Gemeng Hesper

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Lëtzebuerg

D'Gemeng Hesper ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Hesper vun där se och hiren Numm huet.

Hesper
Coat of arms hesperange luxbrg.png
Hesper Gemeng 2.JPG
d'Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hesperange
de: Hesperingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Marc Lies (CSV)
Awunner 15.657
  1 Januar 2021
Fläch 2.722 ha
Héicht 255 m
Koordinaten 49° 34’ 23’’ N
      06° 09’ 19’’ O
Websäit http://www.hesperange.lu/
Map Hesperange.PNG
D'Gemeng Hesper (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)
Metalle Schrëft op der N3 zu Hesper

Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren

Zu der Gemeng Hesper gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

GeschichtÄnneren

D'Gemeng Hesper gouf 1795 ënner dem franséische Regime ageriicht an huet deemools aus de Sektiounen Hesper an Izeg bestanen. Den 2. Januar 1853 hu sech dunn d'Gemengen Alzeng an Hesper zesummegedoen fir déi haiteg Gemeng ze bilden. Tëscht 1795 an 1802 war Hesper Chef-lieu vun engem Kanton[2] mat Friddensgeriicht, an tëscht 1818 an 1831 nach eng Kéier ënner dem Wëllem I.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert huet d'Gemeng, sou wéi vill anerer e wirtschaftlechen an industriellen Opschwong gehat, a war eng Zäit laang un zwou Eisebunnsstrecken ugeschloss, an zwar vun 1822 bis 1955 un d'Sekundärstreck Lëtzebuerg-Réimech mat Garen zu Hesper an zu Alzeng, an un d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg mat enger Gare zu Fenteng déi vun 1859 bis 1877 a Betrib war.

De 16. September 1992 gouf um Terrain vum fréieren Urbéngs-Schlass dat neit Gemengenhaus mat engem Areal vun 13 ha Gréngflächen ageweit.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

De Gemengerot vun Hesper gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 15 Conseilleren zesummen.

ZesummesetzungÄnneren

Joer CSV DP gréng LSAP Lénk
1999 7 5 1 1 0
2005 6 4 3 2 -
2011 7 4 3 1 0
2017 8 3 3 1 0

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Partnerschaft mat enger auslännescher StadÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

KuckeswäertesÄnneren

VeräinerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Roland Schumacher, in: Fédération Nationale de la Mutualité Luxembourgeoise, brochure de l'Assemblée Générale Statuaire 1996 (samedi, 27 avril 1996, salle "Amiperas" à Hesperange), Luxembourg 1996, S. 4 (leicht korrigierte Fassung).
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844