Portugal

Staat am Südweste vun Europa


D'Portugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmme Portugal, ass e Staat am Südweste vun der ibeerescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vum Atlanteschen Ozean, am Osten an am Norde vu Spuenien begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren souwéi Madeira. Westlech vun der Haaptstad Lissabon läit Cabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.

República Portuguesa

Portugisesche Fändel

Portugisesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: keng
Offiziell Sprooch: Portugisesch, Mirandeesesch
Haaptstad: Lissabon
 • Awunner: 509751
 • Koordinaten: 38º42'N, 9º11'W
Staatsform: Republik
 • President: Marcelo Rebelo de Sousa
 • Premierminister: António Costa
Fläch: 92 090 [1] km²
Bevëlkerung: 10 599 095 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 115/km²
Nationalfeierdag: 10. Juni, Dia de Portugal
Nationalhymn: A Portuguesa
Lauschteren
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC 0
Internet TLD: .pt
Internationalen
Telefonsprefix
:
+351

Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Douro. Cale kéint e griichescht Wuert sinn (Kalles = "schéin") a sech op d'Schéinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezéien, deen d'Griichen deemools koloniséiert haten. Aner Historiker mengen, datt Cale aus dem Phönizesche kéim, well d'Phenizier Portugal an der Zäit virun de Réimer besidelt haten. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, gouf Cale e wichtegen Hafen, op Latäin Portus Cale. Am Mëttelalter gouf Portus Cale zu Portucale, duerno Portugale, woubäi dëst Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land waren, also d'Regioun tëscht de Flëss Douro a Rio Minho. Anerersäits verkierzt sech den Numm Portus Cale zu Porto, der zweetwichtegster Stad, déi sech dowéinst voller Stolz als déi Stad betruecht, déi dem Land den Numm ginn huet.

Administrativ Andeelung änneren

Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gëtt fënnef Regiounen (regiões), 18 Distrikter (distritos) an zwou autonom Regiounen (regiões autónomas), donieft existéieren 28 sougenannt "statistesch Ënnerregiounen" (subregiões estatísticas). Een Niveau drënner kommen dann ongeféier 308 Kreesser (municípios oder concelhos) a 4257 Gemengen (freguesias). Déi Andeelung ass éischter ineffizient an deier. Et gëtt un enger Reform geschafft, déi d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliséiere soll.

Geschicht änneren

 
Torre de Belém

Fréigeschicht bis d'Antikitéit änneren

D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Ibeerescher Hallefinsel. Vun 2000 v. Chr. un sinn d'Ibeerer warscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun 1200 v. Chr. un goufe vun de Phenizier a vun 700 v. Chr. un vun de Griichen Kolonie gegrënnt. No 600 v. Chr. wandere Kelten eran, déi sech mat den Ibeerer vermëscht hunn (sougenannt Keltibeerer). Zu deene gehéiert och de Stamm vun de Lusitaner, deenen hire laténgeschen Numm méi spéit dem Land säi sollt ginn.

No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago eruewert an nom Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an der Vëlkerwanderungszäit, d'Sueben (no 409) a virun Allem d'Westgoten (no 416) grënnen hir Räicher um Terrain vum spéidere Portugal.

Herrschaft vun de Maure bis d'Kolonialmuecht änneren

Am Joer 711 gouf d'Land vun de Mauren eruewert, Portugal gëtt en Deel vum Kalifat vu Cordoba, wou d'Almoraviden d'Soen hunn. 718 fänkt León mat der chrëschtlecher Reconquista un, aus Portugal gëtt sou am 11. Joerhonnert eng eegestänneg Grofschaft, déi 1093 un den Henri vu Burgund fält, de Grënner vun der éischter portugisescher Kinneksdynastie.

Ënner dem Henri sengem Jong an Nofollger Alphonse I. gëtt Portugal 1143 onofhängeg, den Alphonse selwer gëtt Kinnek. D'Burgunder sinn a Portugal bis 1383 um Rudder, 1211 gëtt dat éischt Ständeparlament (Cortes) aberuff, 1250 ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun der Algarve, a Portugal fäerdeg, 1256 gëtt Lissabon nei Haaptstad vum Kinnekräich.

1383 stierft de leschte Burgunder a Portugal. De Jean vun Avis, dee baussent engem Bestietnes op d'Welt komm ass, rifft sech zum Kinnek aus, ka kastilesch Uspréch op de portugiseschen Troun an der Schluecht vun Aljubarrota (1385) ofwieren a grënnt déi zweet portugisesch Dynastie (Avis). D'Avis-Kinneken, besonnesch den Emanuel I. (1495-1521) verbesseren dem Land seng wirtschaftlech a militäresch Kapazitéite massiv: Portugal gëtt féierend Handels- a Séimuecht, keeft Kolonien a Brasilien, Afrika, Arabien, Indien an a China, d'Land ass eng Weltmuecht an déi räichst Natioun vun Europa (Kuckt dozou och den Artikel: Henri de Séifuerer). Och kulturell ass d'Land an der Bléi (Luís de Camões).

