Am Kader vun der Franséischer Revolutioun, a méi genee ënner der Éischter Republik koum et a Frankräich zum Krich an der Vendée (fr.: Guerre de Vendée), engem Biergerkrich tëscht den Unhänger an de Géigner vun der Revolutioun, vum Joer I bis zum Joer VI.

D'Zeechene vun de Royalisten am Krich an der Vendée: Dieu le Roi (1793).

Wéi iwwerall a Frankräich koum et tëscht 1789 a 1792 zu Opstänn vun der Landbevëlkerung. Duerch d'Levée en masse am Joer 1793 koum et zu enger richteger Revolt, déi och Opstand an der Vendée (fr.: Insurrection vendéenne) genannt gouf. Vun enger klassescher ländlecher Jacquerie huet sech dësen Opstand zu engem Géigerevolutionäre Mouvement entwéckelt.

De Krich deen dräi Joer gedauert huet, hat verschidde Phasen, mat engem kuerze Fridden am Fréijoer 1795. Op en Enn gaangen ass den Opstand eréischt um Ufank vum Joer 1796 no ville Kämpf, Doudegen an Zerstéierungen.

Kontext änneren

D'historiographesch Evolutioun iwwer d'Ursaache vum Opstand änneren

Verschidde Grënn a Facteure goufe virbruecht fir de sougenannte "Krich an der Vendée" z'erklären. Zu dëser sensibler Fro, jee no Ideologie vun den Historiker a Schrëftsteller, goufen d'Quellen och gär instrumentaliséiert a manipuléiert. Zanter engem Joerhonnert huet d'Historiographie d'Fro op en Neits opgeworf.

D'Haaptursaache waren:

Déi verschidden Hypotheese goufe begënschtegt, fir déi eng oder aner Thees opzestellen.

 
Jules Michelet

Déi éischt Texter déi zu dësem Krich geschriwwe goufen, waren d'Memoire vun den Acteuren, Royaliste wéi der Mme de la Rochejacquelein, dem Poirier de Beauvais, dem Puisaye, a Republikaner wéi dem Grouchy, dem Kléber, dem Choudieu... De bekanntsten Text sinn d'Mémoires vun der Mme de la Rochejacquelein, Wittfra vum Lescure, déi e spontanen Opstand vun de Bauere fir hire Kinnek an hir Kierch ze verdeedege beschreift. E republikaneschen Historiker wéi de Jules Michelet oder e Sozialist wéi de Jean Jaurès hu generell d'Roll vum Klerus a vum Adel ugeklot: duerch de spéideren Afloss vun hire Schrëften hu si eng bestëmmt Visioun vum Opstand an der Vendée hannerlooss[1]. D'positivistesch Schoul, dorënner de Charles-Louis Chassin, Schüler vum Alphonse Aulard, deniéiert all populäre Charakter vum Mouvement, a behaapt datt den Ursprong beim Adel a beim Klerus louch, an den ignoranten Deel vun der Bevëlkerung wier hinne blann nogaangen. Aner Historiker, mat éischter monarchisteschen, traditionalisteschen oder kathouleschen Tendezen, wéi de François Uzureau, Paschtouer an der Diözees vun Angers, ginn dovun aus, datt kleng Truppe vu Baueren - ganz kathoulescher déi un hiren Adelegen houngen - vum klenge lokalen Adel gefouert goufen, fir d'Monarchie nees anzesetzen, an de Katholizismus ze retten.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Historiographie vum Krich an der Vendée.

D'Situatioun virum Opstand an d'Ursaachen änneren

Um Enn vum 18. Joerhonnert war d'Gesellschaft an der Vendée (aktuellt Departement vun der Vendée, Süde vun der Loire-Inférieure, Oste vun der Maine-et-Loire, Norde vun den Deux-Sèvres), wéi a ville franséische Provënzen, zimmlech ländlech. De Weste war viru Kuerzem nees zeréck zum Katholizismus duerch de Père de Montfort komm.

 
Ouverture vun de Generalstänn vu 1789 zu Versailles.

Dem Michel Vovelle no huet dem Adel um Enn vum Ancien Régime iwwer d'Hallschent vun de Lännereie gehéiert, 10-20 % waren an den Hänn vun der Bourgeoisie, manner wéi 30 % bei de Baueren a manner wéi 5 % hunn dem Klerus gehéiert. Hien huet d'Bevëlkerungsdicht op 700-790 Awunner/Lieue carrée a pro Généralité geschat. D'Alphabetisatioun war éischter schwaach am Verglach zum Norden an Oste vum Land, 10-20 % vun de Partner konnten hiren Numm schreiwen[2].

1789 hunn d'Baueren am Westen den Ufank vun der Revolutioun éischter gutt opgeholl. D'Cahiers de doléances vun der Bretagne, vum Maine, vum Anjou a vum Bas Poitou hunn d'Ofneigung vun de Baueren zum feudale System gewisen. D'Wale vu patrioteschen Deputéierten hunn d'Gewalt géint d'Grondhären an der Grande Peur ënnerstrach, souwéi och d'Gewaltdote géint d'Aristokraten an hiren Haiser an de Joren 1790 a 1791. Ausserdeem waren d'Vendée an d'Maine-et-Loire zwee vun den zwielef Departementer, déi am meeschte jakobinesch Deputéiert an d'Assemblée législative geschéckt hunn[3]. Vill Paschtéier waren och enthousiastesch dobäi: an der Vendée hu verschidde Geeschtlecher déi nei Chargen, déi Revolutioun an d'Liewe geruff hat, iwwerholl, a goufen zum Beispill Buergermeeschter. D'Revolutioun, wéi iwwerall a Frankräich, war mat enger grousser Hoffnung verbonnen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ursaache vum Krich an der Vendée.

