 hunn den Adolf an d'Marianne Steinberger missen Iechternach a Richtung Theresienstadt verloossen, vu wou se net méi erëmkomme sollten.
15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Adolf Steinberger geb. 10. Januar .1876 zu xxx; gest. xxx zu Theresienstadt
(kuckt d'Vita beim Herbert Plonsker)
15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Marianne Steinberger geb. Levy geb. 28. Mee 1874 zu xxx; gest. xxx zu Theresienstadt
(kuckt d'Vita beim Herbert Plonsker)
15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Fanny Nussbaum geb. Israel geb. 20. Oktober 1892 zu xxx; gest. xxx zu xxx
(kuckt d'Vita beim Gustave Nussbaum)
15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Gustave Nussbaum geb. 20. Juni 1886 zu xxx; gest. xxx zu Chelmo
De Gustave Nussbaum gouf 1886 zu Malberg an der Äifel gebuer. Schonn uganks vum Joerhon­nert huet sech d'Famill zu Iechter­nach néiergelooss, wou se sech séier integréiert huet. Zanter den 1920er Joren huet de Gustave Nussbaum e klenge Café an der Abteistad bedriwwen. Zu Iechternach huet en d'Fanny Israel bestuet an 1922 ass hiert Meedche Renée op d'Welt komm. 1933 krut de Gustave d'lëtzebuergesch Natio­nalitéit accordéiert. Wärend dem Krich huet d'Famill d'Wunneng zu Iechternach verloos­se missen, well se vun de Besatzer confisquéiert gouf. Nodeem se sech fir e puer Wochen zu Steenem hu missen néierloossen, ass déi ganz Famill mam Transport vum 16. Oktober 1941 op Łódz (Litzmannstadt) deportéiert ginn. De Gustave Nussbaum huet eng Zäitlaang do als Aarbechter am Zentrallager für Eisen- und Metall geschafft. De 26. Juni 1944 gouf hien zesum­me mat sengem Meedchen an d'Ver­nichtungslager Chelmno deportéiert. D'Schicksal vum Fanny Nussbaum konnt bis haut net gekläert ginn.
15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Renée Nussbaum geb. 11. Februar 1922 zu xxx; gest. xxx zu xxx(kuckt d'Vita beim Gustave Nussbaum) 15 route de Luxembourg   49° 48’ 42.2’’ N
      06° 25’ 09.2’’ O
27. Juni 2019
Adeline Kahn geb. 19. Juni 1877 zu xxx; gest. xxx zu xxx
(kuckt d'Vita beim Max Kahn)
21 rue Maximilien   49° 48’ 48.9’’ N
      06° 25’ 00.0’’ O
27. Juni 2019
Hugo Kahn geb. 31. Dezember 1920 zu xxx; gest. xxx zu Chelmno (warscheinlech)
(kuckt d'Vita beim Max Kahn)
21 rue Maximilien   49° 48’ 48.9’’ N
      06° 25’ 00.0’’ O
27. Juni 2019
Max Kahn geb. 3. Abrëll .1877 zu xxx; gest. xxx zu xxx
D'Famill Kahn koum vun Iechternach, wou de Max schonn 1877 gebuere gouf. Zesumme mat senger Fra Adeline hat en dräi Kanner: de Sylvain, d'Rose an den Hugo. De Sylvain ass de 17. Sep­tember 1941 am Reichsautobahn Aarbechtslager zu Greimerath internéiert ginn. Déi ganz Famill koum dunn de 17. Oktober 1941 an de Ghetto op Łódz (Litzmannstadt). Vun do aus sinn si dann op Chelmno deportéiert ginn an entweeder do oder zu Auschwitz ëmbruecht ginn. Nach virun der Deportatioun huet de Max Kahn probéiert, an engem Bréif vum 14. Mee 1942 un d'Ghettoverwaltung vu Łódz, eng „Aussiidlung“ verhënneren ze kënnen. E schreift, datt hien an d'Adeline ze krank wiere fir virun transportéiert ze ginn a hir Kanner alleguerte bannent dem Ghetto eng Aarbecht fonnt hätten. Dëse Bréif ass awer ze spéit an der Ver­waltung ukomm, well de selwechten Dag sinn d'Eltere mam eelste Jong Sylvain deportéiert ginn. Iwwert d'Schicksaler vum Rose a vum Hugo ginn et keng weider Tra­cen, mee et ass unzehuelen, datt si an d'Vernichtungslager Chelmno de­portéiert gi sinn an do ëmbruecht goufen.
21 rue Maximilien   49° 48’ 48.9’’ N
      06° 25’ 00.0’’ O
27. Juni 2019
Rose Kahn geb. 27. Oktober 1914 zu xxx; gest. xxx zu Chelmno (warscheinlech)
(kuckt d'Vita beim Max Kahn)
21 rue Maximilien   49° 48’ 48.9’’ N
      06° 25’ 00.0’’ O
27. Juni 2019
Sylvain Kahn geb. 13. Mee 1911 zu xxx; gest. xxx zu xxx
(kuckt d'Vita beim Max Kahn)
21 rue Maximilien   49° 48’ 48.9’’ N
      06° 25’ 00.0’’ O
27. Juni 2019
Maurice Joseph geb. 30. Dezember 1906 zu Bollenduerf; gest. xxx zu xxx
De Maurice Joseph gouf 1906 zu Bollenduerf gebuer a war vu Beruff Polsterer. Am Juli 1934 koum en op Iechternach a krut eng Handelsermächtegung, fir am Land weiderhi schaffen ze däerfen. Zu Iechternach huet en d'Léonie Kahn bestuet, déi d'Lëtzebuerger Nationa­litéit hat. 1935 ass hir gemeinsam Duechter Jeannette op d'Welt komm. Nom däitschen Amarsch huet d'Jeannette net méi däerfen an d'Primärschoul zu Iechternach goen. De 5. Dezember 1940 gouf d'Famill vun der SS vun doheem ofgeholl an nach den Dag selwer mat engem Convoi a Frankräich expulséiert. Se si schlussendlech an d'Lager op Rivesaltes age­liwwert ginn, wou d'Léonie fir d'SS am Lager huet kache missen. No zwee Joer Openthalt ass de Maurice Enn 1942 op Auschwitz komm, wou e warschein­lech méi spéit op dem Transport vun Auschwitz op Buchenwald ëmkomm ass. D'Léonie an d'Jeannette sinn hirer­säits iwwert Gurs an d'Lager Reillanne (Basse-Alpes) komm. Si hunn de Krich iwwerlieft.
21 rue Maximilien   49° 48’ 48.9’’ N
      06° 25’ 00.0’’ O
27. Juni 2019
Pauline Mayer geb. Stern 15 rue Ermesinde   11. Juni 2021
Simon Mayer 15 rue Ermesinde   11. Juni 2021
Fanny Levy geb. Nussbaum 15 rue Ermesinde   11. Juni 2021
Berthold Kahn 2 rue du Pont   11. Juni 2021
Herbert Kerngut 2 rue du Pont   11. Juni 2021
Simon Wolf 2 rue Sainte-Irmine   11. Juni 2021
Malvine Wolf geb. Gottlieb 2 rue Sainte-Irmine   11. Juni 2021