1580 ass d'Avis-Dynastie um Enn, Portugal fält aus dynastesche Grënn un d'Habsburger vu Spuenien. Bis 1640 regéieren d'Spuenier, Portugal verléiert seng Onofhängegkeet, gëtt zu enger spuenescher Provënz degradéiert a verléiert Stécker vu sengem Kolonialräich. 1640 kënnt et zu enger Revolte géint d'spuenesch Herrschaft vum Adel ënner dem Herzog vu Bragance, dee sech als Jean IV. zum Kinnek erkläert. Hie grënnt déi virlescht portugisesch Dynastie, d'Haus Bragance. Baussen- a wirtschaftspolitesch gëtt d'Land méi a méi ofhängeg vun England (cf. Methuenvertrag, 1703). 1755 zerstéiert en Äerdbiewen grouss Deeler vun der Haaptstad Lissabon, de Marquês de Pombal baut d'Stad erëm op a baut d'Land mat deels drastesche Methoden zu engem opgekläerten absolutistesche Staat ëm. 1807 hunn napoleonesch Truppen d'Land besat, d'kinneklech Famill goung an den Exil a Brasilien. Nodeemss d'Fransouse mat brittescher Hëllef erausgehäit goufen, koum et zu enger liberaler Revolutioun, d'Land krut fir d'éischt Kéier a senger Geschicht eng Constitutioun (1821). Eréischt am Miguelistekrich hunn d'Unhänger vun enger konstitutioneller Monarchie géint d'Unhänger vum Absolutismus gewonnen. 1821 gouf Brasilien ënner dem Keeser Pedro I. onofhängeg.

Schlussphas vun der Monarchie bis den Estado Novo änneren

D'Zäit nom Miguelistekrich gëtt vum Konflikt tëscht de riets- an de lénksliberale (Cartisten a Setembristen) bestëmmt. 1853 stierft mat der Kinnigin Maria II. d'Haus Bragance an direkter Linn aus, wéinst dem Bestietnes vun der Kinnigin mam Ferdinand II. vu Sachsen-Coburg-Gotha kann d'portugisesch Branche vun dësem däitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis 1910). D'Schlussphas vun der Monarchie gëtt vun enger allgemenger Schwächt vum Land, wirtschaftleche Problemer (Staatsfaillite 1891) a sech widderhuelend republikanesch Opstänn bestëmmt. 1908 kommen de Kinnek Carlos I. a säin Ierwe bei engem Attentat ëm d'Liewen, 1910 gëtt d'Republik ausgeruff.

1916 gräift d'Land op der Säit vun der Entente an den Éischte Weltkrich an. Déi éischt Republik, bis 1926, ass duerch anarchesch a chaotesch Zoustänn gezeechent, monarchistesch a kommunistesch Revolten, Putschversich (ë. a. vum Sidónio Pais, 1917), schwaach, dacks Regierungen déi wiesselen, ouni parlamentaresch Majoritéit an eng allgemeng politesch Instabilitéit erschwéieren d'Situatioun.

1926 putscht d'Arméi a setzt der éischter Republik en Enn. Ënner dem Militär setzt sech allerdéngs en Zivilist, António de Oliveira Salazar, vun 1928 un Finanzminister, vun 1932 u Premier, un d'Spëtzt vum Staat. Hie grënnt 1933 den Estado Novo, den neien autoritäre Staat mat faschisteschen Tendenzen, mat enger Eenheetspartei (National Unioun), enger Staatsjugend an enger Geheimpolice (PIDE). Am Zweete Weltkrich bleift d'Land neutral, erlaabt awer den Alliéierten d'Ariichte vu Militärbasen op den Azoren a gëtt, nodeem de Krich eriwwer ass, NATO-Member. 1960 fänkt de Kolonialkrich un, dee besonnesch an Afrika (Angola, Mosambik, Guinea-Bissau) mat grousser Häert gefouert gëtt. 1968 muss de Salazar wéinst Problemer mat der Gesondheet opginn, säin Nofollger, Marcello Caetano, ka sech allerdéngs net zu radikale Reformen decidéieren. Duerch de Kolonialkrich ass Portugal aussepolitesch ëmmer méi isoléiert, d'Käschte vum Krich dreiwen d'Staatsverscholdung an d'Inflatioun an d'Luucht. Féierend Genereel erkennen, datt de Kolonialkrich militäresch fir Portugal net méi ze gewannen ass. Well d'Regierung net capabel ass, eng politesch Léisung fir de Problem ze fannen, kënnt et 1974 zum Putsch. D'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung mat der Diktatur, déi duerch d'Wirtschaftskris (wéinst der éischter Pëtrolskris 1973) nach verstäerkt gëtt, féiert dozou, datt sech d'Bevëlkerung massenhaft mat de putschenden Offizéier solidariséiert, et kënnt zu engem allgemenge Volleksopstand, der Oeilletsrevolutioun, déi den Estado Novo ewechbléist. Déi nei Machthaber entloossen d'portugisesch Kolonien an d'Onofhängegkeet (1974/1975). Dat ass d'Enn vum portugisesche Kolonialräich.

Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonien, nämlech de klengen Iwwerséiterritoire Macau, op der südchinesescher Küst, ongeféier 60 km vun Hongkong ewech, eréischt 1999 u China zeréckginn huet.