Éischt Krichshandlungen an Organisatioun änneren

Eng déidlech Jacquerie änneren

Um Ufank war dësen Opstand näischt anescht, wéi eng Partie Revolten, zu deenen et a Frankräich am Fréijoer an am Summer 1793 komm war. Den Ënnerscheed an der Vendée allerdéngs war deen, datt iwwerall soss a Frankräich d'Truppen dem Opstand Meeschter goufen. An der Vendée allerdéngs gouf eng Arméi vu Beruffszaldoten den 19. Mäerz um Pont-Charrault vun den Opstännege geschloen, wat d'Regioun an de Biergerkrich gestierzt huet[4]. Um Norde vun der Loire goufen d'Mouvementer brutal an engem Mount néiergeschloen[5]. Den 3. Mäerz goufen zu Cholet déi jonk Männer vum Kanton zesummegeruff, « pour prendre connaissance des modalités du recrutement du contingent local pour la levée des 300 000 hommes », an hu manifestéiert, well si net fortgoe wollten[6].

 
De Charles-Melchior Arthus, Marquis vu Bonchamps gemoolt vum Girodet.

Den 10. Mäerz « la protestation s'étend. La Loire-Inférieure se soulève massivement, acculant les Nantais à l'impuissance devant la multiplicité des interventions nécessaires ». An der éischter Woch vum Opstand, waren d'Plaze wou protestéiert gouf, ganz verspreet. Den 11. Mäerz gouf Machecoul vun den Opstännegen aus de Nopeschgemengen iwwerrannt, an et koum zu Massakere bis am Abrëll[7]. Ënner den Awunner, déi agespaart a massakréiert goufe waren och Paschtéier, déi en Eed op d'Konstitutioun geleescht haten. D'Zuel vun den Affer variéiert jee no Auteur tëscht 100 an 800; de Jean-Clément Martin zielt a sengem Bilan op d'mannst 160 Doudeger[4]. Ënner den Opstännege waren och de Charette ze fannen, deen näischt ënnerholl huet, fir d'Massakeren ze stoppen, de Souchu, säin ale Procureur fiscal, an den Abt Prioul, deen nieft de Kadaveren eng Mass ofgehalen huet[8].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Massakere vu Machecoul.
Am Pays de Retz hu sech aner Bande Cheffen aus dem Aarbechtervollek gesicht: de Chirurg Jean-Baptiste Joly, ale Sergent vun der kinneklecher Arméi, den Eeërverkeefer Louis Guérin, de Colporteur Pajot, oder de Paréckemécher Gaston Bourdic[9].

Den 12. Mäerz huet d'Garde nationale op d'Manifestante geschoss, fir Paimbœuf ze degagéieren, wou Baueren aus 32 franséische Gemenge sech versammelt haten ; den Adelegen, dee si ugefouert huet, gouf gefaange geholl an zu Nantes guillotinéiert. De selwechten Dag ass Savenay an d'Hänn vun den Opstännege gefall. D'Manifestante vun de Pare ronderëm Nantes, um rietsen Ufer vun der Loire hu sech ënner der Leedung vum Gaudin-Berillais virun den Diere vun der Stad versammelt. De Gaudin-Berillais war en Adelegen, « qui n'ose pas attaquer la ville et se borne à lui envoyer une proclamation où il énumère en quinze points les revendications des paysans en vue d'une négociation » ; reklaméiert goufen: d'Enn vun der Levée vun de Männer, nëmmen déi Fräiwëlleg sollte fortgoen, d'Pare misste mat de Steieren averstane sinn, d'Enn vun de Perquisitiounen a Requisitiounen, d'Reliounsfräiheet, d'Fräiheet ze denken an ze schreiwen. Et koum keng Äntwert, an de groussen Deel vun der Manifestatioun huet sech opgeléist. De Rescht, dee géint d'Stad virgoe wollt, gouf vun den Awunner vun Nantes opgehalen. « L'épisode est révélateur du sentiment profond d'une paysannerie qui refuse une solidarité nationale qu'elle ne comprend pas et revendique au contraire le droit de la moduler selon ses intérêts immédiats »[10].

Zu Chanzeaux koum et zu Reiwereien tëscht de jonke Leit vum Duerf an de Gendarmen, woubäi ee vun de Gendarmen ëm d'Liewe komm ass. D'Croix du gendarme am Park vum Schlass vu Chanzeaux ass nach haut en Zeie vun dësen Evenement.

Weider nërdlech hu sech de selwechten Dag 600 Bauere Richtung Saint-Florent-le-Vieil opgemaach, fir géint d'Lousentscheedung ze protestéieren. Si hu 500 Gardes nationaux an d'Flucht gedriwwen, an d'Haiser an d'Keesse vum Distrikt geplëmmt. Den Dag drop ass de Marquis vu Bonchamps ukomm, an huet d'Trupp organiséiert, déi sech soss nees opgeléist hätt. Al Zaldoten, wéi de Caporal Perdriault goufen un d'Spëtzt vun de Bande gestallt, an hunn hinnen hiert militärescht Wësse vermëttelt.

Den Ubauer a Colporteur um Pin-en-Mauges, de Cathelineau « rassemble quelques voisins, fait sonner le tocsin, demande au prêtre réfractaire de bénir sa petite troupe, abat le drapeau tricolore qui flottait sur l'église et court rejoindre le gros des insurgés ». De selwechten Dag hu 500 Bauere vum Kanton ënner der Leedung vu Perdriault a Cathelineau Jallais, wou si 150 Gardes nationaux konnte schloen.

 
De Jacques Cathelineau.

De 14. Mäerz si sech d'Bande vum Cathelineau a vum Stofflet begéint, engem ale Caporal deen elo Garde-chasse vum Schlass zu Maulévrier war. Ënner der Leedung vum Stofflet huet d'Trupp vu 15.000 Männer Cholet ugegraff, eng Stad vu 7.000 Awunner déi als Verdeedegung 500 Gardes nationaux, 80 Kavaléier an eng zéng Kanounen hat. 300 Republikaner si bei dësem Uschlag ëm d'Liewe komm, « soit la quasi-totalité du bataillon des volontaires des Deux-Sèvres », d'Opstänneg haten eng 40 Doudeger ze bekloen. Wéi d'Opstänneg an d'Stad erakomm sinn, « ils saccagent les locaux de la municipalité et des administrations, pillent quelques habitations des patriotes les plus en vue et célèbrent dans les auberges une victoire péremptoire. En cinq jours, les insurgés se sont rendus maîtres des Mauges, c'est-à-dire de la moitié méridionale, située au sud de la Loire, du département du Maine-et-Loire ». Op der anerer Säit vum Floss konnt d'Garde nationale d'Iwwerhand behalen, an huet eng 30 Opstänneg gefaange geholl, wouvun eng grouss Partie zu Angers guillotinéiert ginn ass.

