Fluchhafe Lëtzebuerg

Fluchhafe vun Lëtzebuerg
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


De Fluchhafe Lëtzebuerg, offiziell Aéroport de Luxembourg genannt, läit um Findel ronn 7 km[1] nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.

Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel
D'Aerogare am Abrëll 2022
D'Aerogare am Abrëll 2022
Lokalisatioun
IATA-Code LUX
ICAO-Code ELLX
Land Lëtzebuerg
Distanz zum Stadzentrum 6 km ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg
Héicht 376 m
Basisdaten
Typ Ëffentlech
Opgaangen 1947
Bedreiwergesellschaft Société de l'Aéroport de Luxembourg S.A.
Terminalen 2
Statistik (2015)
Passagéier 2.687 086
Fracht 737.625 t
Fluchbeweegungen 84.222
Bunnen
Numm Längt Belag
06/24 4.000 m Asphalt
Koordinaten 49° 37' 35.67" N
06° 12' 41.46" E
LUX (Lëtzebuerg)
LUX
LUX
Embraer 145 vun der Luxair virum Terminal B
D'Pist vum Fluchhafe Lëtzebuerg (1991)
Lag vum Fluchhafen ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg.
Kaart vum Fluchhafe Lëtzebuerg.
Den Terminal B vun der Pist aus gesinn.
Den Terminal A vun der Pist aus gesinn.
Checkin an der neier Aerogare (Terminal A)
Terminal A
Den Agangsberäich vum Terminal A

D'Bedreiwergesellschafte vum Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel sinn d'Luxairport, eng Société anonyme, déi 2001 gegrënnt gouf, an zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, an d'Administration de la navigation aérienne (ANA), déi demMinistère de la Mobilité et des Travaux publics kuerz MMTP ënnerstallt ass, an déi aus der Administration de l'aéroport entstanen ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Administration de la navigation aérienne.

D'Luxairport exploitéiert haaptsächlech d'Terminalen A a B, de GATT an den ale Cargozenter. Se këmmert sech och ëm den Entretien vun de Clôturen an de Schibe- an Dréidieren an ëm d'Zougangskontrollen op de Site.

Um a ronderëm de Findel, schaffe fir de Fluchhafen direkt an indirekt eng ronn 6000 Leit. Am grousse Ganze sinn awer eng gutt 20.000 Aarbechtsplazen ofhängeg vun de Fluchhafenaktivitéiten um Findel. Dofir zielt dëse Wirtschaftspilier 2014 mat senge 4,88 % vum PIB, zu engem wichtege Faktor vun der Ekonomie am Grand-Duché.

Den internationale Fluchhafe vu Lëtzebuerg ass d'Heemechtsbase vun der Luxair, der Cargolux, der Luxembourg Air Rescue an der Luxaviation.

Am Passagéierberäich, gouf de Fluchhafe wärend der Summerzäit 2014, vun 22 Fluchgesellschaften ugeflunn. Domat gouf et an der Haaptsaison, net manner wéi 84 Reesdestinatiounen iwwer 24 Länner verdeelt.

Wat d'Wanterzäit 2014/15 dogéint betrëfft, gëtt et just 10 Fluchgesellschaften. Dowéinst gëtt et tëscht dem 25. Oktober am 30. Mäerz, nëmmen 41 direkt Destinatiounen a 16 verschidde Länner.

D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer.

Den Terminal A mat enger Bruttofläch vun 43.400  m2 , a mat enger 5000 m2 grousser Glasfassad ass d'Haaptgebai. Dobäi kënnt, datt d'Aerogare mat 26 Offäerdegungsguichete wéi och mat 18 Passagéierausgäng ekipéiert ass. Op den zwou Säite vum Offäerdegungsberäich ass e Sécherheetsberäich.

Beim Terminal B gëtt et weeder en eegenen Offäerdegungsberäich, nach een onofhängegen Arrivéesberäich. De Sécherheetsberäich ënnerläit och der Infrastruktur vum Terminal A.

An dëser 156 Meter laanger Annex sinn 10 Passagéierausgäng, déi op zwou Säite vum 14 Meter breede Gebai opgedeelt sinn.

Zousätzlech gëtt et och nach en Terminal fir Privatjetten. Dësen Terminal funktionéiert autonom, an ass domat ganz vun de reschtleche Passagéieraktivitéite vum Findel ofgetrennt.

Dernieft gëtt et fir d'Cliente vum Luxairport eng 7600 Parkplazen. Dovu si 4080 Plazen an engem ënnerierdesche Parkhaus op véier Stäck verdeelt.