 
Kaart vu Portugal

Vun der Oeilletsrevolutioun bis zum EU-Bäitrëtt änneren

Déi éischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tëscht enger éischter konservativer Stréimung (Generol António Sebastião Ribeiro de Spínola) an engem sozialistesche Flillek (Otelo Saraiva de Carvalho, Haaptmann Otelo) gezeechent, dee sech an dem MFA (Movimento das Forças Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizéier) ofspillt. Um Ufank gésäit et sou aus, wéi wann d'sozialistesch Stréimung géif gewannen, well et zu Verstaatlechungen a Landreforme komm ass, déi nei Constitutioun von 1976 definéiert de Sozialismus als Staatszil.

Mä wéi sech bei den éischte Presidentschaftswalen no der neier Constitutioun 1976 de moderéierten Generol Eanes iwwerraschend däitlech géint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land erëm eng parlamentaresch Demokratie no westeuropäeschem Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, de Mário Soares (Premier vun 1976 bis 1978 a vun 1983 bis 1985, Staatspresident vun 1986 bis 1996) féieren d'Land 1986 an d'Europäesch Gemeinschaft.

Vum EU-Bäitrëtt bis haut änneren

1979 gewënnt fir d'éischt Kéier zanter der Oeilletsrevolutioun erëm eng politesch Gruppéierung, déi riets vun der Mëtt steet, d'Parlamentswalen (wat zu de Regierunge Francisco de Sá Carneiro a Francisco Pinto Balsemão féiert), d'Regierung ka sech mat der sozialistescher Oppositioun op eng Constitutiounsännerung eenegen, duerch déi sozialistesch Iwwerreschter, déi no der Oeilletsrevolutioun an d'Constitutioun geschriwwe goufen, erausgeholl ginn. D'Constitutiounsännerung, déi 1982 a Kraaft trëtt, eliminéiert ënner anerem dee bis dohi wichtege Revolutiounsrot a setzt e Verfassungsgeriicht nom Virbild vun aneren demokratesche Staaten an. 1985 gëtt den Aníbal Cavaco Silva Premier, seng konservativ PSD gewënnt onerwaart héich d'Wale vun 1978, bei deenen eng Partei fir d'éischt Kéier eng absolut Majoritéit kritt. De Cavaco Silva bleift bis 1995 Premier, hie steet fir eng neoliberal Wirtschaftspolitik, d'Verstaatlechungen aus der Zäit vun der Oeilletsrevolutioun gi réckgängeg gemaach. Vun 1995 bis 2002 stellen d'Sozialiste mat dem António Guterres d'Regierung, vun 2002-2004 huet d'Land mat dem José Manuel Barroso erëm eng konservativ Regierung. D'Funktioun vum President ass mat engem Sozialist besat, well dem Soares säin Nofollger 1996 de Sozialist Jorge Sampaio gëtt. 2004 gëtt de Barroso vum Europäesche Conseil zum Nofollger vum Romano Prodi als President vun der Europäescher Kommissioun bestëmmt. De Pedro Santana Lopes gëtt doropshi Premier, mä seng Koalitioun hält net laang: den 30. November 2004 rifft de President Sampaio Neiwalen aus, déi am Februar 2005 ofgehale ginn. De José Sócrates, dee Spëtzekandidat vun der Partido Socialista war, ass zanter dem 12. Mäerz 2005 Ministerpresident. Den 22. Januar 2006 gouf de Cavaco Silva zum President gewielt; hie gouf den 23. Januar 2011 erëmgewielt.

Geographie an Natur änneren

 
Klimadiagramm vu Porto
 
Klimadiagramm vu Lissabon
 
Klimadiagramm vu Faro

Den Norde vu Portugal huet e relativ killt a fiicht Klima. En ass ënnerdeelt an zwou Provënze resp. Landschaften:

De Minho am Nordweste ass eng vun de Géigende wou déi meescht Leit wunnen, d'Groussstied leien nëmmen op der Atlantikküst, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a méi kleng Stied. De Minho gëtt wéinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als de grénge Gaart vu Portugal bezeechent. D'Häng vun de ville Flossdäller si fir den Ubau vun Drauwe reservéiert, aus deenen de bekannte Portwäin an de Vinho Verde gemaach ginn. Donieft gëtt et och vill Geméiskulturen. D'natierlech Vegetatioun ass eng Mëschung vun där aus der gemässegter Klimazone an aus där vun der subtropescher, jee no Héicht gëtt et Eechen oder Käschten resp. Kiferen an Olivebeem.

Am Nordoste läit Trás-os-Montes (Hanner de Bierger). Dësen Deel vum Land deen dem Mier de Réck dréit, ass eng Gebiergsregioun an där et am Wanter zimmlech kal, an am Summer zimmlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou staark wéi am Minho an hëlt of wat ee méi no bei d'spuenesch Grenz kënnt. Déi zwou Provënzen hunn eng Gemeinsamkeet: hir Gebiergsmassiver, wéi z. B. de Marão oder de Peneda-Gerês gi vu ville Flëss, wéi dem Rio Minho (Grenzfloss tëscht Portugal a Spuenien) oder dem Rio Douro, duerchschnidden. Am Norde vu Portugal läit de Nationalpark Peneda-Gerês, dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbësch gëtt, mat Beem wéi der wantergrénger Steeneech. Grouss Stied am Norde si Porto, Vila Nova de Gaia, Matosinhos, Braga, Vila Real a Bragança.