Am Departement vun der Vendée hunn d'Opstänneg vum 12. bis 14. Mäerz d'Garde nationale vu Palluau verdriwwen, an de Marais ageholl; d'patriotesch Notabele vu Saint-Gilles a vu Challans si Richtung Sables-d'Olonne fortgelaf. Am Banneland, am Bocage, gouf d'Majoritéit vun de klenge Stied duerch d'Iwwerraschung den 12. Mäerz ageholl. Den 13. Mäerz koum et zu engem Uschlag op d'Garde nationale vum Chef-lieu vum Departement, Fontenay, op enger Kräizung vun de Stroossen op Nantes a La Rochelle souwéi op der Kräizung Sables-d'Olonne-Saumur[11].

D'Arméi vun der Géigerevolutioun änneren

 
De Louis d'Elbée gemoolt vum Girodet.

An den Deeg drop hu sech 35.000 Männer zu Chemillé versammelt, fir eng richteg Arméi op d'Been ze stellen. Dorënner waren och vill Adeleger, dacks al Offizéier: Charette, d'Elbée, Lescure, La Rochejaquelein. Dës Cheffen aus dem klengen Adel hu sech net aus eegener Initiativ un d'Spëtzt vun de Bande gestallt. Si ware generell net déif gleeweg a konnten hir Lännereien a Besëtzer zanter 1789 behalen. Deelweis sinn si souguer zu neiem Räichtum duerch den Akaf vu Bien nationaux komm, an hu sech net spontan responsabel fir d'opstänneg Bande gefillt. Eréischt méi spéit hu si d'Roserei vun der Bevëlkerung opgegraff, an deem ganzen eng däitlech kathoulesch a royalistesch Tendenz ginn.

D'Zil vun dëser neier Arméi war et, Chalonnes, e Virposte vun Angers, anzehuelen. D'Republikaner, déi de strategesche Sënn vun dësem Poste verstan haten, hu 4.000 Männer a 5 Kanounen dohi postéiert. Den 22. Mäerz, obschonn de Buergermeeschter an d'Offizéier vun der Garde nationale anerer Meenung waren, hu sech d'lokal Autoritéiten an déi breet Mass de Blancs erginn ; d'Garde nationale huet sech op Angers zeréckgezunn, an d'Kanounen an d'Loire geworf. Obschonn Angers sech op en Ugrëff virbereet hat, huet sech d'Arméi opgeléist, an d'Leit sinn nees heemgaangen. « On s'était soulevé pour éviter d'être soldat et il n'était pas question de le devenir pour rétablir la monarchie dans la capitale. Plus qu'un soulèvement contre-révolutionnaire, la rébellion demeurait encore une jacquerie contre les exigences jugées intolérables de la nation. »[12].

D'Republikaner hu versicht, d'Situatioun nees zu hire Gonschten ëmzedréinen. Ënner dem Uerder vum Generol Marcé, dee vun der Convention den Optrag kritt hat, d'Rebellioun néierzeschloen, huet eng Colonne vun 2.200 Zaldoten, 100 Kavaléier an 8 Kanoune versicht, duerch déi opstänneg Zon tëscht La Rochelle an Nantes ze kommen. De 17. Mäerz konnt d'Colonnen zu Chantonnay Baueren an d'Flucht joen, déi eng 40 Doudeger an 3 Kanounen hanner sech gelooss hunn. Um Owend vum 19. Mäerz wollt d'Colonne grad e Lager an engem Dall am Bocage opschloen, wéi et zu enger Schéisserei komm ass. D'Colonne ass Richtung La Rochelle geflücht, wou de Marcé destitutéiert a festgeholl gouf.

D'offensiv Muecht vun de Republikaner war domat zerschloen. Et koum weider zu grousse Versammlungen ënner der Leedung vun Adelege wéi Royrand a Sapinaud. Mä d'Band vum Marais a vum Bocage, ëmmerhin 10.000 Leit ënner der Leedung vum Jean-Baptiste Joly, engem ale Sergeant vun der kinneklecher Arméi, hu missen zweemol eng Néierlag astiechen, wéi si de 24. an de 27. Mäerz versicht hunn, d'Sables-d'Olonne z'erueweren.

D'Vendée militaire änneren

Enn Mäerz 1793 waren d'Ëmrësser vun der « Vendée militaire » zum groussen Deel kloer: d'Departement vun der Vendée an d'südlechen Deeler vun der Loire-Inférieure a vun der Maine-et-Loire. De Norde vun den Deux-Sèvres ass am Mee an d'Hänn vun den Opstännege gefall[13].

D'opstänneg Arméi war wéineg zentraliséiert, schlecht ekipéiert (3/4 vun de Männer haten net emol e Gewier virun der Attack op Chalonnes, eng grouss Partie vun de Waffen a Munitioune koum vu republikaneschen Zaldoten, déi geplëmmt goufen) an net permanent, d'Bauere sinn, soubal si konnten, nees op hir Lännereien zeréckgaangen. Et koumen awer och Beruffszaldoten dobäi, déi aus der republikanescher Arméi desertéiert waren, an déi hiert Wësse matbruecht hunn[14]. Sou hat de Charette och wéineg Autoritéit iwwer seng Männer, déi him och net ganz iwwer de Wee getraut hunn, an d'Arméi hat wéineg Succès um Schluechtfeld; nodeem besser Elementer dobäi koumen, wéi d'republikanesch Zaldoten, an eng Elite-Kavalerie aus Adelegen a Bierger op eege Käschten op d'Bee gestallt gouf, konnt hie sech duerchsetzen[15].

