Autobunn A6 (Lëtzebuerg)

lëtzebuergesch Autobunn

A6 - Areler Autobunn
Zeechen Verdeeler km
A3 Gaasperecher Kräiz 0,000
A4 Zéissenger Kräiz 2,999
5 Helfenter Bréck 5,212
4 Stroossen 6,794
3 Briddel 8,874
2 Mamer 13,231
Aire de Capellen 16,025
1 Wandhaff 17,176
Belsch Grenz - A4 20,794

D'Autobunn A6, och Areler Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Als Iwwergank vun der A1 fänkt se um Gaasperecher Kräiz am Süde vun der Stad Lëtzebuerg un a leeft dann a Richtung Weste bis op d'belsch Grenz an der Gemeng Stengefort, wou s'un déi belsch Autobunn A4 ugeschloss ass.

Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/-opfaarten, 2 Autobunnnskräizer an eng Plaz fir ze raschte mat Bensinnsstatioun (Aire de Capellen). Den Tracé vun der A6 leeft méi oder manner parallel mat der N6.

D'A6 ass tëscht 1976 an 1982 a Betrib geholl ginn a s'ass op hirer ganzer Längt en Deel vun der E25.

Se huet eng Längt vun 20,8 km.

Trafick

änneren

Zanter s'opgaangen ass, huet sech den Trafick bis 2024 quasi verfënneffacht: Waren et 1985 nach 11.338 Gefierer an der Moyenne pro Dag, ass déi Zuel op 49.149 am Joer 2024 eropgaangen. 2023 waren et der souguer eppes iwwer 50.000.[1]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Autobunn A6 – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Pascal Mittelberger "Bis zu fünfmal mehr Fahrzeuge auf Luxemburgs Autobahnen." wort.lu, 16.03.2025.