Mëttelportugal ass gréisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat der Serra da Estrela eng gréisser Biergskette wou et och e Skigebitt gëtt. Déi wichtegst Landschafte sinn d'Beira, de Ribatejo (den Tejo-Plateau mat dem Spëtznumm Gaart vu Lissabon), d'Estremadura an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Déi ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Wäindrauwen. Wäi gëtt hei schonn zanter der Réimerzäit produzéiert. Donieft ginn och nach all méiglech Zorte Kar, Räis, Sonneblummen a Geméis ugebaut. D'Regioun gëtt vum Tejo an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, déi fréier am Ribatejo reegelméisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net méi vir. Grouss Stied a Mëttelportugal si Lissabon, Aveiro, Amadora, Almada, Seixal, Cascais, Coimbra, Viseu, Guarda, Leiria, Castelo Branco, Covilhã, Setúbal a Santarém.

De Süde vu Portugal besteet aus dräi Landschaften: Terras do Sado, Alentejo an der Algarve. Déi ganz Régioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, fréier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautdesdaags nëmmen dënn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, wäitleefeg Karfelder mat Olivebongerten a Korkeechen dominéieren d'Landschaft. Zum Kar- kënnt och nach de Wäinubau, an a klammende Proportiounen d'Sonneblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, déi am Fréijoer voll vu Blumme sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Néiergang droen net zulescht och déi ëmmer méi laang Drécheperiode bäi. Fir deem entgéint ze steiere ginn ëmmer méi Staumauere gebaut. Net heemesch, mä ëmmer méi heefeg ze fanne, sinn Eukalyptusbeem, déi allerdéngs, wéinst der grousser Brandgefor déi vun hinnen ausgeet, net onëmstridde sinn. Déi südlech Küsteregioune sinn haaptsächlech vu Kifere bewuess. Donieft gëtt et vill Palmenzorten, vun deenen awer nëmmen d'Zwergpalm aus dem Land selwer ass.

D'Algarve markéiert déi ganz Südküst vum Land an ass mat hire schéine Stied, de géie Küsten a Sandplagen zu enger beléifter Vakanzendestinatioun ginn, wat déi gewinnt negativ Niewewierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Südportugal si Portalegre, Évora, Beja, Faro a Sagres. De wichtegste Floss ass de Rio Guadiana, deen och d'Grenz zu Spuenien markéiert. Un déi grouss Hëtzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen déi Waasser späicheren.

Zu Portugal gehéieren och déi zwou Inselgruppe Madeira (Holzinsel) an d'Azoren d'Héngerdéifsinsel am Atlantik. Déi sinn duerch vulkanesch Aktivitéit entstanen an hu wéinst hirer Lag virun der afrikanescher Küst eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den héchste Bierg vu Portugal fënnt een op den Azoren (Monte Pico, 2 351 m).

De wichtegste Floss vu Portugal ass den Tejo, deen a Spuenien ënner dem Numm Tajo entspréngt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fléisst.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de portugisesche Stied.

D'Déierewelt änneren

 
Landschaft bei Monsaraz

D'Déierewelt vu Portugal ass nëmmen onwesentlech anescht wéi déi vu Spuenien. Vereenzelt gëtt et nach Wëllef; de Pardelluchs, deen et nëmmen op der ibeerescher Hallefinsel gëtt, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nëmmen nach seele ginn Eenzeldéiere fonnt an déi sinn héchstwarscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fënnt een nach d'Wëllkaz, de Routfuuss, d'Wëllschwäin, den Hirsch, wëll Geessen an d'Wëllkanéngchen. A Portugal kann ee vill Vigel observéieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun den Zugvigel fir d'Destinatioun Afrika läit, dorënner besonnesch am Süden och Flamingoen; Steenadler liewen an de Küstegebidder a ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden Zorte Schlangen a Skorpioune vir.

Bevëlkerung änneren

Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a reliéiser Siicht, en homogeent Land. D'Portugisesch Sprooch gëtt am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vu Miranda do Douro gëtt en Dialekt geschwat, de Mirandeesesch, deen dem Astureschen zougerechent gëtt.

Eng grouss Majoritéit vun de Portugise bekennt sech zum kathoulesche Glawen.

 
Vu wou kommen d'Auslänner?

Aus anthropologescher Siicht sinn d'Portugisen e Mëschvollek, dat aus den Nokomme vun den Ibeerer besteet, der Urbevëlkerung vun der ibeerescher Hallefinsel, den Nokomme vun de réimeschen, goteschen, suebeschen a maureschen Invasoren.

De maureschen Afloss ass a Portugal méi staark wéi an aneren europäesche Länner. No der Reconquista goufen d'Mauren zum Deel verdriwwen, zum gréissten Deel als versklaavt. Si hu sech méi spéit mat der Bevëlkerung vermëscht a waren um Opbléie vum Handwierk a vum Akerbau am fréie Mëttelalter bedeelegt.

