Wenzel Callot

éisträicheschen Offizéier a Moler

De Wenzel von Callot (IPA: [kaloː]), gebuer als Wenzel Gervasius Rudolf Callot ëm den 2. August 1704[1] zu Prag a gestuerwen de 27. Juli 1785[1] zu Bréissel[2], war en éisträichesch-ungareschen Offizéier, Zeechner a Moler.

Wenzel Callot
Gebuer August 1704
Prag
Gestuerwen 27. Juli 1785
Bréissel
Nationalitéit Éisträich-Ungarn
Aktivitéit Offizéier, Moler, Zeechner
Famill
Geschwëster Karl Callot
Kanner Johann von Callot

Militäresch Karriär änneren

Nodeems säi Brudder Karl scho 1734 an d'Arméi goung, huet de Wenzel am Joer duerno, mat ronn 30 Joer, an der Artillerie ugefaangen, wou hien uganks duerch d'ënnescht Grade gelaf ass: den 1. Oktober 1735 Büchsenmeister (Kanonéier) an den 1. November 1737 Jungfeuerwerker (Bombardier). Géint den 2. Abrëll 1738 krut en den ënneschten Offizéieschgrad (Stuckjunker, Uewerleitnant). 1743 gouf e Stuckhauptmann, ier en du schlussendlech 1753 zum Majouer (Oberstuckhauptmann oder Obristwachtmeister) genannt gouf[1].

Am Siwejärege Krich (1756-1763) huet hien d'Artillerie an der Éisträichesch-Preisescher Schluecht vu Breslau ugefouert. Bei der Kapitulatioun den 21. Dezember 1757 koum hien a preisesch Gefaangenschaft. Am Joer duerno konnt hie sech profiléieren: an der Belagerung vun Olmütz (30. Juni 1758) grad ewéi bei där vun Neisse (Oktober / November 1758) war hie Majouer am Artillerie-Corps vum Colonel Ignaz Walther von Waldenau. Nodeems de Walther von Waldenau 1760 gestuerwe war, ass de Callot zum Leitnant-Colonel ernannt ginn[3]. Hie war och Kommandant vun der nidderlännescher Artillerie vum Distrikt Mechelen a blouf dat och nach nom Friddensaccord vun Hubertusberg vu 1763 tëscht Preisen, Éisträich a Sachsen. An der Zäit an där en zu Mechelen stationéiert war, huet hie sech drëm gekëmmert fir d'Arsenal nei auszestafféieren[4].

Ze bemierken ass, datt de Callot an de von Waldenau 1753 zesummen an der Festung Lëtzebuerg waren[3].

De 26. Januar 1765 goufen de Wenzel Callot, grad wéi och säi Brudder Karl, vun der Maria Theresia geadelt a se konnte sech vun do un „von Callot“ nennen[5]. Am selwechte Joer (de 4. Juli) war de Wenzel Callot am Kader vun enger Waffenschau nees eng Kéier zu Lëtzebuerg[6]. Am Januar 1767 gouf hie vun der Maria Theresia zum Generol (Obrist) ernannt. Ëm 1772 gouf hie Regiment-Kommandant vum 3. Feldartillerieregiment als Nofollger vum Karl Siegbert Triebl, ier en eng kuerz Zäit méi spéit pensionéiert gouf[7].

De 17. August 1779 krute béid Callot Bridder den Titel „Fräihär“: de Karl als k.k. Feldmarschall-Leitnant an de Wenzel als Generolmajouer (Generalfeldwachtmeister)[8].

De Wenzel Callot als Kënschtler änneren

An der Familljechronik vum Anton Franz von Callot gëtt de Wenzel als „Genie in der Malerkunst, welcher (…) in großen Ehren bey Monarchen, Fürtsen, und Hohen“ beschriwwen. Dem Wenzel seng Wierker déi an der Chronik ernimmt sinn, bestinn net méi. Et handelt sech dobäi ëm d'Molerei an der Kierch vun den Hiberner (Franziskaner aus Irland) zu Prag, ëm eng Rëtsch Retabelen a verschiddene Kierchen an ëm eng Sonnenauer op der Fassad vum Prager Invalidespidol.

