Naturschutzgebitt Manternacher Fiels

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

Manternacher Fiels ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Manternach a Mäertert. Am Sirdall tëscht den zwou Uertschaften erstreckt sech e Bëschgebitt, wouvun zirka 132 ha zanter 2000 ënner Naturschutz stinn.

Naturschutzgebitt
Manternacher Fiels
D'Sir am Manternacher Fiels
Land Lëtzebuerg
Plaz Mäertert, Manternach
Fläch 136,55 ha
Nationalcode RF 09
Koordinaten 49°42'43"N, 6°26'53"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 27. Februar 2014

D'Manternacher Fiels ass besonnesch bekannt fir säi bemierkenswäerte Griechtebësch.

D'Reserv besteet zanter 2000.[1] D'Naturschutzgebitt gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 27. Februar 2014 geschaaft[2].

Geologie a Geschicht änneren

E groussen Deel vun der Muselgéigend läit geologesch um Muschelkallek, dee virun zirka 200 bis 240 Millioune Joren an der Period vun der Trias duerch Sedimentatioun an engem Mier entstanen ass. D'Oflagerung vum Ieweschte Muschelkallek ass en haarden Dolomitsteen, dee géi Uewerhäng am Sirdall bilt an dem ënneschten Deel vum Dall säin Numm Fiels ginn huet, wärend de Mëttlere Muschelkallek aus engem mëlle Gipsmergel besteet an ofgerënnten Ënnerhäng forméiert. D'Sir huet sech am Laf vun der Zäit duerch d'Waasserkraaft an d'Schichte vum Muschelkallek agedéift an den Dall geschaaft. Duerch déi geologesch, klimatesch Bedéngungen an déi fréier Kulturlandschaft mat de Manternacher Wéngerten a Bongerte besteet den Dall haut aus engem villsäitegen, awer nach bal ganz mat Bësch bedecktem Gebitt.

 
Schëld zu Manternach

Am Sirdall hu fréier net manner wéi 22 Mille gedréit, déi all d'Waasserkraaft vun der Sir benotzt hunn a vu grousser Bedeitung fir déi wirtschaftlech Entwécklung an der Géigend waren. Fënnef dovu stoungen tëscht Manternach a Mäertert, dorënner och d'Holzmillen oder Holzschläiferei genannt, déi haut net méi besteet. Si ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert vum Jules Lamort fir d'Produktioun vun Holzbräi als Matière première fir d'Pabeierhirstellung an der Pabeierfabrik Lamort, baachopwäerts tëscht Manternach a Wecker, opgeriicht ginn. Zum Bedreiwe vun dëser Millen ass e Stauwier entstanen, dat d'Waasser vun der Sir an e Kanal geleet huet. De Kanal huet iwwer en Aqueduc d'Sir iwwerquiert an huet iwwer ronn 850 Meter bis bei d'Waasserhaus vun der Holzmillen gefouert, dat zwielef Meter iwwer dem Niveau vun der Sir louch. Wärend dem zweegleisegem Ausbau vun der Zuchstreck Lëtzebuerg - däitsch Grenz, déi duerch den Dall féiert, huet ëm 1906 en Äerdrutsch d'Mille gréisstendeels zerstéiert.

Den Dall ass wéinst sengem groussem ekologeschem Wäert mat Kärberäich ronderëm de Griechtebësch mam groussherzogleche Reglement vum 6. Mee 2000 mat 132,04 ha zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn. Am Kader vun der EU-Habitatdirectiv (92/43/CEE) gehéiert den Dall tëscht Manternach an der Fielsmillen (baachofwäerts vun der Holzmillen) mat 171 ha gläichzäiteg zum europäeschem Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.

Ekologie änneren

 

Ekologesch interessant ass deen no Norden exposéierten Hank vun der Fielsmillen, dee vum Manternacher Griechtebësch ageholl gëtt. Dës Bëschgesellschaft, déi léiwer eng héich Loftfiichtegkeet a Keelt huet, kënnt nëmmen op spezielle Standuerte vir. De Bestand vum Manternacher Griechtebësch wiisst op engem Gestengshank aus engem basen- an nierstoffräichem Buedem, dee vu Sickerwaasser duerchzunn a gutt duerchlëft gëtt. D'Zesummewierke vun dëse Facteure schaaft optimal Bedéngunge fir e séiere Planzewuesstem. Séier gëtt d'Routbich (Fagus sylvatica) haaptsächlech vum Aaschtert (Acer pseudoplatanus), der Esch (Fraxinus excelsior), awer och vun der Lann (Tilia platyphyllos) an dem Routholz (Ulmus glabra) an hirer jonker Phas iwwerwuess a schliisslech verdrängt. D'Krautschicht gëtt vu Faren, Moossen a Kraider, déi sech un d'Feele vu Liicht an eng héich Loftfiichtegkeet ugepasst hunn dominéiert. Zu hinnen zielen déi charakteristesch, un dëse Standuert ugepassten Hirschzong (Phyllitis scolopendrium) a Gëftschwanz (Actaea spicata).