Commons: Stolpersteng zu Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Jonglënster änneren

Den 12. September 2021 goufe 15 Stolpersteng zu Jonglënster als Undenken un Zwangsrekrutéiert, déi am Krich ëmkoumen, an un ermuerte Judde verluecht.[14] De Fait datt souwuel zwangsrekrutéiert Zaldoten, wéi och Judden e Gedenkstee gesat kruten, huet deelweis fir Kontrovers gesuergt: Membere vum Consistoire israélite hu bedauert, datt Afferkategorien ondifferenzéiert vermëscht géifen, well d'Judden net wéinst hiren Handlungen, mä eenzeg an aleng wéinst deem, wat s'an den Ae vun den Nazië waren, doutgemaach goufen. Och vu Säite vun der Associatioun MemoShoah housch et, d'Leide vu verschiddene Gemeinschaften dierft ni gläichgesat ginn. Iwwerdeems huet e Comitésmember vun der Fédération des Enrôlés de force gemengt, hie kéint net novollzéien, firwat déi eng méi Affer gewiescht wiere wéi déi aner. D'Zwangsrekrutéierung wier e Krichsverbriechen un der Lëtzebuerger Jugend gewiescht.[15],[16],[17] An der Press goufen et och vill Lieserbréiwer zu dëser Kontrovers.

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Irma Leib geb. 1903 zu Jonglënster; gest. Okt. 1944 zu Auschwitz
D'Irma Leib koum 1903 an enger jiddescher Famill zu Lënster op d'Welt. Hire Papp Moritz war Metzler. Mat 28 Joer huet si sech mam Mathias Wilhelm Vorkötter bestuet., engem däitsche Staatsbeamte vu Bochum.Vun 1937 gouf hie gedirengelt, sech vu senger Fra scheeden ze loossen, anescht géif e seng Plaz verléieren. 1940 huet d'Koppel dem Drock noginn a sech scheede geloss, an d'Irma koum hannescht op Lënster. 1941 gouf si zesumme mat hirem Papp an d'"jiddescht Altersheim" op d'Pafemillen (Cinqfontqines) bruecht. Vun do goufen s'op Theresienstadt deportéiert, an eppes méi spéit op Auschwitz, wou d'Irma Leib am Oktober 1944 vergaast gouf. De Papp Moritz huet den Holocaust iwwerlieft an ass nom Krich op Lënster hannescht gaangen.[16]
rue ... 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Berthe Rischard geb. 1881; gest. 6. Sept. 1943 zu Auschwitz
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Bernard Joseph geb. 1904; gest. 1943 zu Auschwitz
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Isidore Joseph geb. 1868; gest. 21. Juni 1943 zu Auschwitz
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Aloyse Jentges geb. ; gest.
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Michel Demoulling geb. ; gest.
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Hermann Meyers geb. 12. Dez. 1926 zu Eupen; gest. 1945 zu Berlin (?)
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Jean Ruffenach geb. 22. Nov. 1920 zu Jonglënster; gest. 1944
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Paul Weymeschkirch geb. 26. Jan. 1920 zu Jonglënster; gest. 4. Sept. 1943 zu Serdina Buda
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
René Meyers geb. 2. Abr. 1924 zu Joglënster; gest. 7. Nov. 1943 a Wäissrussland
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Jean Kieffer geb. 1923 ; gest. 1944
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Marcel Glesener geb. 1920; gest. 1944
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Robert Hinger geb. ; gest.
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
François Wehr geb. ; gest. 23. Mee 1944
De Fränz Wehr ass, wéi en hätt sollen agezu ginn, ënnergedaucht. De 14. Mee 1944 gouf everhaft, koum op Frankfurt am Main an de Prisong a gouf do den 23. Mee 1944 erschoss.
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.
Joseph Wecker geb. ; gest.
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
12. September 2021.

