Useldeng
lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Useldeng
Useldeng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft. Et ass de Sëtz vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Useldeng | |
---|---|
![]() Vue op Useldeng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Useldange de: Useldingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Pollo Bodem (LSAP) |
Awunner | 622 |
15.02.2001 | |
Héicht | 240 m |
Koordinaten |
49° 46’ 08’’ N 05° 58’ 51’’ O |
GeographieÄnneren
D'Uertschaft läit riets a lénks vun der Atert, an ass den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
VerkéierÄnneren
Duerch Useldeng lafen d'Nationalstroossen N24, N22, den CR305 an den CR116.
Fréier bis 1967 hat Useldeng och eng Gare déi op der Atertlinn louch.
Op der Kopp riets vun der Wollefsbaach tëscht Useldeng a Rippweiler ass e Fluchfeld wou mat Seegelfligere geflunn gëtt.
An der Mëtt vum Duerf op engem Fielsvirspronk steet d'Ruin vun enger mëttelalterlecher Buerg. (Buerg Useldeng)
NopeschdierferÄnneren
D'Nopeschdierfer vun Useldeng sinn am Sënn vun der Auer:
KuckeswäertesÄnneren
- Kierch vun Useldeng
- National Monumenter
- Buerg Useldeng
- Maison Faber, an der Garer Strooss
BillerÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Useldange – Biller, Videoen oder Audiodateien |