Eng aner Bëschgesellschaft an der Reserv ass den thermophilen Eechebësch, dee sech iwwer de Südhank vun der Muschelkallek-Fielswand zitt. Am Géigesaz zu dem Schluchtbësch handelt et sech hei ëm en dréchen-waarme Standuert, dee vun der héijer Sonnenastralung profitéiert an duerch dat waasserduerchlässegt Kallekgestengs begënschtegt gëtt. Un dës extreem Konditiounen huet sech d'Vegetatioun vun den Eechebëscher ugepasst. Si forméieren éischter krëppeleg, 10–15 m héich, trauschaarteg Bëscher mat enger ausgepräägter Bam-, Trausch- a Krautschicht. Dominéiert gëtt d'Bamschicht vun der Quercus petraea déi lues wiist, nieft der Routeech (Quercus robur), der Elsbier (Sorbus torminalis), der Sorbus aria an der Lann (Tilia cordata). Ënner dem Krounendaach vun dëse Beem wiisst de seelene Kierelter (Cornus mas). Charakteristesch fir d'Krautschicht vun dëser thermophiler Bëschgesellschaft ass d'Schlësselblumm (Primula veris). Méi seele fënnt een d'Lithospermum purpurocaeruleum .

Den naturnoe Waasserlaf vun der Sir an der Manternacher Fiels zeechent sech duerch e breet a flaacht Baachbett aus, an deem d'Waasser sech fräi beweege kann an amphibesch Liewensraim schaaft. Duerch Erosioun a Sedimentatioun bei staarker respektiv schwaacher Stréimung bilde sech Sand- a Kiselbänken, déi am Summer an Erscheinung trieden, wann Deeler vum Baachbett dréche ginn. Si ginn a kierzter Zäit vun enger, un dës Bedéngungen ugepasst Vegetatioun bedeckt, déi de stännege Wiessel vum Waasserniveau erdréit an an e puer Summerméint hire ganze Liewenszyklus duerchleeft. An dësem Deel vun der Sir wiisst Ieselskraut (Petasites hybridus) mat sénge grousse Blieder a Flossdeltebëscher, déi vun der Alenter (Alnus glutinosa) dominéiert ginn. Si befestege mat hirem Wuerzelsystem d'Sand- a Kiselbänken respektiv d'Tallien am Beräich vum Uwänner. Am Fréijoer benotze vill Fësch, wéi d'Baachfrell (Salmo trutta), déi nëmme liicht iwwerschwemmt Kiselbänken als Läichplaz, wärend am Summer op de Bullisflächen d'Baachmärel (Cinclus cinclus) an de Giele Wanterpanestäerzchen (Motacilla cinerea) no Friesse sichen.

Naturléierpad änneren

 
Iwwersiichtskaart vum Naturléierpad

Am Joer 1996 ass vum Rotary Club Iechternach a Musel zur Erënnerung u säi Grënnungsmember, dem Dokter Pierre Moes an Zesummenaarbecht mat de Ministère fir Tourismus an Ëmwelt, der Forstverwaltung an de Gemenge Manternach a Mäertert e Léierpad amenagéiert ginn. Mat Depart bei der Sirdallbréck oder zu Manternach, ass de Circuit jee no Weevariant 4 oder 6 km laang a mat siwwenzéng verschiddene Panneauen, déi en Abléck an déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vun der Manternacher Fiels ginn, illustréiert.

Literatur änneren

  • Thiel, M., 2010. Lehrpfad Manternacher Fels. Erausgi vun der Naturverwaltung, 2. Oplo, 112 S. Dréckerei Fr. Faber, Miersch.
  • Broschür: Lehrpfad Mertert-Manternach - Rundweg "Pierre Moes" - Begleitbroschüre. Erzéiungsministère, Mee 1996.

Um Spaweck änneren

Commons: Naturschutzgebitt Manternacher Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Règlement grand-ducal vum 6. Mee 2000, publizéiert am Memorial A N° 44, S. 974.
  2. Règlement grand-ducal du 27 février 2012 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone forestière «Manternacher Fiels» sise sur le territoire des communes de Manternach et de Mertert. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.