Munneref änneren

De 6. November 2015 huet d'Gemeng Munneref, als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess", eelef Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.[18] 18 Lokalassociatiounen hunn de Parrainage iwwerholl. Zu Munneref goufen dann och zu Lëtzebuerg, mat de Steng fir d'Marie Faber-Siebenaler an de Bernard Weber, déi éischt Stolpersteng fir Resistenzler geluecht.[19] Denn 1. Oktober 2021 goufen der eng weider 15 geluecht [Wou ?].[20]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Bernard Weber geb. 15. Oktober 1890 zu Haler; gest. 25. November 1943 zu Hinzert
De Bernard Weber huet mat senger Fra, der Louise Molitor, an der Ellenger Strooss (haut rue John-Grün) zu Munneref gewunnt. D'Koppel hat ee Jong, de Roger, gebuer de 16. Abrëll 1923, wouduerch hien zu der Altersklass gehéiert huet déi als éischt zwangsrekrutéiert gouf. Am Éischte Weltkrich huet de Bernard Weber an der franséischer Friemelegioun gekämpft, woufir hien 1922 mat der Médaille militaire ausgezeechent gouf. De Bernard Weber war ee vun de Käpp an der Munnerëffer Resistenz. Den 22. Oktober 1943 gouf hie vun der Gestapo verhaft an an de Prisong am Gronn agespaart. Vu do gouf hien den 2. November 1943 an d'KZ Hinzert verschleeft, wou hin duerch d'sadistesch Brutalitéit vun den SS-Verbriecher de 25. November 1943 ëmkomm ass. De 24. Oktober 1944, op der éischter Gemengerotssëtzung no der Liberatioun, gouf op Propositioun vun der Unio'n decidéiert d'"Place Flesgin" (Grous Plaz) a "Place Bernard-Weber" ëmzebenennen. De 25. November gouf d'Plaz feierlech ageweit. Seng stierflech Iwwerreschter goufen am September 1946 um Munnerëffer Kierfecht begruewen. De Bernard Weber gouf posthum mam Ordre de la Résistance ausgezeechent.
25 rue John-Grün   49° 30’ 26.7’’ N
      06° 16’ 25.7’’ O
6. November 2015.
Marie Faber geb. Siebenaler geb. 12. Januar 1878 zu Elleng; gest. 8. November 1944 zu Ravensbrück
D'Marie Si(e)benaler huet mat hirem Mann, dem Jean-Mathias Faber, op Nr 16 am Millewee zu Munneref gewunnt. Am Krich huet d'Famill d'Refractairen ënnerstëtzt. Op eng Denonciatioun vun der Frëndin vun hirem Jong hi gouf si, a fënnef aner Resistenzler, 1944 vun der Gestapo verhaft an an de Prisong am Gronn agespaart. Vun do koum si iwwer verschidden aner Lager an d'KZ Ravensbrück, wou si den 8. November 1944 gestuerwen ass. Si gouf posthum mam Ordre de la Résistance ausgezeechent.
16-18 rue du Moulin   49° 30’ 18.2’’ N
      06° 16’ 02.8’’ O
6. November 2015.
Oskar "Osias" Herschtritt geb. 25. September 1869 zu Radziechów; gest. 28. Juli 1942 zu Lëtzebuerg
Den Oskar "Osias" Herschtritt, hat e Miwwelgeschäft zu Berlin. Am Juni 1939 ass hie mat senger Fra, der Bertha Spiegel op Munneref geflücht, wou si a verschiddenen Hotelle gewunnt hunn. Ënner der däitscher Besatzung vu Munneref war d'Koppel der permanenter Gewalt an den Humiliatioune vun den Nazien ausgesat. Dem Herschtritt seng Fra gouf de 16. September 1941 op der Pafemillen internéiert, vu wou si den 28. Juli 1942 an d'KZ Theresienstadt transportéiert gouf. Do ass si den 13. Februar 1943 ëmkomm. Ier den Oskar Herschtritt och op d'Pafemille sollt verschleeft ginn, huet hie sech den 28. Juli 1942 d'Liewe geholl. Hien ass um Kierfecht Bellevue um Lampertsbierg begruewen.
6 Place Bernard Weber   49° 30’ 18.4’’ N
      06° 16’ 14.2’’ O
6. November 2015.
Mayer Bonem geb. 1863 Könen; gest. 26. November 1942 zu Theresienstadt
De Mayer Bonem ass 1938 mat senge Gesëschter Albert a Pauline vun Tréier op Munneref geflücht wou si am deemolegen Hotel Belvédère am Millewee, e puer Schrëtt vis-à-vis vun der Synagog, ënnerkoumen. Den 28. Juli 1942 goufe si op Theresienstadt deportéiert - vun deem Dag u gouf Munneref als definitiv "judenfrei" betruecht. De Mayer Bonem gëtt 1942 zu Theresienstadt ëmbruecht, seng Geschwëster 1943.
42, Millewee   49° 30’ 16.89’’ N
      06° 15’ 55.81’’ O
6. November 2015.
Albert Bonem geb. 1872 Könen; gest. 2. Abrëll 1943 zu Theresienstadt
Den Albert Bonem ass 1938 mat senge Gesëschter Mayer a Pauline vun Tréier op Munneref geflücht wou si am deemolegen Hotel Belvédère am Millewee, e puer Schrëtt vis-à-vis vun der Synagog, ënnerkoumen. Den 28. Juli 1942 goufe si op Theresienstadt deportéiert - vun deem Dag u gouf Munneref als definitiv "judenfrei" betruecht. Den Albert Bonem gëtt, wéi seng Schwëster Pauline 1943 zu Theresienstadt ëmbruecht, säi Brudder Mayer war do schonn 1942 doutgemaach ginn.
42, Millewee   49° 30’ 16.89’’ N
      06° 15’ 55.81’’ O
6. November 2015.
Pauline Bonem geb. 1875 Könen; gest. 13. Januar 1943 zu Theresienstadt
D'Pauline Bonem ass 1938 mat hire Bridder Mayer an Albert vun Tréier op Munneref geflücht wou si am deemolegen Hotel Belvédère am Millewee, e puer Schrëtt vis-à-vis vun der Synagog, ënnerkoumen. Den 28. Juli 1942 goufen si op Theresienstadt deportéiert a vun deem Dag u gouf Munneref als definitiv "judenfrei" betruecht. D'Pauline Bonem gëtt, wéi hire Brudder Albert, 1943 zu Theresienstadt ëmbruecht, de Mayer war do schonn 1942 doutgemaach ginn.
42, Millewee   49° 30’ 16.89’’ N
      06° 15’ 55.81’’ O
6. November 2015.
Joseph Kinman geb. 15. Dezember 1906 zu Warschau ; gest. 18. Mee 1944 zu Auschwitz