Iwwer laang Jore war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugisescher Kultur gëtt et virun allem a Frankräich wou 600 000 Portugise liewen. Anerersäits war Portugal schonn an den Zäite vun den Onofhängegkeetskricher vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniséierte Géigenden. Zanter dem Bäitrëtt vu Portugal an d'Europäesch Unioun ass d'Land ëmmer méi zu engem Awanderungsland gi fir Mënschen aus Afrika (Angola), Südamerika (Brasilien), de Kap Verdeschen Inselen an aus Osteuropa (Russland, Moldawien an aus der Ukrain).

Enn 2003 hunn ongeféier 250 000 Auslänner a Portugal gelieft. Vun deene stamen déi meescht aus anere portugiseschsproochege Länner, si gréisstendeels Katholicken an hunn de selwechte kulturelle Fong. E Véirel vun den Auslänner, déi a Portugal liewen, sinn Europäer; zum Deel Leit, déi hir Pensioun am Land verbréngen. Mä dobäi sinn awer och Portugisen, déi ausgewandert waren an dunn zeréckkommen, deelweis mat anere Päss. Statistesch gesinn, kënnt op zéng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.

Méi wéi d'Hallschent vun den Auslänner lieft zu Lissabon oder an anere Küstestied. D'Bevëlkerungsdicht ass am gréissten an der Küstesträif tëscht der spuenescher Grenz an der Géigend ronderëm Lissabon. Op deem Terrain liewe 70 Prozent vun der ganzer Bevëlkerung; d'Hannerland ass nëmme ganz dënn besidelt.

Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Méi wéi d'Hallschent lieft an Uerschafte mat manner wéi 2000 Awunner.

Matzen am Land gëtt et ëmmer méi Migratiounsbeweegungen. Ëmmer méi Mënsche plënneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren (Lissabon, Porto) oder Tourismusgéigenden (Algarve, Madeira oder op d'Azoren).

Ekonomie änneren

Zanter dem Bäitrett vum Portugal zur EG am Joer 1986 huet sech dem Land seng Économie sech méi a méi diversifiéiert a sech dobäi virun allem op den Déngschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Tëschenzäit ongeféier zwee Drettel vum BIP aus. Wéi och an anere Staate vun Europa goufen an de leschte Joren noutwenneg Privatiséierungen duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzéiert. 1998 huet sech Portugal fir de Bäitrett an d'Europäesch Wärungsunioun qualifizéiert an huet den 1. Januar 2002, wéi 11 aner Staaten och, den Euro als Wärung agefouert.

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Neiverschëldung vu Portugal läit momentan iwwer den 3 % déi am Maastricht-Vertrag definéiert goufen, woubäi et allerdéngs net dat eenzegt Land am Moment ass.

De Wirtschaftswuesstem huet mat ongeféier 3,3 % all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Reegel iwwertraff, trotzdeem ass Portugal nach ëmmer den äermsten Almember vun der EU: De BIP pro Kapp (a Kaafkraaftparitéiten) läit bei ongeféier 78 % vum Duerchschnett vun den EU-Länner virun der Ostvergréisserung, woubäi en 1985 nach bei 50 % louch. Als negativ fir e méi staarke Wuesstem vun der Produktivitéit an der Beschäftegung gi virun allem strukturell Probleme betruecht, wéi z. B. den ëmmer nach schlechte Bildungssystem an déi héich Zuel vun Analphabeten, déi deels schlecht Infrastruktur, an eng ineffizient Verwaltung. Aus deene Grënn geréit Portugal ëmmer méi a Rivalitéit mat Länner mat nidderege Paien aus Mëttel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslännesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnëttsléin sinn a Portugal ganz niddrëg bei ganz laangen Aarbechtszäiten. Auslännesch Investitiounen komme virun allem aus Groussbritannien a Spuenien; déi gréisst Investitioun vun allen Zäite war de Bau vun Auto-Europa, enger Autofabrik.

De Chômage ass mat ongeféier 4 % am Verglach mat dem EU-Durchschnëtt niddereg, woubäi een dorun denke muss, datt et e groussen informelle Secteur an der portugisescher Wirtschaft gëtt, deen e gewëssen Deel vun deenen Aarbechtslose beschäftegt, déi anerfalls an d'Chômage-Statistike géife falen.

Den Aussenhandel gëtt zu ongeféier 80 % mat den EU-Partner ofgewéckelt; exportéiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabéier. Importéiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmëttelen, Pëtrol a Pëtrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussen Handelsbilanzdefizit an och en Zahlungsbilanzdefizit, deen duerch héich Recetten aus dem Tourismus allerdéngs net sou héich ass wéi den Handelsbilanzdefizit.

Portugal huet vill natierlech Ressourcen, dorënner Kuel, Koffer, Zënn, Gold, Eisenäerz a Pyrit a Chalcopyrit, Tounmineraler wéi Kaolinit a Wolframit an Uraninit; et gehéiert domat zu de weltwäit féierende Natiounen an der Wolfram- an Uranproduktioun. Wärend dem Zweete Weltkrich huet Hitlerdäitschland portugisesche Wolfram fir seng Waffenproduktioun benotzt, an der Atombomm vun Hiroshima war portugiseschen Uran dran.