D'Vendée militaire hat dräi Arméien, déi sech zanter Mäerz zesummefonnt hunn: d'Arméi vum Anjou, ëstlech vum Floss Sèvre nantaise (40.000 Männer), d'Arméi vum Zentrum, am Häerze vun der Vendée (10.000 Männer) an d'Arméi vum Marais, tëscht der Sèvre nantaise an dem Atlantik (15.000 Männer). D'Haaptaufgab vun den Arméie war et, deen Territoire aus deem si komm sinn, ze behalen[16].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vendée militaire.

D'Virée de Galerne änneren

 
D'Virée de Galerne.

Well eng Néierlag vun de Blancs op sech waarde gelooss huet, huet d'Convention séier reagéiert, a frësch Truppen, d'"Mayençais" (vum Numm vun der Garnisoun vu Mainz, déi den 23. Juli kapituléiert hat), an d'Vendée geschéckt. Dës Truppe stoungen ënner der Leedung vum Kléber an dem Canclaux, Chef vun der Armée des côtes de Brest. Zu Cholet koum et zu enger Ausernanersetzung, an d'Vendéens hu sech zeréckgezunn. Op béide Säite gouf et vill Doudeger ze bekloen, an de Bonchamps an den D'Elbée goufe blesséiert.

 
Henri de La Rochejacquelein

D'Vendéens hu beschloss, iwwer d'Loire ze goen, an der Revolt an der Bretagne an am Maine neit Feier ze ginn.

An enger Nuecht, den 18. Oktober, huet de La Rochejaquelein, den neie "Généralissime", seng ganz Truppen, 20.000-30.000 Zaldoten, iwwer d'Loire geschéckt. Dëst war den Ufank vun der « Virée de Galerne » (Franzisatioun vum bretonesche gwalarn, Wand vum Nordwesten).

Spektakulär Victoiren hu sech am Weste séier verbreet, an der Bauererebellioun neit Feier ginn. Ausserdeem koumen Honnerte vu Fräiwëllegen aus der Ille-et-Vilaine an dem Morbihan, soudatt viru Granville 6.000 Männer stoungen. Mä well si wéineg vun der lokaler Bevëlkerung ënnerstëtzt goufen, si si midd ginn, an hu vill Männer verluer[17].

Zu Granville huet kee brittescht Schëff op d'Opstänneg gewaart, an d'republikanesch Stad huet sech groussaarteg den 13. a 14. November verdeedegt. D'Arméi ass dunn an déi entgéigegesat Richtung op Le Mans gezunn, fir sech Ravitaillement ze verschafen, a wollten duerno weider op Blois. Den 10. Dezember ass d'Arméi mat 30.000-40.000 Männer op Le Mans komm, wou si gerascht hunn, mä huet duerno d'Schluecht vu Le Mans den 13. a 14. Dezember veluer. Déi 15.000 Männer, déi iwwerlieft hunn, sinn op Laval geflücht. Si ware vun der Dysenterie geschwächt a goufe vun enger rosener Bevëlkerung beleidegt. Si goufen déidlech zu Savenay bei Nantes den 23. Dezember geschloen.

A sengem Rapport un d'Convention, huet de Generol Westermann deklaréiert:

Citoyens républicains, il n'y a plus de Vendée ! Elle est morte sous notre sabre libre, avec ses femmes et ses enfants. Je viens de l'enterrer dans les marais et les bois de Savenay. Suivant les ordres que vous m'avez donnés, j'ai écrasé les enfants sous les pieds des chevaux, massacré les femmes qui, au moins pour celles-là, n'enfanteront plus de brigands. Je n'ai pas un prisonnier à me reprocher; les routes sont semées de cadavres. On fusille sans cesse à Savenay, car à chaque instant il arrive des brigands qui prétendent se rendre prisonniers. [...] Nous ne faisons pas de prisonniers, Il faudrait leur donner le pain de la liberté et la pitié n'est pas révolutionnaire.

Déi Victoire huet de Genereel an den Envoyés en mission allerdéngs keng Sécherheet ginn; de laange Wee vun där Kolonn zu enger Zäit wou gegleeft ginn ass, datt den Opstand op en Enn gaange wier, hat d'Land iwwerrascht. Sou war d'Regioun an den Ae vu Villen, vun der Géigerevolutioun oder dem Federalismus dominéiert. Dëst erkläert och d'Repressioun, déi déi Opstänneg ze spiere kruten.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Virée de Galerne.

D'Repressioun änneren

Terreur zu Nantes änneren

 
Jean-Baptiste Carrier

Als Envoyé en mission an déi fënnef bretonesch Departementer duerch en Dekreet vum 14. August 1793 huet sech de Jean-Baptiste Carrier no engem Arrêté vum Comité de salut public vum 29. September zu Nantes installéiert (wou hien och bliwwen ass, obschonn en Dekreet vum 13. Oktober hien zu der Armée de l'Ouest mam Bourbotte, Francastel an Turreau geschéckt huet). Wéi hien den 8. Oktober ukomm ass, huet sech him eng Stad presentéiert, déi tëscht dem Vollek an den Notabelen an zwee gedeelt war. Enn September/Ufank Oktober hat säi Virgänger, de Philippeaux, d'Administratiounen, déi 1792 gewielt gi waren ausser Kraaft gesat, an e Comité an e Geriicht geschaf. Dëst Geriicht huet d'Compagnie Marat forméiert, eng kleng revolutionär Arméi vun enger 60 Männer, déi am Hafe rekrutéiert goufen.

De Carrier hat d'Instrumenter vun enger Politik vun der Terreur, an huet d'Kar, wat hien an der Vendée requisitionéiert huet benotzt, fir d'Arméi an déi kleng Bevëlkerung vun Nantes z'ernähren. Hien huet eng Geheimpolice (als Konkurrenz zu der Compagnie Marat) gegrënnt, an d'Prozedur fir d'Revolutiounsgeriicht vereinfacht. 144 Leit goufen am November an Dezember guillotinéiert, well si verdächtegt goufen, mat de Vendéens zesummenzeschaffen. No der Schluecht vu Savenay goufen Dausende vu Gefaangen an d'Prisonge vun Nantes gehäit, a spéider, wéi keng Plaz méi war, an d'Lagerhale vum Hafen (wou vill Prisonéier duerch Epidemien ëm d'Liewe komm sinn). Well si eng sanitär Gefor fir d'Stad waren, a well si Unhänger vun der Géigerevolutioun waren, gouf eng militäresch Kommissioun gegrënnt ; vun Enn Dezember bis Enn Februar goufen 2.600 Leit erschoss (mat engem Maximum vun 200 Exektutiounen den Dag). Mä well et net méi méiglech war, all dës Leit ze begruewen, a well d'Exekutiounen net duergaange sinn, huet de Carrier d'« Mariages républicains » organiséiert, wou massiv "Brigange" vum Opstand erdronk goufen[18].