De Joseph Kinman huet seng Heemecht 1923 verlooss a koum 1927 op Munneref, nodeem hie virdrun zu Paräis an zu Bréissel geschafft hat. De 25. Mäerz 1928 bestit hien d'Jeanne d'Probst. 1935 associéiert säi Schwéierpapp, den Adolphe Probst hien un der Gérance vum Hotel Bristol, deen d'Famill Probst-Seckler kuerz virdrun iwwerholl hat. Wéi de Familljebetrib du richteg prosperéiert huet, war dat net zur Freed vun der Konkurrenz. Et goung sou wäit dat d'Gendarmerie obligéiert war eng Enquête ze maachen, woubäi awer näischt Negatives iwwer de Probst oder de Kinman erauskoum. An hirem Rapport hunn d'Gendaarme awer missen antisemittesch Aussoen notéiere wéi "Wie ist es nur möglich, dass so einem polnischen Juden hier der Betrieb eines Hotels gestattet wird?" Beim Iwwerfall vun den däitschen Truppe flücht d'Famill Kinman-Probst a Frankräich wou se an der Géigend vun Nice ënnerkommen. 1943 wunne se ënner falschen Nimm zu Valence, wou si de 24. Dezember 1943 vun der Gestapo festgeholl gi wéinst "activité au profit de la résistance française, fabrication de fausses cartes d'identité pour les réfractaires du STO et pour les hommes du maquis". De Joseph Kinman kënnt an de Camp vun Drancy, vu wou hien de 27. Mäerz an d'KZ Auschwitz deportéiert gëtt. Ënner der Nummer 176258 gëtt hien engem "Arbeitskommando" zougedeelt. Hie stierft den 18. Mee 1944 - "tödlich verunglückt".
4, Avenue Dr. Klein   49° 30’ 14,36’’ N
      06° 16’ 48.29’’ O
6. November 2015.
Jakob "Jacques" Hayum geb. 19. Juli 1908 zu Könen, haut e Staddeel vu Konz; gest. 1943 zu Majdanek
De Jakob Hayum gouf 1935 beschëllegt, eng Falschausso an engem Prozess gemaach ze hunn a gouf wéinst falschem Eed zu engem Joer an 9 Méint Prisong condamnéiert, déi hien zu Tréier, Münster an Herford ofgesat huet. Den 21. Juni 1938 koum hien als "Häftling 3823" an d'KZ Sachsenhausen, wou hien als "arbeitsscheuer Jude" agedroe gouf. Dunn huet säi Cousin Sylvain Hayum, Directeur adjoint beim Comptoir des fers et métaux, sech dofir agesat, datt hien e Permis de séjour fir Lëtzebuerg sollt kréien. Sou krut hien eng Openthaltserlabnes fir zwéi Méint a koum den 28. September 1938 iwwer de Prisong vun Tréier op Lëtzebuerg. Well seng Pläng fir no Iwwerséi z'emigréieren awer kee Succès haten, huet hie gefrot fir de Permis prolongéiert ze kréien. Ënner der Conditioun op Munneref wunnen ze goen ass dat du geschitt. Hien huet sech am jiddeschen Hotel Hemmendinger ugemellt a schéngt am Hotel Bristol bei der Famill Probst-Seckler geschafft ze hunn. 1939 huet de Jacques (wéi hie sech lo genannt huet) Hayum d'däitsch Nationalitéit verluer a krut provisoresch lëtzebuergesch Pabeieren. Kuerz virum Amarsch vun den däitschen Truppen ass hien zesumme mat der Famill Probst a Süd-Frankräich geflücht, wou hien deenen hir jéngst Duechter d'Relly bestuet huet. De 7. Abrëll koum hir Duechter Paulette zu Montpellier op d'Welt. Zu Pierrefiche, wou hie bei engem Bauer geschafft huet, gouf den Hayum bei enger Razzia opgegraff a koum de 25. Februar 1943 an de Camp vu Gurs, an den Dag drop an de Camp vun Drancy. Mam "Convoi 50" gouf hien de 4. Mäerz an d'KZ Majdanek deportéiert, vu wou hien net méi zeréckkoum. Seng Fra Relly, seng Duechter an d'Schwéiereltere konnten de 4. Mäerz 1943 an d'Schwäiz flüchten an hunn de 15. Juni 1945 d'Heemrees op Lëtzebuerg ugetrueden. Vum Hayum senger Famill huet just eng Schwëster an e Brudder den Holocaust iwwerlieft.
4, Avenue Dr. Klein   49° 30’ 14,36’’ N
      06° 16’ 48.29’’ O
6. November 2015.
Colette Cerf geb. 18. Februar 1922 zu Munneref ; gest. 15. Februar 1943 zu Auschwitz
D'Colette Cerf war d'Duechter vum Sylvain Cerf a senger Fra Rose, geb. Levy. De 17. Oktober 1939 mellt d'Famill sech vu Munneref no Mondorff of. Wéinst der Krichsgefor gëtt d'Uertschaft kuerz drop evakuéiert an d'Famill kënnt zu Melun an der Seine-et-Marne ënner. Den 13. Februar 1943 gi se aus dem Camp de Drancy an d'KZ op Auschwitz deportéiert, wou si de 15. Februar 1943 ukommen an allen dräi direkt vergaast ginn.
Allée Jean Linster   49° 30’ 22.46’’ N
      06° 16’ 16.03’’ O
6. November 2015.
Sylvain Cerf geb. 30. Mee 1881 zu Pëttleng ; gest. 15. Februar 1943 zu Auschwitz
De Sylvain Cerf huet sech den 29. Januar 1913 mam Rose Levy bestuet. Vu September 1913 bis an d'Joer 1918 hu si zu Munneref gewunnt, bis se op Metz geplënnert sinn. D'Koppel kënnt awer schonn am Juni 1920 zeréck op Munneref, wou si um Schoulbierg (Allée Jean-Linster) wunnen an de Sylvain Cerf sengem Beruff als Véihändler nogeet. 1922 gëtt do hir Duechter Colette gebuer. De 17. Oktober 1939 mellt d'Famill sech no Mondorff of. Wéinst der Krichsgefor gëtt d'Uertschaft kuerz drop evakuéiert an d'Famill kënnt zu Melun an der Seine-et-Marne ënner. Den 13. Februar 1943 gi se aus dem Camp vun Drancy an d'KZ op Auschwitz deportéiert, wou si de 15. Februar 1943 ukommen an allen dräi direkt vergaast ginn.
Allée Jean-Linster   49° 30’ 22.46’’ N
      06° 16’ 16.03’’ O
6. November 2015.
Rose Cerf, geb. Levy geb. 29. Januar 1892 zu Puttelange-aux-Lacs; gest. 15. Februar 1943 zu Auschwitz
D'Rose Levy huet sech den 29. Januar 1913 mam Sylvain Cerf bestuet. Vu September 1913 bis an d'Joer 1918 hu si zu Munneref gewunnt, bis se op Metz geplënnert sinn. D'Koppel kënnt awer schonn am Juni 1920 zeréck op Munneref, wou si um Schoulbierg (Allée Jean-Linster) wunnen. 1922 gëtt do hir Duechter Colette gebuer. De 17. Oktober 1939 mellt d'Famill sech no Mondorff of. Wéinst der Krichsgefor gëtt d'Uertschaft kuerz drop evakuéiert an d'Famill kënnt zu Melun an der Seine-et-Marne ënner. Den 13. Februar 1943 gi se aus dem Camp vun Drancy an d'KZ op Auschwitz deportéiert, wou si de 15. Februar 1943 ukommen an allen dräi direkt vergaast ginn.
Allée Jean-Linster   49° 30’ 22.46’’ N
      06° 16’ 16.03’’ O
6. November 2015.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest.
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.
Virnumm Numm geb. ; gest. zu
...
rue 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
1. Oktober 2021.