Am Frachtberäich huet de Luxair-Cargozenter eng maximal Capacitéit vun 1 Millioun Tonne Wueren am Joer. Enn 2014, hunn eng 13 verschidde representéiert international Cargo-Fluchgesellschaften de Findel ugeflunn. Doriwwer eraus ass en unhand vu sengem Tonnage, als fënneft gréissten Acteur um europäesche Maart klasséiert. Eng zousätzlech nei Aktivitéit am Logistikberäich vum Fluchhafen ass zanter 2014 den High Security Hub, eng Fräihandelszon an en ofgeséchert Tëschelager fir Wäertsaachen.

Am Süde laanscht d'Pist, steet de grousse Cargolux-Maintenancezenter.

De Fluchhafe Lëtzebuerg huet eng 4000 × 60 Meter laang Pist, wat eng vun de längste Pisten a ganz Europa ass.

Geschicht änneren

 
En amerikanesche F-6C Mustang am Oktober 1944 um "Sandweiler Airfield".

1939 ass ugefaange ginn, den Terrain riicht ze maachen. Am Zweete Weltkrich war do eng däitsch Schoul fir Seegelfliger.

1946 gouf de Fluchhafen offiziell ageweit a vum Mee u gëtt et zweemol an der Woch e Fluch tëscht Lëtzebuerg a Bréissel.

1955 gouf d'Landepist vun 2.000 op 2.830 Meter verlängert, 1975 gouf se nach eng Kéier méi laang gemaach. Haut ass d'Bunn fir ze landen 4.000 Meter laang.

1975 gouf eng nei Aerogare a Betrib geholl, an 1993 gouf en neien, 35 Meter héije Kontrolltuerm opgeriicht.

2003 gouf mat Aarbechte fir eng nei Aerogare, mat ë. a. engem Uschloss un d'Schinnenetz, ugefaangen. Déi nei Aerogare besteet aus zwéin Terminalen:

  • Terminal A: den Haaptterminal vun der Aerogare gouf de 25. Abrëll 2008 ageweit an den 21. Mee 2008 a Betrib geholl.
  • Terminal B: ass als Annex vun der deemoleger Aerogare gebaut ginn an de 26. Mee 2004 a Betrib gaangen. Nom Check-in an der Haaptaerogare hunn d'Clientë vu méi klenge Linnenfligeren (bis zu 50 Passagéier) deen Terminal fir den Transfert bei hire Fligfer benotzt. Den Terminal B war vum Terminal A duerch déi al Aerogare getrennt a war dofir sou laang zou, wéi déi net ofgerappt war. Déi al Aerogare vun 1975 gouf an de Joren 2010 - 2011 ofgerappt[2]. Nodeems eng Zäit laang vun enger Passerell tëscht dem Terminal A a B rieds war, déi déi zwee Gebaier verbanne sollt[3],[4], huet den Infrastrukturminister François Bausch am Oktober 2014 ugekënnegt, datt "schëtzeg"[5] en Tëschegebai gebaut soll ginn, an deem och zousätzlech Restauratiounsbetriber a Butteker ënnerkomme kéinten[6].

Donieft gëtt et nach den Terminal GAT (General Aviation Terminal) fir d'Offäerdege vun der aviation générale, also net vu Linneflich, mä vu Privat- oder Firmefligeren. Dësen Terminal leit ofgeleeë vun deenen zwéin aneren am Frachtzentrum vum Fluchhafen. De GAT ass an enger Rekordzäit vun eppes iwwer sechs Méint decidéiert, geplangt a fäerdeg gebaut ginn. D'Inauguratioun war den 1. Februar 2008[7],[8]-

Frequenzen änneren

  • Luxembourg Tower 118,1 (Kontrolltuerm, fir d'CTR vum Buedem bis 2500 ft zoustänneg)
  • Luxembourg Approach 118,9 (Radar, fir d'TMA Luxembourg vu 2500 ft bis FL165 zoustänneg, am Norde vun der TMA vun 3500 ft bis FL145, doriwwer BelgoControl an, iwwer FL245, Maastricht UAC)
  • Luxembourg ATIS 134,75 (Informatiounen)
  • Luxembourg Ground 121,9 (Buedem)
  • Luxair Handling/Dispatch 131,625
  • Luxair Cargo 131,8
  • Cargolux Handling 131,775
  • Luxembourg General Aviation Handling 121,85

Virfäll um Fluchhafen änneren

An de fréie Moiesstonne vum 6. Oktober 2000 koum et zu engem vun de spektakuläerste Virfäll an der Lëtzebuerger Kriminalgeschicht. Convoyeure vun der Geldtransportfirma Brinks ware amgaang, 73 Millioune Frang (iwwer 1,8 Mio €) an e Fliger vun der Crossair ze lueden, wéi eng Camionnette iwwer d'Virfeld gerannt koum. Sechs schwéierbewaffnet a camoufléiert Männer sinn aus der Camionnette erausgesprongen an hunn d'Personal forcéiert, sech op de Buedem ze leeën, wärend de Chauffer vum Geldtransporter mat enger Panzerfauscht a Schach gehale gouf. Ee vun den Täter ass an de Fliger geklommen an huet sechs Geldsäck erausgeholl. Wéi ee vum Personal probéiert huet ze flüchten, gouf hie vun zwéin Täter an d'Bee geschoss.

