Tréischterin am Leed ass den Titel ënner deem d'Muttergottes haaptsächlech zu Lëtzebuerg veréiert gëtt a steet fir dat Laténgescht consolatrix afflictorum (consolatrice des affligés op Franséisch an Trösterin der Betrübten op Däitsch).

Déi restauréiert Statu vun der Tréischterin

Dësen Titel ass ee vu villen aneren, mat deem d'Maria an der Lauretanescher Litanei (benannt nom italieenesche Pilgeruert Loreto) gelueft gëtt.

Veréierung vun der Tréischterin zu Lëtzebuerg änneren

D'Veréierung vu Maria als Tréischterin am Leed ass am Kontext vun der kathoulescher Géigereformatioun an de Reliounskricher, am 16./17. Joerhonnert, an de Spueneschen Nidderlanden ze gesinn (wouzou d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet). Et goung de Kierchenautoritéiten drëm, hir Positioun ze stäerken an d'Volleksfrëmmegkeet an der Gitt ze halen. Besonnesch d'Jesuitten an dee vun hinne bedriwwene Mariekult hunn dobäi eng Roll gespillt.[1]

Zu Lëtzebuerg goung dat zeréck op de Jesuittepater Jacques Brocquart, deen den 8. Dezember 1624, um Fest vun der Onbefleckter Empfängnis, eng Muttergottesstatu mat Kand (déi zanter 1796 definitiv an der Kathedral vu Lëtzebuerg steet) an enger Pressessioun mat Studente virun d'Festungsmauere matgeholl huet. Doraus huet sech d'Muttergottesoktav entwéckelt.

Déi Lëtzebuerger Statu vun der Tréischterin änneren

D'Statu ass "vollplastesch", aus polychroméiertem Lannenholz, an ass 73 cm héich. Si gehéiert zum Typ vu majestéitesch wierkenden Immaculata-Duerstellungen. D'Maria steet als "apokalyptesch" Fra mat engem Fouss op der Moundséchel (Offb 12,1 EU). Nom spéitmëttelalterleche spuenesche Brauch gesäit de Pilger se awer just als Gewandfigur.

De Sculpteur vun der Statu ass net bekannt an hire geneeën Ursprong och net. Nom Georges Hellinghausen gëtt et dräi Hypotheesen[2]:

  • Déi éischt seet, se wier vum Daniel Müller geschnëtzt ginn, engem Kënschtler aus Sachsen, deen op Lëtzebuerg immigréiert war an am Déngscht vun de Jesuitte geschafft huet.
  • Déi zweet gesäit s'am Zesummenhank mam Gnodebild vu Montaigu an der Belsch. Do war no 1600 eng Wallfaart ëm eng Muttergottesstatu entstanen, déi sou bedeitend gouf, datt Kopië vun der Montaiguër Muttergottes nogeschnëtzt goufen. Déi Lëtzebuerger Statu wier eeben ee vun dësen Ofleeër (effektiv huet se bestëmmt Zich, déi dem Bild vu Montaigu gläichen).
  • Déi drëtt Hypothees – dat ass déi vun der Muriel Prieur, déi d'Statu 2008 a ronn 500 Aarbechtsstonnen restauréiert huet a se sou an hiren ursprénglechen Zoustand bruecht huet[3] – déi drëtt Hypothees seet, d'Statu wier scho méi al wéi deen Abléck, wou hir Geschicht als Lëtzebuerger Muttergottes ufängt; se hätt, als spéitgotesch a fréibarock Skulptur, scho vläicht Enn des 16. Joerhonnert bestanen a wier vum däitsche Kulturraum beaflosst.

D'Tréischterin vun den a Schlesien Ëmgesidelten, 1942-1945, steet haut an der Krypta vun der Kathedral. Fir déi ëmgesidelt Famillje war déi 59 cm grouss, aus Holz geschnëtzte Kopie vun der Tréischterin, Trouscht an Erënnerung un d'Heemecht.

A ville Lëtzebuerger Kierchen an op ville Plaze steet och eng Kopie vun der Tréischterin. Besonnesch bekannt sinn d'Giischterklaus, Houfelt, Randschelt, Sandweiler, Schwéidsbeng an d'Léiffrächen. D'Kapell Aansebuerg, d'Kapell Éimereng, d'Kapell Lieners Uewereesbech an d'Wolzer Kierch sinn der Tréischterin geweit.