Commons: Stolpersteng zu Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien
 

Réimech änneren

De 24. Juni 2016 goufen zu Réimech, als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess", 17 Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig geluecht. Si erënneren un déi 13 Judden aus Réimech, déi d'Shoah net iwwerlieft hunn, wéi och u 4, déi der Ermuerdung entkomm waren.[21]

Numm Liewensdaten[22] Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Alice-Deichmann-Aron geb. 1903 zu Nürnberg; gest. 31.7.1942 zu Auschwitz
. D'Alice Deichmann, geb. Aron, ass 1903 zu Nürnberg gebuer. Zesumme mat hirem Mann Kurt Deichmann hu si vun 1934 bis 1938 zu Réimech gewunnt. 1938 huet d'Koppel sech getrennt. Nom preiseschen Iwwerfall op Lëtzebuerg ass d'Alice Deichmann-Aron mat hirer Duechter Marion a Frankräich geflücht. Si gouf do verhaft an am Camp vun Drancy internéiert, vu wou si 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht gouf. D'Duechter Marion huet, a Frankräich verstoppt, d'Shoah iwwerlieft.
54, rue de Macher   49° 32’ 28.3’’ N
      06° 21’ 48.1’’ O
24. Juni 2016.
Kurt Deichmann geb. 1907 zu Algrange ; gest. 2000 a Brasilien
De Kurt Deichmann ass 1907 zu Algrange gebuer. 1934 bis 1938 huet hien zesumme mat senger Fra Alice Deichmann-Aron zu Réimech gewunnt. 1938 huet d'Koppel sech getrennt an de Kurt Deichmann ass no Brasilien ausgewandert, wou en 2000 gestuerwen ass.
54, rue de Macher   49° 32’ 28.3’’ N
      06° 21’ 48.1’’ O
24. Juni 2016.
Heinrich Herrmann geb. 1879 zu Oberemmel; gest. 1944 zu Theresienstadt
Den Heinrich Herrmann, 1879 zu Oberemmel bei Konz gebuer, huet zu Réimech als Véihändler gewunnt. Hie war de Mann vun der d'Klara Herrmann-Kahn. D'Koppel hat zwéi Jongen. Zesumme mat senger Fra gouf hie fir d'éischt op der Pafemillen (Cinqfontaines) internéiert an ass duerno op Theresienstadt deportéiert ginn. Hie gouf 1944 ermuert.
4, rue Dauvelt   49° 32’ 44.5’’ N
      06° 22’ 06.3’’ O
24. Juni 2016.
Klara Herrmann-Kahn geb. 1882 zu Gréiwemaacher; gest. 1944 zu Auschwitz
D'Klara Herrmann, geb. Kahn, ass 1882 zu Gréiwemaacher gebuer. Si war mam Heinrich Herrmann bestuet a Mamm vun zwéi Jongen, dem Myrtil an dem Roger. Zesumme mat hirem Mann gouf si 1941 op der Pafemillen (Cinqfontaines) internéiert a vun do aus op Theresienstadt, spéider op Auschwitz, verschleeft, wou se 1944 ermuert gouf.
4, rue Dauvelt   49° 32’ 44.5’’ N
      06° 22’ 06.3’’ O
24. Juni 2016.
Myrtil Herrmann geb. 1912 zu Réimech; gest. 1945 zu Bergen-Belsen
De Myrtil Herrmann ass 1912 zu Réimech gebuer an och do an d'Schoul gaangen. Hie gouf de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. 1945, am Abrëll, e puer Deeg vrun der Befreiung duerch d'Rout Arméi, gouf hien am KZ Bergen-Belsen ëmbruecht.
4, rue Dauvelt   49° 32’ 44.5’’ N
      06° 22’ 06.3’’ O
24. Juni 2016.
Roger Herrmann geb. 1920 zu Réimech; gest. 1969 an den USA
De Roger Herrmann, Jong vun der Klara an dem Heinrich Herrmann, ass 1920 zu Réimech gebuer. Hien hat eng Metzleschléier gemaach. Zesummen mat sengem Brudder gouf hien op Litzmannstadt verschleeft. Hien huet den Holocaust iwwerlieft an ass spéider no den USA ausgewandert wou hien 1969 bei engem Accident ëmkoum.
4, rue Dauvelt   49° 32’ 44.5’’ N
      06° 22’ 06.3’’ O
24. Juni 2016.
Erna Hilb geb. 1915 zu Réimech; gest. zu Litzmannstadt
D'Erna Hilb, 1915 zu Réimech gebuer an do an d'Schoul gaangen. Wéi och hir Eltere gouf si de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou si qualvoll gestuerwen ass.
13, rue Enz   49° 32’ 41.2’’ N
      06° 22’ 03.03’’ O
24. Juni 2016.
Leopold Hilb geb. 1884 zu Aufhausen; gest. 17.8.1941 zu Litzmannstadt
De Leopold Hilb, 1884 zu Aufhausen an Däitschland gebuer, huet an drëtter Generatioun zu Réimech gelieft. Hien hat do e Konfektiouns- a Schongbuttek. De 16.Oktober 1941 gouf hie mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hien de 17. August qualvoll gestuerwen ass. Um nämmlechten Transport ware seng Fra Regina a seng Duechter Erna.
13, rue Enz   49° 32’ 41.2’’ N
      06° 22’ 03.03’’ O
24. Juni 2016.
Regina Hilb-Bonem geb. 1886 zu Réimech; gest. zu Chełmno