Déi genee Zuel vun dësen « Noyades » (tëscht 7 an 11) ass net bekannt, mä et goufe wuel 300-400 Persounen all Kéier op de Buedem vun der Loire geschéckt[19]. Fir d'Zuel vun den Affer gëtt et verschidden Evaluatiounen. 1839 schwätzt den Ange Guépin vun 3 500 Doudeger. 1924 schätzt de Gaston Martin d'Affer op 1 800. Méi rezent schätzt den Alfred Lallie d'Zuel op 4 860 Affer. De Jean-Clément Martin, erkläert datt « près de 4 000 personnes au moins meurent de ces noyades. 10 000 sans doute au total disparaissent pendant les quelques mois que Carrier passe à Nantes. »[20]

Ausserdeem goufen 132 Notabelen als Federaliste festgeholl, an op Paräis virun d'Revolutiounsgeriicht bruecht ; 12 si bei der Rees ëm d'Liewe komm, a 24 am Prisong. Dës Exactioune goufe vum Jullien de Paris, Agent vum Comité de salut public, ugeklot, an de Carrier war gezwonge säi Rappel den 9. Pluviôse Joer II ze froen[21].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Terreur zu Nantes.

Repressioun zu Angers a Saumur änneren

Zu Angers, wou d'Envoyés en mission Hentz a Francastel genee wéi de Carrier zu Nantes mat Dausende vu Prisonéier no der Schluecht vu Savenay konfrontéiert waren, huet d'Militär am Januar 1794 eng militäresch Kommissioun ënner dem Numm Parein gegrënnt, déi 2.000 Persounen zum Doud verurteelt huet, virun allem Fraleit.[22]. De Jean-Clément Martin schreift:

Ce détournement à des fins personnelles des principes répressifs provoque le rejet de cette commission militaire par les révolutionnaires locaux.

Och zu Angers a Saumur koum et zu Noyaden, wann och manner wéi zu Nantes[23].

D'Colonnes infernales änneren

 
Doud vum Joseph Bara de 7. Dezember 1793, bei Cholet (David, 1794).

No Savenay kruten de La Rochejaquelein an de Stofflet, déi iwwer d'Loire komm waren, Gesellschaft vun e puer Dausend Flüchtlichen. De Charette, deen net bei der « Virée de Galerne » dobäi war, hat de Marais a sengen Hänn. Éier et nees zu engem Klengkrich komme sollt, hunn d'Bleus d'Exekutioun vum Dekreet vum 1. August 1793 gefuerdert, d'« destruction de la Vendée ». Als Chefgenerol vun der Armée de l'Ouest, och wann hien e Ci-devant war, huet de Generol Turreau e Plang vu Kolonne virgeschloen, déi hie « Colonnes infernales » gedeeft huet. De Comité de salut public huet him net déi gréng Luucht ginn, déi hie sech erhofft hat, a sou huet hie sech missen domat zefridde ginn, d'Decisioune vun der Convention duerchzesetzen, andeems hien « l'esprit et les termes » vun den Dekreter respektéiert huet.

De 17. Februar gouf de Plang ëmgesat mat zwou Arméien, déi a 6 Kolonnen ënnerdeelt goufen, a wouvun eng no Westen an eng no Oste gezunn ass. D'Cheffe vun de Kolonnen hunn awer d'Uerder vu systematescher Zerstéierung net applizéiert. D'Membere vun der Commission civile et administrative vun Nantes, déi Liewensmëttel a Véi fir d'Arméie mabrénge sollten, si mat den Arméie matgezunn, wat vill Liewen an Uertschafte gerett huet. Verschidde Kolonnen hunn allerdéngs och geplëmmt, an d'Zivilbevëlkerung massakréiert, si hu ganz Dierfer verbrannt an alles ëmbruecht wat si gesinn hunn, och d'Hausdéieren. D'Kolonnen hunn allerdéngs d'Revolt net zerstéiert, si hunn dozou gefouert, datt sech Dausenden de Bande vu Charette a Stofflet ugeschloss hunn, wouduerch d'Guerilla ëmmer méi schlëmm ginn ass[24]. An dëser Period koum et och nees zu Praktiken, déi aus dem Ancien Régime bekannt waren: « Sur décision d'une commission militaire, les têtes de quelques Vendéens et chouans notables, dont celle du prince de Talmond, sont mêmes exposées après décapitation pour épouvanter le public. »[25]

Den Turreau gouf schlussendlech de 17. Mee 1794 suspendéiert, an d'Aktivitéit vun de Colonnes infernales huet progressiv ofgeholl. De Comité de salut public huet d'Staatsgeschäfter nees an d'Hand geholl, an, « au prix d'une utilisation des mots d'ordre les plus fermes et d'une détermination de fer », krut d'Gewalt am Land nees ënner Kontroll[26].

Jee no Auteur läit de Bilan vun dëse Massakeren tëscht 20.000 an 200.000 Doudeger[27]. Eng honnert Dierfer goufe verbrannt, mä net all d'Awunner sinn dobäi ëm d'Liewe komm, vill Leit konnten an d'Bëscher an an de Bocage flüchten, an hu sech den Opstännegen ugeschloss[27]. D'Vendée huet nach laang d'Erënnerung un de Passage vun de Colonnes infernales behalen, déi an engem Saz mat den Dragonnade vum Louis XIV. genannt goufen, souwuel an der Landschaft wéi och an de Mentalitéiten.