D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientsten an Europa; den Undeel vum Akerbau um BIP läit bei ongeféier 5 %, mä iwwer 15 % vun der aktiver Bevëlkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, soudatt mëttlerweil bal d'Hallschent vun de Liewensmëttel muss importéiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen am Alentejo an de Ubau vu Mandelen ass och an enger déiwer Kris. Anerersäits ginn op grousse Flächen Eukalyptusbeem gesat, well déi méi séier wuessen an domat der Celluloseindustrie, engem wichtege Wirtschaftsfacteur vum Portugal, déi noutwenneg Ressource liwwert. Ëmweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven hëlt, den Urbësch an domat och d'Déierewelt op d'Säit dréckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Bëschbränn am Summer féiert.

Genee wéi den Akerbau huet och d'Fëscherei Produktivitéitsproblemer; d'portugisesch Fëschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wäit hannendran. Déi meescht Fësch ginn importéiert.

Ongeféier 8 % vum BIP, mat klammender Tendenz, bréngt den Tourismus an, woubäi déi meescht Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktivitéit a läit dobäi mat groussem Ofstand un der Spëtzt.

Politik änneren

Zanter der Oeilletsrevolutioun vun 1974 huet Portugal sech zu enger stabiler parlamentarescher Demokratie entwéckelt. Déi véier wichtegst Organer vun der Politik a Portugal sinn de President, de Premier a säi Ministerrot, d'Parlament an d'Justiz.

De President, deen all fënnef Joer direkt an allgemenge Wale bestëmmt gëtt, ass och Commandant en chef vun der Arméi. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubäi en sech do un de Resultater vun der Parlamentswal z'orientéieren huet. De Staatsrot ass e Gremium, deen de President beréit. E besteet aus sechs ziville Beamten, alle fréiere Presidenten, fënnef Persounen, déi vum Parlament gewielt ginn a fënnef Persounen, déi de President bestëmmt.

D'Regierung gëtt vum Premierminister ugefouert, dee sech säi Ministerrot zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeën, iwwer deen debattéiert gëtt. Wann dee Programm net refuséiert gëtt, dann heescht dat, datt d'Régierung vum Parlament akzeptéiert gëtt.

D'Parlament gëtt als Assembleia da República (Versammlung vun der Republik) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Deputéiert. D'Deputéiert gi fir véier Joer gewielt, woubäi d'Verhältneswalrecht benotzt gëtt. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeléisen an Neiwalen auszeschreiwen.

D'Iewescht Geriicht ass déi héchst Instanz vun der portugisischer Justiz, woubäi et speziell Iewescht Gerichter fir militäresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gëtt. D'portugisesch Cour constitutionnelle huet néng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgerecht Ausleeë vum Recht.

Am Parteiespektrum dominéieren dräi Parteien: de Sozialisten (PS) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d'Sozialdemokratesch Partei (PSD) an d'Vollekspartei (PP), géinteniwwer. Déi zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu enger Walallianz, der Força Portugal, zosummegedoen. De PS stellt zanter der Oeilletsrevolutioun ëmmer de President, andeems d'Premieren schonn aus béid Lagere komm sinn. Zurzäit regéiert d'biergerlech-konservatiivt Lager. Weider Parteien sinn déi portugisesch Gréng (Partido Ecologista “os Verdes”, PEV), d'Kommunisten an de Lénksblock (Bloco de Esquerda, BE).

Kuckt dozou och den Artikel: Lëscht vun de politesche Parteien (Portugal)

International Bezéiungen änneren

Portugal ass Member vun der Europäescher Unioun (EU) an hat d'Presidence vum Conseil vun der EU am éischte Hallefjoer 2000 iwwerholl. An där Zäit huet Portugal als Zil gehat, den Dialog mat Afrika ze forcéieren an Impulser fir d'Stäerkung vun der Konkurrenzkapazitéit vun der europäescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester 2007 huet et nees d'Presidence.

Portugal war Grënnungsmember vun der NATO a bedeelegt sech mat Truppe bei der Friddenssécherung um Balkan. Zesumme mat Spuenien ass Portugal un den Ibero-Amerikanesche Sommete bedeelegt, deenen hiert Zil den Dialog virun allem mat de Länner aus Latäinamerika ass. Portugal war och an der Féierungsroll wéi d'Communautéit vun de Portugiseschsproochege Länner (CPLP) gegrënnt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dëse Länner ze verdéiwen. Portugal huet och Timor-Leste ënnerstëtzt, eng fréier Kolonie, an där hirem Onofhängegkeetswëllen, souwuel finanziell wéi och militäresch, a kooperéiert elo mat dësem jonke Staat zesumme mat asiatesche Länner, den USA an der UNO.

Portugal huet en Territorialsträit mat Spuenien wéinst Olivenza (resp. Olivença), dat zu Spuenie gehéiert, mä awer vu Portugal revendikéiert gëtt. Olivenza ass zanter 1801 ënner spuenescher Verwaltung, allerdéngs huet Spuenien sech um Wiener Kongress vun 1815 bereet erkläert, den Territoire u Portugal zeréckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut reegelméisseg verlaangt.