D'Regina Hilb, geb. Bonem, 1886 zu Réimech gebuer, war d'Fra vum Leopold Hilb. Zesumme mat hirem Mann huet si zu Réimech e Konfektiouns- a Schongbuttek gefouert. De 16.Oktober 1941 gouf si, wéi och hire Mann Leopold an hir Duechter Erna, mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Vun do koum s'an d'Vernichtungslager Chełmno, wou s'an engem Gascamion ermuert gouf.
13, rue Enz   49° 32’ 41.2’’ N
      06° 22’ 03.03’’ O
24. Juni 2016.
Heinz Joseph geb. 1925 zu Laufersweiler; gest. 2002 an den USA.
Den Heinz Joseph, 1925 zu Laufersweiler am Honsréck gebuer, war en Neveu vum Leo Hayum. Hien ass 1938 op Lëtzebuerg bei d'Famill op Réimech geflücht. De 16. Oktober 1941 gouf hien an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Hien huet e puer Lageren, ë. a. Auschwitz a Bergen-Belsen iwwerlieft. Den Heinz Joseph ass 2002 an den USA gestuerwen.
6, rue de la Gare   49° 32’ 43,9’’ N
      06° 21’ 55.0’’ O
24. Juni 2016.
Emma Marx-Nathan geb. 1878 zu Gau-Algesheim; gest. zu Izbica, Bełżec oder Sobibor
D'Emma Marx, geb. Nathan, gouf 1878 zu Gau-Algesheim an Däitschland gebuer. Si war mam Véihändler a Versécherungsagent Felix Marx bestuet, zesummen haten s'ee Jong, de Gaston. Den 23. Abrëll 1942 gouf si, zesumme mat hirem Mann Felix, op Lublin an de Ghetto Izbica deportéiert. Béid goufen do, oder zu Bełżec oder Sobibor ëmbruecht.
36, rue Neuve   49° 32’ 42.3’’ N
      06° 21’ 55.4’’ O
24. Juni 2016.
Felix Marx geb. 1875 zu Schwéidsbeng; gest. zu Izbica, Bełżec oder Sobibor
De Felix Marx, 1875 zu Schwéidsbeng gebuer, war Véihändler a Versécherungsagent. Den 23. Abrëll 1942 gouf hien, zesumme mat senger Fra Emma, op Lublin an de Ghetto Izbica deportéiert. Béid goufen do, oder zu Bełżec oder Sobibor ëmbruecht.
36, rue Neuve   49° 32’ 42.3’’ N
      06° 21’ 55.4’’ O
24. Juni 2016.
Gaston Marx geb. 1909;
De Gaston Marx, Jong vum Felix an Emma Marx-Nathan, war am Mee 1940, beim preiseschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, a Frankräich geflücht an huet als eenzege vun der Famill den Holocaust iwwerlieft. Hien ass an den 1990er Joren a Frankräich, wou seng Duechter lieft, gestuerwen.
36, rue Neuve   49° 32’ 42.3’’ N
      06° 21’ 55.4’’ O
24. Juni 2016.
Arthur Meyer geb. 1909 zu Réimech; gest. zu Chelmno
Den Arthur, 1909 zu Réimech gebuer, war mat der Caroline Kahn vu Miedernach verloobt. Hie gouf de 16.Oktober 1941 zesumme mat senger Mamm a senger Schwëster an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Duerno koum hien an d'Vernichtungslager Chelmno, wou hien an engem Gascamion ermuert gouf.
6, rue de la Gare   49° 32’ 43,9’’ N
      06° 21’ 55.0’’ O
24. Juni 2016.
Fanny Meyer-Kahn geb. 1878 zu Bous; gest. 1944 zu Auschwitz
D'Fanny Meyer, geb. Kahn, 1878 zu Bous gebuer, huet mat hiren dräi Kanner, dem Jules, dem Arthur an dem Renée,zu Réimech gewunnt. Hire Mann, den Herrmann Meyer (gebuer 1870 zu Wawern bei Prüm) war schonn 1932 zu Réimech gestuerwen. D'Mme Mayer gouf, zesumme mam Arthur a am Renée, de 16. Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Den Arthur gouf zu Chelmno an engem Gascamion ermuert, d'Fanny an d'Renée sinn op Auschwitz koum, wou si 1944 ermuert goufen (De Jules, 1906 gebuer, war 1927 a Frankräich op Vitry-le-François ausgewandert an do 1991 gestuerwen).
6, rue de la Gare   49° 32’ 43,9’’ N
      06° 21’ 55.0’’ O
24. Juni 2016.
Renée Hayum-Meyer geb. 1914 zu Réimech; gest. 1944 zu Auschwitz
D'Renée Hayum, geb. Meyer, war d'Duechter vun der Koppel Herrmann a Fanny Meyer-Kahn. De 16.Oktober 1941 gouf si zesumme mat hirem Mann, dem Leo Hayum, hirer Mamm an hirem Brudder Arthur an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Duerno koumen déi zwou Fraen op Auschwitz, wou se 1944 ermuert goufen.
6, rue de la Gare   49° 32’ 43,9’’ N
      06° 21’ 55.0’’ O
24. Juni 2016.
Leo Hayum geb.1907 zu Kirf bei Tréier; gest. zu Litzmannstadt
Leo Hayum, 1907 zu Kirf bei Tréier gebuer war mat der Renée Meyer bestuet an hat ee Liederhandel. Och hie gouf de 16. Oktober 1941 an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hie qualvoll gestuerwen ass.
6, rue de la Gare   49° 32’ 43,9’’ N
      06° 21’ 55.0’’ O
24. Juni 2016.
Commons: Stolpersteng zu Réimech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schëffleng änneren

