Peter van Eyck

däitsch-amerikanesche Museker a Schauspiller

De Peter van Eyck, gebuer de 16. Juli 1913 zu Steinwehr a Pommern (Polen) als Peter Götz von Eick, a gestuerwen de 15. Juli 1969 zu Männedorf bei Zürich an der Schwäiz, war en däitsch-amerikanesche Museker a Schauspiller.

Peter van Eyck
Gebuertsnumm Götz von Eick
Gebuer 16. Juli 1911
Gestuerwen 15. Juli 1969
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Däitschland, USA
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller

Hien huet an iwwer 90 KInos- an TV-Filmer matgespillt. Hie war a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Billy Wilder, Douglas Sirk, Helmut Käutner, Henri-Georges Clouzot, Fritz Lang an Orson Welles ze gesinn.

Liewen änneren

De Peter van Eyck kënnt aus enger adleger Famill aus Pommern (haut Polen). No senger Première an engem ofgebrachene Museksstudium ass hien an eng ganz Rëtsch Länner gereest, dorënner 1937 a Kuba, an ass dunn zu New York bliwwen, wou en am Ufank als Barpianist geschafft huet. Ausserdeem huet hie fir Revuë komponéiert a geschriwwen. Eng Zäitchen huet hien als dem Irving Berlin säi Produktionsassistent geschafftr, a fir den Orson Welles als Regieassistent. En Job als Camionschauffeur huet hie bis op Hollywood bruecht, wou en de Billy Wilder erëmbegéint huet, deen e scho vu Berlin hier kannt hat. Deen huet him e puer kleng Rollen a Filmer organiséiert, dacks Figuren, déi Däitscher waren, och alt Nazien.

1943 huet de Peter van Eyck déi US-amerikenesch Nationalitéit ugeholl a gouf an d'amerikanesch Arméi agezunn. Nom Enn vum Krich gouf hien an Däitschland als US-amerikanesche Kontrolloffizéier fir den däitsche Film agesat an ass bis 1948 Direkter vun der Filmsektioun bliwwen. An där Zäit hat hien och seng éischt Roll an engem däitschsproochege Film, nämlech an Hallo, Fräulein!.

Mam Film Le salaire de la peur vum Henri-Georges Clouzot (an der Haaptroll nieft dem Yves Montand an dem Charles Vanel) hat hien 1953 säin internationalen Duerchbroch. Hien huet och am Fritz Lang sengem leschte Film, Die 1000 Augen des Dr. Mabuse (1960) matgespillt. Do huet hien, deen esou dacks Nazi-Offizéier gespillt huet, fir eng Kéier en Amerikaner gespillt.

De Van Eyck war an engem éischte Mariage mat der amerikanescher Schauspillerin Ruth Ford bestuet, mat där en eng Duechter, d'Shelly, hat. Mat senger zweeter Fra, der Inge von Voris, hat hien zwou Duechteren, d'Kristina van Eyck an d'Claudia.

De Peter Van Eyck ass 1969 un enger Bluttvergëftung gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht vu St. Margrethen am Kanton St. Gallen an der Schwäiz begruewen.[1]

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1943 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. knerger.de: Dem Peter van Eyck säi Graf