Wéi den Täter mat der Panzerfauscht sech eng Kéier kuerz vum Geldtransporter ewechgedréint huet, huet de Chauffer vun der Brinks-Camionette Vollgas ginn a probéiert z'entkommen. Direkt hunn d'Täter mat enger Kalaschnikow op den Auto geschoss, an déi zwéi Geldbuete si blesséiert ginn.

D'Täter sinn doropshi geflücht, mä nëmmen e puer Minutte méi spéit op eng Stroossespär vun der Police getraff. Ouni Virwarnung hunn d'Banditte ronn 36-mol op déi zwéi Poliziste geschoss (een huet e Sträifschoss um Kapp ofkritt, deen zweete gouf vun engem Querschléier am Bauch getraff). No enger kuerzer Flucht goufen d'Täter um Scheedhaff vun enger Zivillpatrull bewosst an en Accident verwéckelt. Ee vun den Täter konnt sou verhaft ginn, deen aneren ass dervukomm a konnt bis haut nach net gefaasst ginn[9].

De Kapp vun der Band soll de Marcel Habran, e Caïd aus dem Lécker "Milieu", gewiescht sinn, deen allerdéngs bei der Attack net derbäi war[10].

Fluchgesellschaften an hir Destinatioune vum Findel aus änneren

Passagéierflich änneren

* 1: Saisonal Flich an der Summervakanz * 2: Saisonal Flich an der Summersaison * 3: Saisonal Flich an der Wantersaison * 4: Saisonal Charter-Flich vun Enn Juni bis Enn Oktober * 5: Flich am Code-Share, operéiert vu Luxair * 6: Flich operéiert ënner dem Code AF vun Air France

Frachtflich änneren

Statistiken änneren

 
Entwécklung vun der Passagéierzuel an dem Frachtopkommes.
Joer Passagéier Wuerentransport (t) Mouvementer
1946 1.457 1.032
1950 6.525 3.602
1960 55.591 14.125
1970 476.938 26.035
1980 670.159 54.604
1990 1.072.264 142.956 62.714
2000 1.669.484 499.911 85.511
2009 1.551.315 625.462 81.619
2010 1.630.165 735.307 80.494
2011 1.791.231 656.653 83.405
2012 1.919.694 614.906 81.163
2013 2.197.331 673.500 80.397
2014 2.467.864 708.077 84.244
2015 2.687.086 737.625 85.031
2016 3.022.912 801.806 86.402
2017 3.599.390 897.127 89.944
2018 4.036.878 894.649 94.586
2019 4.416.038
853.354 80.557
2020 1.446.354 905.223 43.635
Quell: Websäit vun der Administration de la navigation aérienne

Literatur änneren

  • Jean-Paul Hoffmann: Flughafen Findel an Ons Stad Nr. 91/2009
  • Arthur Colbach: Flughafen Luxemburg im Aufwind an: Luxemburger Marienkalender, Jg. 86 (1967), S. 103-108
  • Helmut Reis: Luxemburg Airport: Flughafen einer europäischen Grenzregion an: Geographie heute, Heft 73 (Sept. 1989), S. 10-14
  • Serge Braun, Luxembourg Findel : Flughafen - aéroport - airport. Luxembourg (2017)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fluchhafe Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Distanz vum Stadhaus bis bei d'Aerogare a Loftlinn gerechent
  2. Countdown für das alte Terminal op wort.lu den 1. Juni 2010
  3. lux-Airport Terminal B
  4. Findel: Vorerst kein Start am Terminal B, wort.lu 3. Dezember 2013.
  5. "schëtzeg": Lo gëtt et dann och méi Detailer iwwer dëse Projet, deen dem Direkter vum Fluchhafen, dem Johan Vanneste, no spéitstens Ufank 2019 fäerdeg soll sinn. Scho 6 Joer laang ausser Betrib, rtl.lu, 12. November 2014
  6. "Infrastrukturminister Bausch: Nordstrooss geet am September 2015 op." rtl.lu, Leschten Update: 24.10.2014, 07:13:26.
  7. gouvernement.lu Inauguration du terminal d'aviation générale
  8. lux-Airport GAT
  9. Emissioun iwwer d'Iwwerfäll op d'Geldtransporten am Joer 2000 DNA: International Bandekriminalitéit, rtl.lu, 5. Oktober 2014
  10. Le Soir: Marcel Habran a été acquitté de sa participation alléguée à l'attaque de l'aéroport de Findel
  11. "Ryanair annonce une liaison Luxembourg-Barcelone." lequotiduen.lu, 25/01/17 12:52.