Den 23. Abrëll 2021 goufen zu Schëffleng 4 Stolpersteine verluecht; dräi fir d'Famill Cerf, an ee fir de Gewerkschaftler Eugène Biren.

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Salomon Cerf geb. 11. November 1882 zu Schëffleng; gest. 31. Oktober 1941
De Salomon Cerf, gebuer 11. November 1882 zu Schëffleng, war e Metzlermeeschter. Hien huet mat senger Fra Eugénie Rheims (1887), déi en 1913 bestuet hat, an Duechter Renée (1915) zu Schëffleng gewunnt. Hien huet 1940, nach virum däitschen Iwwerfall seng Metzlerei verkaaft. Nom Iwwerfall, den 10. Mee goufe si mat den aneren Awunner vu Schëffleng no Frankräich evakuéiert. Am Hierscht 1940 gouf säi Verméige confisquéiert, respektiv ënner Tutelle gesat, an hien hat praktesch keen Akommes méi. D'Resistenzorganisatioun Alweraje huet der Famill mat Iessensmarke gehollef. Den 31. Oktober 1941 huet de Salomon Cerf sech d'Liewe geholl.[23]
37, avenue de la Libération (deemools: ...)   49° 30’ 19.1’’ N
      06° 00’ 37.4’’ O
23. Abrëll 2021
Eugénie Cerf-Rheims geb. den 12. Oktober 1887 zu Boulay; gest. 1944 am KZ Auschwitz-Birkenau
D'Eugénie Rheims, gebuer den 12. Oktober 1887 zu Boulay, war d'Fra vum Metzlermeeschter Salomon Cerf. Si haten eng Duechter, d'Renée (1915). Nom Selbstmord vun hirem Mann gouf si am August 1942 mat hirer Duechter, déi bei hir bleiwe wollt fir hir ze hëllefen, op d'Pafemillen internéiert. Si war du schwéier krank. Vun do goufen zwéin de 6. Abrëll 1943 mam Transport L-06 an d'Ghetto vun Theresienstadt deportéiert. De 6. September 1943 koumen s'op Auschwitz-Bireknau, an dat sougenannt Familienlager BIIb, dat fir Prisonéier aus Theresienstadt ageriicht gi war. Offiziell stoungen dës ënner "S[onder]B[ehandlung] mit sechsmonatiger Quarantäne", wat heescht, datt se net direkt ermuert goufen, mee do - einstweilen - vergläichsweis besser liewe konnte wéi am Rescht vum Lager. De Grond war, datt d'SS se gebraucht huet, fir se Vertrieder vum Internationale Roude Kräiz oder auslänneschen Diplomate virzeféieren, fir ze weisen, datt et alle gutt géif do goen. Si hunn och dierfe Postkaarten heem schécken, als 'Beweis' datt alles an der Rei wier. Ma no engem hallwe Joer war et eriwwer; si gouf am Mee 1944 vergaast.[23]
37, avenue de la Libération (deemools: ...)   49° 30’ 19.1’’ N
      06° 00’ 37.4’’ O
23. Abrëll 2021
Renée Cerf geb. 1915; gest. 1944 KZ Auschwitz-Birkenau
D'Renée Cerf, gebuer 1915, war d'Duechter vun der Koppel Eugénie a Salomon Cerf-Rheims. Nom Selbstmord vun hirem Papp gouf si am August 1942 mat hirer Mamm op der Pafemillen internéiert. Si huet sech do ëm hir mam an aner Kranker an Aler gekëmmert. Vun do goufen déi zwéin de 6. Abrëll 1943 mam Transport L-06 an d'Ghetto vun Theresienstadt deportéiert. Vun do koumen s'op Auschwitz-Bireknau, ufanks an d' Familienlager BIIb (kuckt d'Vita vun der Eugénie Cerf). D'Renée gouf do am Juni 1944 vergaast.[23]
37, avenue de la Libération (deemools: ...)   49° 30’ 19.1’’ N
      06° 00’ 37.4’’ O
23. Abrëll 2021
Eugène Biren geb. 1914; gest. 9. Sept. 1942 zu Hinzert
Den Eugène Biren, gebuer 1914, war Aarbechter op Arbed-Schëffleng. Den 31. August 1942 huet hien, no der Proklamatioun vun der allgemenger Wehrflicht fir d'Joergäng 1920 bis 1924 op der Schmelz e Streikkommitee opgestallt. Ufanks September gouf hien e puermol verhaft a vun der Gestapo brutal mësshandelt. Den 8. September 1942 gouf hie vum Standgeriicht zum Doud verurteelt an een Dag drop beim KZ Hinzert erschoss. Seng Famill gouf ëmgesidelt.[4]
5, rue Belair   49° 30’ 16.0’’ N
      06° 00’ 41.9’’ O
23. Abrëll 2021
Commons: Stolpersteng zu Schëffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Stolperschwelle änneren