Veréierung vun der Tréischterin iwwer Lëtzebuerg eraus änneren

D'Bild vun der Tréischterin (e Kofferstéch vun der Tréischterin vu Lëtzebuerg) gëtt zanter 1642 zu Kevelaer veréiert.[4]

Zanter 1875 hu Lëtzebuerger, déi an Amerika ausgewandert sinn, eng Kopie vun der Tréischterin an der Basilica and National Shrine of Our Lady of Consolation zu Carey am Ohio opgestallt, fir dohin ze pilgeren.[5]

Zanter 1947 gëtt am Südafrikaneschen Duerf Kevelaer eng Kopie vum Gnodebild vu Kevelaer veréiert mam Titel Mduduzeli wabalusizi (Du Tréischterin am Leed).[6],[7]

Tréischterin am Leed ass och d'Patréinesch vun der belscher Uertschaft Chevetogne a vun der Parkierch zesumme mam hellege Maurice.

D'Statu vun der Tréischterin aus der entweiter Kierch vun Zowaasch, gouf am Mäerz 2020 vum Äerzbistum Lëtzebuerg der Par St. Margeret Mary zu Chicago geschenkt. Dës Par gouf 1921 vu Lëtzebuerger Auswanderer gegrënnt[8].

Am Juli 2020 huet de Kardinol Hollerich am Europa-Park zu Rust am Kader vun enger ökumeenescher Feier an a Presenz vum Parkgrënner Jürgen Mack an der Mariekapell, och Böcklinkapell genannt, beim Luxemburger Platz d'Statu vun der Tréischterin, déi aus der Kierch Scheedgen staamt, opgestalt[9].

Duerstellungen änneren

De Fändelssproch vum Kofferstach vum I.M. Kaeyll[10] (warscheinlech 1697 zu Lëtzebuerg gebuer) seet dëst:

Consolatrix - afflictorum - ora - pro - nobis

Tot tibi sunt dotes virgo quot sidera caelo
Gloriosae Virgini Mariae Matri Iesu
Consolatrix afflictorum
Patronae civitatis et patriae Luxemburgensis
in sacello Soc. Iesu Miraculis clarae

Tréischterin - am Leed - biet - fir - eis

Du hues sou vill Qualitéiten wéi den Himmel Stären
Héich geluefte Jongfra Maria Mamm vum Jesus
Tréischterin am Leed
Patréinesch vun der Stad an dem Lëtzebuerger Land
an der Jesuitekapell, duerch Wonner berüümt

Literatur änneren

  • 1895 Held L. Maria, die Mutter Jesu, die Trösterin der Betrübten, in ihrem Gnadenbild zu Luxemburg u. Kevelaer. ill. M. Engels; Druck und Verlag der St. Paulus-Gesellschaft; Mit bischöflicher Genehmigung 64 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Duerstellunge vun der Tréischterin:

Commons: D'Originalstatu vun der Tréischterin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Tréischterin am Leed – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Sonja Kmec: "Verehrung Unserer Lieben Frau von Luxemburg." op geo.uni.lu; gekuckt 2013-04-26.
  2. D'Consolatrix afflictorum am Kolléisch
  3. Muriel Prieur, Mais je ne suis pas un monument!
  4. Die Entstehung der Wallfahrt zum Gnadenbild in Kevelaer
  5. Basilica and National Shrine of Our Lady of Consolation, Carey, Ohio Gearchiveerd op 2013-06-08. Gekuckt de(n) 2013-03-20.
  6. Bodo Bost, Mduduzeli wabalusizi, Du Trösterin der Betrübten, am: Luxemburger Wort, 27. Abrëll 2013, S. 16
  7. Kevelaer, Our Lady, Consoler of the Afflicted, Marian Shrine in Kwazulu Natal Gearchiveerd op 2013-10-18. Gekuckt de(n) 2013-04-27.
  8. Cardinal Hollerich And Archdiocese of Luxembourg Donate Statue to Chicago Parish. The statue of Our Lady of Luxembourg comes from the former St. Barbara Church in Lasauvage, gelies op cathol.lu de 14.3.2020
  9. Marc Jeck, Trösterin der Schausteller, Kardinal Hollerich feiert im Europa-Park ökumenischen Gottesdienst und schlägt eine marianische Brücke zu Luxemburg, Luxemburger Wort, 24. Jui 2020, S.23.
  10. Kofferstach Kaeyll