Haaptmenü opmaachen

Gaasperech ass e Quartier am Süde vun der Stad Lëtzebuerg.

Gaasperech
Luxembourg, ban de Gasperich.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Gasperich
de: Gasperich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 5.959 (31.12.2017)
Fläch 445,14 ha
Koordinaten 49° 35’ 25.4’’ N
06° 07’ 19’’ O
Gasperich quarter highlighted.png
Gaasperech (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)


En Deel dovunner, de Ban de Gasperich, ass zanter 2012 am Gaang, urbanistesch staark entwéckelt ze ginn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ban de Gasperich.

GeographieÄnneren

Gaasperech läit tëscht de Quartieren Zéisseng, Hollerech, Gare a Bouneweg-Süd op der Grenz mat de Gemenge Réiser an Hesper. Am Nordoste vum Quartier, op der Grenz mam Houwald ass de Rond-point Gluck vu wou een Accès op d'Autobunn A3 huet. Iwwer d'Gaasperecher Kräiz kënnt een dann op de ganzen Autobunnsreseau.

Gaasperech huet eng Fläch vu 445,14 Hektar, wat 8,61 % vun der ganzer Fläch vun der Stad Lëtzebuerg ausmécht. Gaasperech huet eng Kierch, eng Spillschoul, zwee Gebaier fir d'Grondschoul, eng Sportshal an eng Schoulschwämm.

D'Héicht vum Quartier variéiert tëscht 276,2 an 312,2 Meter iwwer dem Mieresspigel.

D'Drosbech kënnt vu Westen op d'Cloche d'Or, fléisst da queesch duerch Gaasperech weider op den Houwald.

Geschicht[1]Änneren

Den Uertschaftsnumm Gaasperech gouf fir d'éischt am Joer 1083 ernimmt, awer scho laang virdu war e Buedem besidelt. Op Grond vun der Loftbildarcheologie konnt e Bauerenhaff aus der spéit-keltescher Zäit, ongeféier do wou haut d'Déierenasyl ass, nogewise ginn.

An der Réimerzäit goufen et um Gaasperecher Bann eng ganz Rei Bauerenhäff, déi sougenannt Villaen. An der Zäit vum Réimesche Räich hunn zwéi Kiemen duerch Gaasperech gefouert: de sougenannte „Stengege Wee“ (haut: Boulevard Raiffeisen) deen de Kiem vun Tréier op Arel mat der gallo-réimescher Siidlung um Duelemer Plateau verbonnen huet. En zweete Kiem, dee vu Märel koum an a Richtung Bouneweger Bann verlaf ass, ass queesch duerch Gaasperech gaangen, ongeféier do wou haut d'Gaasperecher Strooss verleeft.

Ernimmt gëtt Gaasperech awer eréischt am Joer 1083, an zwar am Grënnungsdokument vun der Abtei Almënster. De Grof Konrad I. huet zu Éiere vun den Apostelfürste Péiter a Paul e Klouschter baue gelooss deem en ë. a. Lännereien zu Gaasperech, um „mons Cuconis“, vermaach huet. Déi Terraine goufe vum Luzo (haut géif een Ludwig soen) bewirtschaft; de Luzo war domat den éischten ernimmte Gaasperecher.

Am Joer 1297 war dann ee „Waltier de Goysperch“ Schäffe vun der Stad („eschevin de Lucemburch“).

Duerch den Drëssegjärege Krich huet d'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg staark ofgeholl a Gaasperech war souguer ganz ausgestuerwen. D'Uertschaft huet sech awer an den nächste Joerhonnerten nees erkritt.

 
Monument aux Morts Luxembourg-Gasperich

1795 fänkt déi zweet franséisch Herrschaft iwwer Lëtzebuerg un a Lëtzebuerg gëtt ënner dem Numm Département des Forêts un déi franséisch Republik ugeschloss. En Departement war an Arrondissementer, Kantonen, a Gemengen opgedeelt. Un der Spëtzt vun der Gemeng Hollerech - zur där d'Uertschaften Hollerech, Gaasperech, Bouneweg an Zéisseng gehéiert hunn - stoung en Agent municipal; den éischte war e Gaasperecher, de Jakob Joris. No der Vollekszielung vun 1806 goufen et deemools zu Gaasperech 18 Haiser mat am Ganzen 98 Awunner.

Nodeem 1919 d'Société Nationale des Habitations à Bon Marché gegrënnt gouf, goufen och direkt eng Rei Eefamilljenhaiser gebaut, déi den Ufank vun der sougenannter „Kolonie“ gemaach hunn. 1935 hunn 1.236 Leit zu Gaasperech gewunnt.

Am Zweete Weltkrich war Gaasperech besonnesch duerch d'Bommenugrëff op d'Zwickau staark betraff an hat am Ganzen 41 Krichsaffer ze bekloen. Fir u si z'erënnere gouf 1956 nieft der Kierch e Monument opgeriicht dat vum Sculpteur Pierre Berchem geschaf gouf.

Déi éischt Schoul zu Gaasperech gouf 1904 gebaut an 1937 vergréissert, ier 1977 en neit Gebai derbäi koum.

AwunnerÄnneren

2001 hunn zu Gaasperech 5.623 Leit gewunnt, 2013 waren et der 5.247 an 2015 der 5.623. Op den 31.12.2017 hat Gaasperech 5.959 Awunner. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 35,64 % géintiwwer 64,36 % Auslänner[2].

Gaasperecher no Nationalitéit (31.12.2017)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 5 959 100,00%
1   Lëtzebuerg 2 124 35,64%
2   Frankräich 1 005 16,87%
3   Portugal 810 13,59%
4   Italien 417 7,00%
5   Belsch 215 3,61%
6   Däitschland 142 2,38%
7   Rumänien 98 1,64%
8   Polen 86 1,44%
9   Spuenien 82 1,38%
10   Bosnien an Herzegowina 73 1,23%
Top 10 5 052 84,78%
Aner Nationalitéiten 907 15,22%

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Gaasperech – Biller, Videoen oder Audiodateien

BillergalerieÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. „Gasperich - ein historisches Viertel am Südwestrand der Stadt“ vum John J. Müller Ons stad 31: Säite 7-11.
  2. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)