Ettelbréck änneren

 

De 25. Januar 2013 gouf zu Ettelbréck an der Foussgängerzon eng Stolperschwelle, och vum Demnig, geluecht. Déi ass sou breet wéi 8 Steng an erënnert, am Géigesaz vun de Stolpersteine, net un eenzel Persounen, mä kollektiv un déi 127 Judden aus där Stad, déi deportéiert goufen, a vun deenen an der Folleg der 105 ëm d'Liewe koumen, déi meescht a KZer.[24][25]

Commons: Stolpersteng zu Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Usprooch vum Suessemer Schäffe Marco Goelhausen archivéiert
  2. "23 'Stolpersteine' fir d'Erënnerung." rtl.lu, 05.11.2015, 18:30:52.
  3. D'Liewensdate vun den Affere berouen op de Recherche vum Historiker Cédric Faltz, déi hien 2014 am Optrag vun der Stad Déifferdeng, zesumme mat de Geschichstfrënn Déifferdeng fir d'Ausstellung «Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent» gemaach huet.
  4. 4,00 4,01 4,02 4,03 4,04 4,05 4,06 4,07 4,08 4,09 4,10 4,11 4,12 4,13 4,14 4,15 4,16 "Esch und Schifflingen - Neue Stolpersteine gegen das Vergessen: Kurzbiografie der Opfer." tageblatt.lu, 24.04.2021.
  5. "Stolpersteine in Esch/Alzette verlegt." wort.lu, 23.10.13 07:07; Nicolas Anen, Steine zum Stolpern und zum Nachdenken, Luxemburger Wort, 23.10.2013, S. 20-21.
  6. Paul Cerf, Isi Finkelstein: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. Chroniques de la communauté juive de 1837 à 1999. Éditions Les Cahiers Luxembourgesois, S.58.
  7. 7,00 7,01 7,02 7,03 7,04 7,05 7,06 7,07 7,08 7,09 7,10 7,11 7,12 7,13 Proje(k)t Stolperstein. (Broschür). [Frënn vum Resistenzmusée, Resistenzmusée a Stad Esch], [2013].
  8. 8,0 8,1 8,2 "Erinnerung an Johanna und Heinrich Nussbaum: Der Weg nach Auschwitz war ihr letzter." volksfreund.de, 22. April 2021.
  9. "Eine Mahnung in Messing gestanzt: In Helperknapp werden Stolpersteine verlegt." tageblatt.lu, 6. März 2019. 10:49 Uhr - Akt: 6. März 2019. 17:09 Uhr.
  10. Maacher erënnert sech. Bulletin 1/2017, S.36-37.
  11. Anne-Aymone Schmitz, Mahnmal im Bürgersteig, Luxemburger Wort vum 29./30. Juni 2019, S. 48
  12. Volker Bingenheimer, „Innehalten und nachdenken“, Luxemburger Wort 16.06.2021, S. 27
  13. D'Liewensdate vun den Iechternacher Affer stame vum Depliant „Ablauf der Stolpersteinverlegung am Donnerstag, den 27. Juni 2019 in Echternach“ op echternach.lu
  14. "Stolpersteng zu Jonglënster". De Journal vun der Télé, rtl.lu, 28. Juni 2021.
  15. Janina Strötgen: "Kontroverse Erinnerungskultur: Die Steine des Anstoßes." reporter.lu, 10.09.2021.
  16. 16,0 16,1 Volker Bingenheimer: "Gedenken an NS-Opfer: Steine, die spalten." wort.lu, 11.09.2021.
  17. Jochen Zenthöfer: "Debatte in Luxemburg: Wer verdient den Stolperstein?" faz.net, 11.09.2021.
  18. Guy Schadeck, Daniel Thilman, Roland Schumacher: Stolpersteine. Commune de Mondorf-les-Bains; Broschür, 23 S. Oktober 2015
  19. Liewensdate vun de Munnerëffer Affer baséieren op verschidden Aarbechte vum Historiker Daniel Thilman.
  20. "Erënnerung un d'Affer vun der Nazi-Deportatioun." rtl.lu, 01.10.2021.
  21. Artikel an De Buet, Juni/Juli 2016, S.24-25-
  22. D'Liewensdate vun de Réimecher Affer baséiere sech op d'Recherche vum Norbert Lindenlaub.
  23. 23,0 23,1 23,2 Courtoy, Jérôme, "Schicksalsweg einer jüdischen Familie aus Schifflingen." tageblatt.lu, 24.04.2021.
  24. "Stadt Ettelbrück verlegte die landesweit erste „Stolperschwelle“ zu Ehren der Shoah-Opfer." mywort.lu, 26.01.2013.
  25. Gemeng Ettelbréck, De Reider 57 (Juni 2013). Gekuckt de(n) 28 November 2021.