Sir (Baach)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Sir zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sir. |
D'Sir (fr. Syre) ass eng Baach zu Lëtzebuerg. Si huet hir Quell um Flouer Reichemt am Süde vu Siren op enger Héicht vun 285 m.
![]() D'Quell vun der Sir | |
An anere Sproochen |
fr: Syre de: Syr |
---|---|
Längt | 33 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Fläch vum Baseng | 193 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | südëstlech vu Siren |
Héicht | 285 m |
Koordinaten |
49° 33’ 25.3’’ N 6° 12’ 54.7’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Musel |
Plaz | Mäertert |
Héicht | 134 m |
Koordinaten |
49° 41’ 54.6’’ N 06° 28’ 51.6’’ O |
Haaptnieweflëss |
Trudlerbaach, Bireler Baach, Biwer Baach |
Geographie | |
Land |
![]() |
Uertschaften |
Mutfert, Éiter, Mënsbech, Rued-Sir, Betzder, Wecker, Mäertert |
![]() | |
D'Sir zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt iwwer 70 km² hunn[1].
Niewebaachen an Uertschaften op der Sir änneren
Eng ronn 250 Meter hannert der Quell leeft déi éischt Niewebaach an d'Sir. Déi huet hir Quell um Südrand vum Bësch Weisselt op 305 m. am Norde vun Haasselt a leeft dann duerch eng Griecht den Hirschdellchen an ëm de Kréiebierg éiert se mat der Sir um Fouss vun der Haard zesummeleeft.
E knappse Kilometer duerno, leeft op der Trudlermillen, d'Trudlerbaach vu lénks dran. Do ännert se hir Direktioun déi nërdlech war, no Nordosten.
Se leeft dann duerch oder laanscht d'Uertschafte Mutfert, Éiter, Schraasseg, Schëtter, Mënsbech, Iwwersiren, Menster, Rued-Sir, Ouljen, Betzder, Haastert, Wecker a Manternach, ier se zu Mäertert an d'Musel fléisst.
Op dem Wee dohi lafen nach en ettlech Baachen dran. Zu Conter ass et vu lénks d'Schleederbaach, tëscht Mutfert an Éiter d'Kackeschbaach an zu Schraassseg d'Bireler Baach, allen zwou och vu lénks. Déi éischt riets Niewebaach ass d'Aefelter déi op der Huemeswiss bei Schëtter draleeeft. D'Mënsbech déi vum Bloebierg kënnt leeft vu lénks tëscht Mënsbech an Iwwersiren dran.
Soubal wéi se bei Nidderaanwen ënner der Autobunnsbréck vun der Tréierer Autobunn erduerch ass kritt se vu lénks d'Albaach an d'Bouneschbaach deräi, an zu Rued-Sir ass et vun der selwechter Säit d'Kuelesbaach. Zu Ouljen kritt se Gesellschaft vun der Roudemerbaach geleescht, och vu lénks, éier eng ronn 800 Meter duerno vu riets d'Kaatzbech draleeft.
Am Intesak tëscht Ouljen a Betzder kënnt d'Buusbaach vu lénks derbäi a 700 Meter duerno d'Beirenerbaach och vu lénks, grad sou wéi zu Haastert d'Flëpsbaach, zu Wecker d'Biwerbaach a kuerz viru Manternach d'Mirelbaach.
Zu Manternach an der Uertschaft kënnt vu riets d'Faulbich derbäi an op der Stéckemillen vu lénks d'Wuelbertsbaach. Op de leschte 1.500 Meter tëscht der Fausermillen a Mäertert kommen dann nach vu lénks d'Schlammbaach an d'Foolgruet derbäi.
Biller änneren
-
D'Sir zu Mutfert
-
... bei Schëtter
-
... bei Manternach
Kuckt och änneren
- Gefaasste Quell vun der Sir zu Siren
- Naturschutzgebitt Manternacher Fiels
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck änneren
Commons: Sir – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie