Gemeng Munneref
D'Gemeng Munneref ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Munneref vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Munneref | |
---|---|
d'Märei vu Munneref | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Mondorf-les-Bains de: Bad Mondorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réimech |
Chef-lieu | Munneref |
Buergermeeschter | Steve Reckel (DP) |
Awunner | 5.424 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.366 ha |
Héicht | 191 m |
Koordinaten |
49° 30’ 25’’ N 06° 16’ 50’’ O |
LAU-Code | LU1204 |
Websäit | http://www.mondorf-les-bains.lu/ |
Uertschaften an der Gemeng[1] änneren
Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie änneren
Munneref läit am Kanton Réimech am Südoste vu Lëtzebuerg, am Dall vun der Gander an op der Grenz mat Frankräich.
Nopeschgemengen änneren
Geschicht änneren
Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren
Quell - Statec
Wopen änneren
Beschreiwung am Originaltext: D'or au sautoir de gueules cantonné de quatre quintefeuilles de gueules, feuillées et boutonnées de sinople. |
Politik änneren
De Gemengerot vu Munneref gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot gouf vun 2011 bis 2023 vun enger DP-déi-Gréng-Majoritéit gedroen.
De Schäfferot gëtt zanter 2023 nëmme nach vun der DP gedroen.
Zesummesetzung änneren
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 3 | 6 | - | 2 |
2005 | 3 | 5 | - | 3 |
2011 | 4 | 5 | 1 | 1 |
2017 | 3 | 6 | 1 | 1 |
2023 | 2 | 7 | 1 | 1 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschteren änneren
- Jean Berger (1797)
- Dominique Thirya (1.03.1797)
- Grégoire Defer (1.03.1798)
- Nicolas Riever (20.04.1798)
- J. Bapt. Dreis (21.03.1799)
- Hubert B. Ant. Toussaint (18.08.1800)
- Dominique Thirya (22.11.1800)
- Pierre F. Xav. Fortuner (21.05.1801)
- Pierre Schmit (25.12.1806)
- Nicolas Ronck (15.03.1807)
- Pierre F. Xav. Fortuner (15.08.1807)
- Mathias Diederrich (1.01.1808)
- Nicolas Nennig (1.01.1813)
- Jacques Conrath (30.07.1821)
- J. Bapt. Philippe (1.08.1822)
- Mathias Diederrich (1.09.1825)
- Jean-Pierre Ledure (1.11.1830)
- J. Bapt. Keucker (1.09.1839)
- J. P. Ledure (1.02.1844)
- J. Diederich (8.02.1849)
- Jacques Marx (1.02.1888)
- Alphonse Majerus (1.01.1897)
- Jacques Marx (1.01.1903)
- Ferd Schuman (1.01.1915)
- Adolphe Klein (1.01.1925)
- Jean Linster (1.01.1946 - 13.12.1968)
- Marcel Steffen (25.02.1969 - 1974)
- Victor Schadeck (30.07.1974 - 31.12.1987)
- Robert (dit Roby) Schmit (1.01.1988 - 31.12.1993)
- Roland Delles (1.01.1994 - 10.01.1996)
- Maggy Nagel (12.02.1996 - 4.12.2013)[2]
- Lex Delles (17.01.2014 - 5.12.2018)
- Steve Reckel (zanter 21.12.2018)
Kuckeswäertes änneren
- D'Thermalbad
- De Casino
- D'Synagog
- D'Monument fir de John Grün
- De Maus-Ketti-Sprangbur vum Wil Lofy
- Bemierkenswäert Beem:
Interkommunal Syndikater änneren
D'Gemeng Munneref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Jumelagen änneren
Literatur änneren
- Bosseler, Fernand, 1979. Bad Mondorf durch die Geschichte. Heimat und Mission Jg. 53 (1979) n° 1/2: 21-22. Clairefontaine (B).
- Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.
- Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.
Kuckt och änneren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Munneref
- Ashcan - d'Gefaangenelager fir d'Nazibonzen um Enn vum Zweete Weltkrich
- Munnerëffer Dichterdeeg
- Hotel Grand-Chef
- Kierch Munneref
- Kaaschtel
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck änneren
Commons: Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Mémorial B N° 33 vun 1996 Säit 584