Fir de Jean-Clément Martin:

Après la victoire de Savenay, l'armée révolutionnaire hésite entre une occupation militaire stricte, prônée par Marceau et Kléber, et la destruction des bandes insurgées toujours actives. Le commandant en chef Turreau se rallie à cette deuxième solution en se couvrant des décrets d'août et d'octobre 1793, mais en laissant ses généraux libres d'appliquer les clauses de protection des populations désarmées - malgré la réitération des ordres de la Convention. Quelques généraux maintiennent une discipline militaire qui préserve les ruraux. D'autres engagent leurs soldats dans une opération de dévastation. Organisés en colonnes « incendiaires », baptisées « infernales », les républicains massacrent, brûlent et violent sur leur passage, essentiellement dans le Pays nantais et dans les Mauges (les autres zones étant plus ou moins protégées par des généraux hostiles à ces pratiques, ou par des représentants en mission jaloux de leurs prérogatives). Les destructions sont importantes, quoique aléatoires et souvent inefficaces, ressuscitant la résistance rurale là où elle avait disparu et achevant d'unifier la région Vendée autour des chefs insurgés.[28]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Colonnes infernales.

De Fridden änneren

Eng kuerz an onsécher Pazifikatioun änneren

 
Lazare Hoche

Am Fréijoer 1794 goufen d'Colonnes infernales vum Turreau opgeléist, an et goufe Moossnamen ergraff, fir d'Zaldote roueg ze halen, an ze verhënneren, datt weider Dierfer geplëmmt géife ginn. Ënner der Convention thermidorienne, sinn d'Representanten a Missioun an déi nei militäresch Cheffen (Hoche an der Bretagne, Canclaux an der Vendée) zu enger Pazifikatiounspolitik iwwergaangen. D'Gefaange goufe fräigelooss, déi Opstänneg kruten eng Amnestie. De 24. September an den 13. Oktober gouf de Rebellen aus der Ille-et-Vilaine an aus dem Morbihan d'Amnestie versprach, wa si sech bannen 10 Deeg géifen erginn. Dëst gouf op all Rebellen erweidert, déi sech bannen engem Mount géifen erginn (Dekreet vum 2. Dezember, an d'Representanten a Missioun krute vun der Convention d'Recht, mat de royalistesche Cheffen ze verhandelen. Den 23. Dezember koum et zu Verhandlungen, an de Charette huet de 25. Dezember e republikanesche Representant empfaangen. Hei gouf ausgemaach, datt de Charette d'Kommissäre vun der Convention den 12. Februar 1795 um Schlass vu La Jaunaye sollt treffen. Den 28. Januar huet de Stofflet an engem Manifest allerdéngs de Retablissment vun der Monarchie gefuerdert, wat och den Abbé Bernier ënnerschriwwen huet.

 
Jean-Nicolas Stofflet

Zur selwechter Zäit goufen d'militäresch Operatioune vun de Republikaner nees opgeholl. An der Vendée hat de Charette de Marais, de Sapinaud de Bocage an de Stofflet d'Mauges. De Canclaux huet royalistesch Bande belästegt, a konnt de Stofflet vum Charette isoléieren. Den Hoche huet eng Géigeguerilla organiséiert, fir géint d'Chouannerie firzegoen.

E Friddensofkommes gouf de 17. Februar 1795 zu La Jaunaye bei Nantes ënnerschriwwen: d'Rebelle kruten d'Amnestie akkordéiert, an hire Besëtz gouf hinnen zeréckginn. Wann dëse Besëtz zerstéiert oder verkaaft gi war, sou krute si Schuedensersaz, souguer wa si op der Lëscht vun den Emigrante stoungen. D'Vendéens goufe vun de Levées fräigestallt, a konnten hir Waffe behalen. D'republikanesch Truppen hu sech zeréckgezunn, an d'Vendée krut d'Reliounsfräiheet. De Charette huet ënnerschriwwen, de Stofflet net, hien ass eréischt en Dag méi spéit zu La Jaunaye ukomm. D'Pazifikatioun vu La Prévalaye, bei Rennes, den 20. Abrëll 1795, huet de Chouans déi selwecht Kondititounen akkordéiert.

De Stofflet, dee vu republikaneschen Truppe verfollegt gouf, ass Richtung Loire marschéiert, mä konnt nëmmen eng Arméi vun 3.000 Mann op d'Bee stellen. De 26. Abrëll 1795 huet de Stofflet seng Arméi a säin Arsenal verluer. Hien huet dem Canclaux geschriwwen, a sech den 2. Mee 1795 engagéiert, net méi d'Waffe géint d'Republik z'erhiewen. D'Ënnerwerfung vum Stofflet ass den 9. Mee bei der Convention ukomm.

D'Onsécherheet ass awer weiderhi bliwwen, an eng Partie Opstänneg hunn hir Waffen net néiergeluecht, an a verschiddene Regiounen eng « Chasse aux patauds » (Patrioten) bedriwwen ; d'Republikaner waren Affer vu Brutalitéiten, goufe beklaut a souguer ëmbruecht. A ville Municipalitéite vum Land, déi a royalistescher Hand waren, gouf de Patriote verbueden, nees zeréckzekommen[29].

E leschten Opstand änneren

 
Exekutioun vum François-Athanase Charette de La Contrie, 1796, zu Nantes, vum B. Van Deschamp (1866)

Nodeem de Krich 1795 nees an d'Rulle komm war, am Zesummenhang mat der Landung vun den Emigranten zu Quiberon, huet de Charette (deen den 8. Juli zum « Général de l'Armée catholique et royale » vum Louis XVIII. vu Verona aus ernannt gi war) nees zu de Waffe gegraff, mä konnt nëmme knapps 4.000 Bauere fir sech gewannen. Den Hoche huet doropshi mobil Kolonne vu 50 bis 60 Kavaléier op d'Bee gestallt. Den 30. September koum d'Noriicht, datt de Grof vun Artois a Frankräich wéilt landen, och an der Vendée un, an de Charette konnt 15.000 Männer fir sech gewannen. Nodeem den 12. Oktober allerdéngs gewosst war, datt de Plang näischt ginn ass, koum et zu Desertatiounen. De Charette huet misse flüchten, an de Stofflet huet am Januar 1796 nees versicht, géint d'Republikaner virzegoen. Hie krut awer knapps 2.000 - 3.000 Männer zesummen. D'Cheffe goufe verfollegt an higeriicht, de Stofflet Enn Februar, an de Charette Enn Mäerz.

