Heesprénger, am breede Sënn vum Wuert, sinn eng Uerdnung (Orthoptera) an der Klass vun den Insekten (Insecta).

Heesprénger
Tettigonia viridissima, dat gréngt Heepäerd (Männchen)

Tettigonia viridissima, dat gréngt Heepäerd (Männchen)
Tettigonia viridissima, dat gréngt Heepäerd (Männchen)
Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Arthropoden (Arthropoda)
Ënnerstamm: Hexapoda
Klass: Insekten (Insecta)
Ënnerklass Fluchinsekten (Pterygota)
Wëssenschaftlechen Numm
Orthoptera
(Olivier, 1789)

Bekannt Vertrieder vun den Orthoptere sinn déi eigentlech Heesprénger, wéi z. B. dat Gréngt Heepäerdchen, an d'Grillen (dorënner d'Heemelmaus).
Wëssenschaftlech ginn d'Orthopteren an zwee Gruppen (Ënneruerdnungen) agedeelt: d'Ensifera an d'Caelifera.

D'Wuert Heesprénger ass ofgeleet vun deenen Aarten, déi een an de Summerméint am héije Gras, also zu där Zäit wou fréier Hee gemaach gouf, sprange gesäit. Dës Aarte falen duerch hire laanggestreckte Kierper an dat heefegt Sprangen op.
Aner Vertrieder vun den Orthoptera, wéi z. B. d'Grillen, hunn e gedrängte Kierper an eng verstoppt Liewensweis.

Kennzeeche vun den Heesprénger (Orthoptera) änneren

  • Insekte mat 2 Puer Flilleken, déi am Rouzoustand dem laange Wee no iwwer dem Abdomen leien.
  • Déi zwéi viischt Flilleke si méi schmuel wéi déi hënnescht; si sinn un der Basis verhäert a bedecken déi hënnescht Flilleken am Rouzoustand.
  • Déi zwéin hënnescht Flilleke si membranéis, am Rouzoustand si se gefaalt a gi vun de viischte Flilleke bedeckt.
  • Déi zwee hënnescht Been sinn zu staarke Sprangbeen ëmgeännert.
  • Antennen opfälleg laang (Ensifera) oder einfach laang (Caelifera).
  • Grouss zesummegesat Aen (Facettenaen).
  • Onkomplett Metamorphos: D'Larven ënnerscheede sech kaum am Kierperbau vun den Adulten (Imagines)

Heesprénger zu Lëtzebuerg änneren

Enger rezenter Studie no konnte bis haut 49 Heespréngeraarten zu Lëtzebuerg nogewise ginn, wouvun awer 3 Aarten als ausgestuerwe gëllen (Proess 2004).

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Orthoptera – Biller, Videoen oder Audiodateien