Kultur änneren

Literatur änneren

Portugal gëtt heiansdo och d'Land vun de Poete genannt. An der portugisescher Literatur hat d'Poesie ëmmer méi e staarken Afloss wéi d'Prosa. Am Mëttelalter, wéi d'portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordweste vun der ibeereschen Hallefinsel d'Poesie wäit verbreet an huet exzellent sou gutt eepesch wéi lyresch Wierker produzéiert. Ausser deene bekanntste klasseschen Dichter Luís de Camões a Fernando Pessoa, gëtt et eng Rei aner, manner bekannte Kënschtler, déi op déi modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..

D'Prosa huet sech e bësse méi spéit entwéckelt. Eréischt am 14. Joerhonnert koumen déi éischt Chroniken oder Biographië vun Helleger eraus. De Fernão Lopes ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d'Regentschaft vun dräi Kinneken aus senger Zäit. International ass déi portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d'Schrëfte vum Eça de Queirós an dem Nobelpräisdréier fir Literatur 1998, José Saramago am meeschten op.

Relioun änneren

Ongeféier 97 % vun de Portugise si réimesch-kathoulesch, woubäi a Portugal Glawensfräiheet besteet. D'Pilgerplaz Fátima läit a Portugal an ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, dévouéiert. D'Maria gëtt vun de Portugise vill veréiert, bal wéi eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun der Christianiséierung haaptsächlech weiblech Gottheeten ugebiet hunn.

Gastronomie änneren

D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, déi s'op hiren Entdeckungsfahrte kennegeléiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Régioun vu Portugal gëtt et eege Spezialitéiten, mat verschiddene Fleesch- a Fëschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass de Bacalhau, bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsméiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir säi Wäi bekannt, schonn zanter der Réimerzäit gëtt Portugal mat dem Gott vum Wäin an de Fester, dem Bacchus, associéiert. Och haut gehéieren d'Wäiner aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de séisse Porto.

Kuckt dozou och den Artikel: Caldeira de carne

Musek änneren

Déi wichtegst Museksform a Portugal ass de Fado, dee ganz melancholesch ka sinn an dowéinst deelweis responsabel ass fir de Klischee vun de melancholesche Portugisen; géintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Dës Musek huet eppes vu saudade (etwa: Seensucht) u sech, an et ass gutt méiglech, datt s'eng Mëschung ass vun de Lidder vu portugisesche Matrousen an de Rhythme vun afrikanesche Sklaven.

Dobäi gëtt en Ënnerscheed tëscht zwou Stilformen; dem Fado vu Lissabon an deem vu Coimbra. D'Amália Rodrigues war déi wichtegst a bekanntst Fado-Kënschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kënschtler d'Méiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzéieren, déi zum Deel nëmmen nach duerch d'saudade un den urspréngleche Fado erënneren. Och an de fréiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreet a sech eegestänneg zum kap-verdesche Morna vun der Cesária Évora oder zum brasilianesche Choro weiderentwéckelt.

Aus der Zäit vum faschisteschen Estado Novo ënner dem Salazar staamt eng Liddermaachertraditioun. Déi bekanntst Vertreter vun dëser Protestbeweegung sinn de José Afonso (dacks Zeca genannt) an de Sérgio Godinho. Vum José Afonso staamt d'Interpretatioun vum Grândola, vila morena, e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.

An der Popmusk huet sech a Portugal den Hip Hop Tuga erausgeschielt, deen eng u Portugal adaptéiert Fassong vum Hip Hop ass, an deen ënner Jugendlecher ganz populär ass.

All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegene Folklorestil (Ranchos Folclóricos). Déi portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun de Sklaven aus dem Angola vun haut gemëscht an ass als Samba och a Portugal ganz beléift. Ënner den angolaneschen Immigranten ass och de Kuduro, eng Zort haarden, allerhad sënnleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz populär, de Kizomba ass en änlechen Danzrhythmus, deen awer net sou verbreet ass.

Volleksfester änneren

Am Juni gëtt et a ganz Portugal Fester zu Éiere vun den dräi Vollekshellegen (Santos Populares). Dës dräi Helleg sinn den Antonius, den hellege Johannes an de Péitrus. Gefeiert gëtt mat Wäin, água-pé (Moscht), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -dänz, Hochzäiten, Feier a Freedefeier a vill gudder Laun.

Santo António gëtt an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou dësen Hellëge gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Kavalkad (Marchas Populares) him zu Éiere gëtt. Et ginn och Hochzäiten zelebréiert (Casamentos de Santo António). De populäersten Hellegen ass de São João (hl. Jean), deen um Gehaansdag virun allem zu Porto a Braga gefeiert gëtt, woubäi et Sardinen a Caldo Verde (eng traditionell Zopp) gëtt an d'Leit sech géigesäiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gléck soll bréngen. Zu Éiere vum São Pedro gëtt den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zu Póvoa de Varzim an zu Barcelos, woubäi déi Fester zu Éiere vum Mier sinn. Dofir gëtt vill Feier (fogeiras) benotzt an et gëtt erëm eng Zort "Stroossefuesend".

