D'Siderurgie, also d'Eisen- a Stolindustrie zu Lëtzebuerg ass en Industriesecteur, deen (Stand 2020) knapps 2 % vum PIB ausmécht.

An der Vergaangenheet, vun ca. 1890 un a bal dat ganzt 20. Joerhonnert erduerch, huet den Export vun Eisen- a Stolprodukter eng aussergewéinlech wichteg Roll an der Ekonomie vu Lëtzebuerg gespillt, a war, zesumme mat der Extraktioun vun der Minett, d'Basis vum wirtschaftleche Wuelstand vum Land am 20. Joerhonnert: Lëtzebuerg stoung bei wäitem un der Weltspëtzt, wat d'Produktioun vu Stol an Eisen pro Awunner a Joer (12 bis 15 Tonnen) betrëfft.

D'Entwécklung vun der Siderurgie war méiglech, wéinst de Minettslageren um südleche Bord vum Land (Deel vum Loutrenger Minettsbaseng), an dem Investissement an d'Veraarbechtung, virum Éischte Weltkrich vun däitsche Stolkonzerner, an dono vu belsch-franséischem Kapital.

An den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert war Lëtzebuerg weltwäit op sechster Plaz, wat de Volume vu produzéiertem Stol an Eisen ugeet, an d'Arbed war ënner den 10 gréisste Stolkonzerner. Vun den 1960er Joren un huet d'Roll vun der Siderurgie an der Ekonomie vum Land, relativ gekuckt, ugefaangen ofzehuelen, ma besonnesch vun 1974 un, wéi déi éischt Stolkris an Europa ausgebrach ass, goung d'Produktioun däitlech erof (bis 1992 ëm 50 %), an d'Zuel vun de Beschäftegten ass vu bal 30.000 op knapps 10.000 gefall... > méi