Spéitstens ëm 1735 huet de Callot mat senger kënschtlerescher Aarbecht zu Prag opgehalen[9].

Veduta vun der Festung Lëtzebuerg änneren

Eng Veduta mat enger Vue vun der Festung Lëtzebuerg aus dem Joer 1753, déi 2018 zu Wien an der Albertina erëmfonnt gouf, ass déi eenzeg bekannt Zeechnung vum Callot, déi haut nach erhalen ass. Et handelt sech ëm eng 35,3 × 213 cm grouss Panoramazeechnung mam Titel „PROSPECT der Niederländischen Haupt= und Gränzt Vestung LUXEMBOURG“, déi d'Uewer- an d'Ënnerstad vum Fort Obergrünewald aus weist[10]. D'Bild dat an der Albertina conservéiert gëtt, war an der éischter Hallschecht vun 2020 am Lëtzebuerg City Museum ausgestallt.

 

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753.

Privates änneren

De Wenzel Callot war ee vu siwe Kanner vum Johann Valerian Callot an der Polyxena Ludmila. Ob hien en Nokomme vum loutrengeschen Zeechner a Graphiker Jacques Callot (1592 – 1635) war, ka weeder nogewisen nach widderluecht ginn.

De Wenzel huet sech den 12. August 1756 zu Krumau (Béimen) mat der Anna von Steinbach-Kranichstein († 24.01.1802) bestuet[11] an d'Koppel krut siwe Kanner[11]:

  • Johanna Josepha Maria Anna (~17.05.1757 – 21.08.1759)
  • Wenzel Joseph Johann Kalixt (~12.10.1759 – 03.04.1812)
  • Anna Elisabeth Theresia Elekta (~31.10.1761 – 23/24.12.1808)
  • Johann Thadǎus Vincenz (~26.10.1762 – 25.12.1809)
  • Anton Georg Aloïs (* 06.12.1763)
  • Franz Albert (* 16.04.1765)
  • Franz Philip Maria (* 11.03.1768)

Den éisträichesche Moler, Architekt an Ingenieur Johann Ferdinand Schor (1686 – 1767) war net nëmmen dem Wenzel säi Stéifpapp, mä och säi Léiermeeschter[12].

Literatur änneren

  • Gilles Genot, André Bruns (ed.): Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753. Lëtzebuerg City Museum, 2022. ISBN 978-2-919878-19-2 (Katalog, Publications du Lëtzebuerg City Museum, 1)
  • Georg Kabierske: "La vue Callot de Luxembourg de 1753. Découverte et présentation du dessin." in: Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise / Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 72 (2020), Heft 1, S. 17–22.
  • Änder Bruns: "Die Darstellung der Festung Luxemburg und ihrer Garnisonsbauten in der Zeichnung von Wenzel Callot, 1753." in: Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise / Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 72 (2020), Heft 1, S. 29–50.
  • Reiter, B., 2022, La vue de la ville par Wenzel Callot, Die Warte, Luxemburger Wort, 08.12.2022, S. 11

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Genot, G., „Mars und Musen. Die Familie (von) Callot“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, (kuckt: Literatur), S.167
  2. „Panoramablick auf die Stadt Luxemburg im Jahre 1753, Wenzel (von) Callot, Albertina, Wien.“ op citymuseum.lu, gekuckt den 03.11.2023.
  3. 3,0 3,1 Genot, G., „Mars und Musen. Die Familie (von) Callot“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, S. 168/169
  4. ibid., S. 170
  5. ibid., S. 176
  6. ibid., S. 172
  7. ibid., S. 173
  8. ibid., S. 178
  9. ibid., S. 184
  10. ibid., S. 21
  11. 11,0 11,1 ibid., S. 158
  12. ibid., S. 155