Den Hoche war a senger Politik streng vis-à-vis vun de Cheffen, mä friddlech vis-à-vis vun de Baueren, déi hir Waffen néiergeluecht hunn. De 15. Juli 1796 konnt den Directoire matdeelen: Les troubles dans l'Ouest sont apaisés.

Bilan änneren

Wéi vill Affer de Krich an der Vendée gefuerdert huet, konnt ni genee festgestallt ginn, obschonn zimmlech fréi versicht gouf, den Opstand mat Zuelen ze beleeën. 1796 huet de Generol Hoche d'Zuel vun den Doudegen op 380.000 geschat fir de ganze Westen (Chouannerie a Krich an der Vendée)[30]. An engem Bréif vum 12. Februar 1796 schreift hien: Six cent mille Français ont péri dans la Vendée. A senger Histoire générale et impartiale des erreurs et fautes commises pendant la Révolution française, schwätzt de Louis Marie Prudhomme vun 120.000 Doudeger[31].

Der statistescher Analys vum Donald Greer no[32], ware vu 35 - 40.000 Persounen, déi a ganz Frankräich ënner der Terreur higeriichtgoufen, 75 % Rebellen, wouvun 52 % d'Vendée betraff hunn (19 % fir de Südosten a 16 % fir Paräis). Dës Estimatioun, déi als Referenz zielt, gouf vun allen Historiker iwwerholl. An dësen Zuele sinn och d'Hiriichtungen ouni Prozess vun Nantes, Lyon an Toulon. Allerdéngs huet de Greer weeder d'Affer vun de Schluechten a Massaker nach d'Doudeger duerch Epidemien oder schlecht Ernierung mat agerechent.

De Reynald Secher[33] huet d'Parregister vu 700 franséische Gemenge vun de véier Departementer (Vendée, Süde vun der Loire-Atlantique, Weste vun der Maine-et-Loire, Norde vun den Deux-Sèvres) auserneegeholl. Hien huet d'Gebuerte vu 1780-1789 mat deene vun 1802-1811 matenaner verglach. No senger Rechnung hu 117 257 Persoune "gefeelt" (14,38 % vun der Bevëlkerung).

Als Reaktioun dorop huet de Jean-Clément Martin[34] d'Fro vum mënschleche Bilan nei opgeworf. Hien huet Vollekszielunge vu 1790 an 1801 verglach, an ass 1801 op e Manque vun 220.000-250.000 Persoune komm. Och d'Deplacementer vun der Bevëlkerung däerfen net vergiess ginn, dës goufen 2003 vum Guy-Marie Lenne ënner d'Lupp geholl[35].

De Jean-Clément Martin preziséiert: « Selon toute vraisemblance, ces mois de guerre ont provoqué la perte d'au moins 200 000 personnes dans toute la région, blancs et bleus confondus. Il est illusoire de chercher des proportions précises, puisque nombre de républicains morts sont venus de toute la France, voire des colonies antillaises, mais sans doute peut-on penser qu'un quart des habitants de la région (il y aurait eu plus d'un million d'habitants dans les quatre départements touchés directement par la guerre de Vendée) a disparu. »[36]

De Louis Marie Clénet[37] kënnt op 200 000 Doudeger op der Säit vun der Vendée (wouvu 40.000 duerch d'Colonnes infernales vum Turreau).

D'Anne Bernet[38] hirersäits gëtt als Zuelen 150 000 fir d'Vendéens an 150 000 fir d'republikanesch Arméi: Un bilan exact des victimes dans les deux camps est impossible à établir, faute de sources fiables. Les estimations les plus hautes font état de 600 000 morts, les plus basses de 120 000. Aujourd'hui on évalue à 300 000 le nombre de disparus.

Vëlkermuerd an der Vendée ? änneren

Den historeschen Debat iwwer de Vëlkermuerd an der Vendée (fr.: génocide vendéen) wärend dem Krich an der Vendée ass zimmlech rezent. Den 21. Februar 2007 huet de franséischen Deputéierten Lionnel Luca (UMP, Alpes-Maritimes) e Gesetzesprojet bei der Assemblée nationale agereecht, fir datt d'Repressioun, déi nom Krich op d'Opstänneg gewaart huet, als Vëlkermuerd vun der Republik unerkannt gëtt.

Den Débat ronderëm d'Hypothees vun engem Vëlkermuerd an der Vendée koum eng éischt Kéier an Universitéitskreesser an den 1980er Joren op. De bluddege Charakter vum Biergerkrich an der Repressioun vum Opstand gëtt vu kengem ofgestridden, och wann d'Zuelen dacks net prezis sinn, a weider diskutéiert ginn, an d'traditionell Beschreiwunge vu Massakere wéi deem vun de Lucs vun der historescher Recherche a Fro gestallt ginn. Am Géigesaz dozou ginn de Wëllen zu engem Vëlkermuerd vun de Republikaner an de Charakter vun de Massakeren, déi vun de d'Republikaner gemaach goufen, grouss diskutéiert a kontestéiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vëlkermuerd an der Vendée.

Literatur zum Theema änneren

  • Jacques Godechot, La Contre-révolution, doctrine et action (1789-1804), PUF, Paräis, 1984. (ISBN 2-13-038554-0)
  • Reynald Secher, Le génocide franco-français: La Vendée-Vengé ; Paräis (PUF - Presses universitaires de France), 1986.
  • Louis-Marie Clénet, La Contre-révolution, PUF - Que sais-je?, Paräis, 1992. (ISBN 2-13-044201-3)
  • Jean-Clément Martin, La Vendée et la France, 1789-1799, Éditions du Seuil, Paräis, 1987. (ISBN 2-02-009551-3)
  • Alain Gérard, La Vendée 1789-1793, Éditions Champ Vallon, Seyssel, 1992. (ISBN 2-87673-160-6)
  • Alain Gérard, La Guerre de Vendée, Centre vendéen de recherches historiques, La Roche-sur-Yon, 2006. (ISBN 2-911253-27-2)
  • Reynald Secher, Vendée: du génocide au mémoricide. Mécanique d'un crime légal contre l'humanité ; Paräis (Cerf; collection 'Politique'), 2011.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bibliographie vum Krich an der Vendée.

Um Spaweck änneren

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten änneren

  1. De Jules Michelet beklot a senger Histoire de la Révolution française (1853), datt amplaz datt d'Kierchen eidel blouwen, d'reliéis Verfollgung si gefëllt huet: "Chose triste ! que tout le travail de la Révolution aboutisse à remplir les églises. Désertes en 88, elles sont pleines en 92, pleines d'un peuple qui prie contre la révolution, contre la victoire du peuple !"
  2. Michel Vovelle, "La Chute de la monarchie, 1787-1792", Band 1 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Éditions du Seuil, 1972.
  3. Michel Vovelle, op. cit., S. 91 an 259.
  4. 4,0 4,1 Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux », L'Histoire, n°311.
  5. Jean-Clément Martin, Violence et Révolution, Essai sur la naissance d'un mythe national, Éditions du Seuil, 2006.
  6. Roger Dupuy, "La République jacobine, Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Éditions du Seuil, 2005, S. 101.
  7. Roger Dupuy, op. cit., S. 101.
  8. Albert Soboul (Ersg.), Dictionnaire historique de la Révolution française, Quadrige/PUF, 1989, S. 697-698, « Machecoul » vum Claude Petitfrère.
  9. De Gaston Bourdic gouf bekannt ënner den Opstännegen, warscheinlech well hien d'Uniform vun engem republikanesche Colonel unhat, deen hien ëmbruecht hat, a sech den Titel vun engem Generol ginn huet.
  10. Roger Dupuy, op. cit., S. 102.
  11. Roger Dupuy, op. cit., S. 102-104.
  12. Roger Dupuy, op. cit., S. 104.
  13. Roger Dupuy, op. cit., S. 104-106.
  14. Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux » in L'Histoire, n°311.
  15. Vgl. d'Biographie vum Charette, Notes et archives 1789-1794.
  16. Roger Dupuy, op. cit., S. 106.
  17. Roger Dupuy, op. cit., S. 227-230.
  18. Vgl. Roger Dupuy, op.cit., S. 168-171 ; Ange Guépin, Histoire de Nantes, 1839, zitéiert vum Michel Ragon, 1992, S. 184-186 zu der Terreur zu Nantes: « Dénoncé par le premier misérable venu, l'on pouvait être emprisonné, puis déposé à l'Entrepôt ; là, l'on mourrait du typhus qui régnait alors dans cette prison ou l'on succombait sous le plomb meurtrier, ou l'on terminait sa carrière dans la Loire: c'était ce que Carrier appelait prendre un bain, boire à la tasse des calotins. Les noyades avaient lieu le plus souvent lorsqu'il faisait nuit ; on les pratiquait au-dessous de Nantes. Plusieurs ont été faites avec des bâtiments dont on bouchait toutes les ouvertures ; des charpentiers, qui se tenaient à côté des embarcations, en ouvraient les flancs, et s'éloignaient ensuite. Huit cents personnes ont ainsi péri en une seule nuit sur deux navires. On s'est aussi servi d'un bateau à soupape, moyen qui avait sur le précédent l'avantage de l'économie… Ils inventèrent les mariages républicains, supplice qui joignait à la barbarie l'immoralité la plus dégoûtante. Ces mariages se faisaient en prenant deux personnes de sexe différent ; le plus souvent c'était un jeune homme et une vieille femme, ou bien un vieillard et une jeune fille ; on les liait l'un à l'autre, par dessous les aisselles, après les avoir dépouillés ; quelques-uns de ces malheureux ont été laissés une demi-heure dans cette position, on les jetait ensuite dans la Loire, où des assommeurs placés dans des bateaux achevaient de noyer ceux qui, dans leurs efforts, étaient parvenus à briser leurs liens. Non content de ces noyades, Carrier se faisait souvent amener les plus intéressantes des prisonnières qu'il renvoyait ensuite à l'entrepôt, quand elles avaient servi à ses plaisirs... ».
  19. Roger Dupuy, op.cit., S. 168-171.
  20. Ange Guépin, Histoire de Nantes, 1839 ; Gaston Martin, Carrier et sa mission à Nantes, 1924 ; Jean-Clément Martin, Blancs et Bleus dans la Vendée déchirée, 1986 ; Alfred Lallie, Carrier, 1994, an Les Noyades de Nantes, 1994.
  21. Bréiwer vum Jullien un de Robespierre a säi Papp den 2., 4. a 5. Februar 1794
  22. Jean-Clément Martin, Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, S. 220.
  23. Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, Éd. du Seuil, 2006, S. 203.
  24. Roger Dupuy, op.cit., S. 267-268.
  25. Jean-Clément Martin, op.cit., S. 204.
  26. Jean-Clément Martin, op.cit., S. 213-221.
  27. 27,0 27,1 Roger Dupuy, op.cit., S. 268-269.
  28. Jean-Clément Martin, Révolution, Contre-Révolution et Nation en France, 1789-1799, 1998.
  29. Jean-Clément Martin, op. cit., S. 251-252.
  30. Alain Bru, Histoire de la guerre à travers l'armement, Notiz 572 vum Kapitel VII: « De la Révolution à la veille des guerres modernes ».
  31. Jean Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, S. 243.
  32. Donald Greer, The Terror, a Statistical Interpretation, Cambridge, 1935.
  33. Reynald Secher, La Vendée-Vengé, le Génocide franco-français, 1986.
  34. Jean-Clément Martin, La Vendée et la France, Éditions du Seuil, 1987.
  35. Guy-Marie Lenne, Les Réfugiés de la guerre de Vendée, 1793-1796, Éditions Geste, 2003. Vgl. och « Les réfugiés de Vendée ».
  36. Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, 2006.
  37. Louis-Marie Clénet, La Contre-révolution, PUF - Que sais-je?, 1992.
  38. Historia, August 2005.