Sport änneren

Foussball ass dee bekanntsten, beléiftsten an am meeschte gespillte Sport a Portugal. De portugisesche Foussball huet Weltklassespiller wéi den Eusébio, Manuel Rui Costa oder de Luís Figo ervirbruecht. Nieft dem Foussball hu portugisesch Sportler international an aneren Disziplinne Marathon, Beachvolleyball und Rullhockey groussen Erfolleg.

Et gëtt a Portugal nach eng traditionell Sportaart, de Jogo do pau (Bengelspill), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach hëlze Bengelen als "Waff" benotzt. Dëse Sport staamt aus dem Mëttelalter, ass awer haut nach populär; d'Bengelen, déi hautdesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also méi kuerz wéi déi vu fréier.

Bildungssystem änneren

Bis zu der Oeilletsrevolutioun 1974 gouf d'Bildung lénks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nëmme lues virun. Dat mierkt ee bis haut: 2000 hat nëmmen een Zéngtel vun den Drëssegjäregen en Héichschouldiplom. Domat hat Portugal ënner den EU-Membere virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Wäert. Mat senge 15 % Analphabeten louch Portugal och an dëser Statistik vir. Hautdesdaags awer net méi. Zanter 2016 läit den Taux vun den Analphabeten (meeschtens bei eelere Leit) bei 5 %[3] an 100 % vun de Schüler an der Primärschoul si scolariséiert.

Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwécklung, an dréit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bäi, well virun allem d'Landbevëlkerung vum Analphabetismus betraff ass. Mä och d'portugisesch Mëttelschicht ass ënnerduerchschnëttlich gebilt, well den Accès op d'Universitéiten eréischt an de leschte Jore méi einfach ginn ass. Sou feelt et z. B. u gutt ausgebilten Entrepreneren déi traditionell Besëtzer vu Firme sinn der ausländescher Konkurrenz dacks net méi gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.

De Schoulsystem besteet aus enger véierjäreger Primärschoul an enger fënnefjäreger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluecht zwielefjäreg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun de relativ ville privaten Institutiounen kënnen an d'Schoul ze goen, kënnen aarm Famille Subside kréien.

Wien no der Uewerschoul nach d'Escola Secundária besicht (wärend dräi Joer), däerf op d'Universitéit a kann tëscht e puer Méiglechkeete fir säin Héichschoulstudium wielen: d'Héichschoulbildung gëtt a Portugal vu staatlechen a privaten Universitéiten (universidades) a staatlechen a private Fachhéichschoulen (escolas politécnicas) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entléene Régiounen ze hëllefen sinn a ville mëttleren Stied Héichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jiddwerfall en Opnamexamen z'absolvéieren an et sinn Studéiertaxe fälleg, déi bei de private Schoulen méi héich si wéi bei de staatlechen, an och vum Fach ofhängeg sinn; op staatleche Schoule si bis zu 850 € all Joer fälleg. Trotzdeem ass ongeféier en Drëttel vun de Studente bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousätzlech zu den Aschreiwtaxe si propinas ze bezuelen, dat sinn Taxen déi fir d'Austelle vun Zensuren an Diplomer agezu ginn. Ongeféier 20 % vun de Studente kommen an de Genoss vun enger akommesofhängeger staatlecher Subventioun.

Medien änneren

Déi staatlech portugisesch Radio- an Televisiounsgesellschaft RTP (Radiotelevisão Portuguesa) bedreift zwéin Televisiounssenderen, RTP 1 an RTP 2. Zanter 1992 si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zanterhier gëtt et nach SIC an TVI (Televisão Independente, bedriwwe vun der kathoulescher Kierch). De Programm gëtt bei alle véier Sendere vu brasilianeschen a portugiseschen Telenovelas an Action-Serien dominéiert; d'Noriichte sinn an héijer Mooss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch mat Ënnertitele gewisen. Den Auslandssender RTP-Internacional kann och a Mëtteleuropa empfaange ginn a weist dat Bescht aus alle véier Programmer.

A Portugal gëtt et ongeféier 150 Radiostatiounen, woubäi de Sender vun der RTP an de kathoulesche Sender Radio Renascença landeswäit kënnen empfaange ginn. D'RTP ass iwwer Kuerzwell och a Mëtteleuropa ze héieren, allerdéngs nëmmen op Portugisesch.

Ënner de villen Zeitungen, déi a Portugal gedréckt ginn, leeft momentan e Konsolidéierungsprozess of, bei deem wuel e puer méi kleng Zeitungen ënnergoe wäerten. Déi wichtegst Zeitunge sinn déi konservativ-liberal Diário de Notícias, de linksliberale Público (allen zwee vu Lissabon) an de Jornal de Notícias vu Porto. Ganz grouss Oploen hunn och d'Sportzeitungen, déi all Dag erauskommen a sech bal nëmme mat Foussball beschäftegen - déi wichtegst sinn d'O Jogo an d'A Bola. Als bescht Wochenzeitung gëllt den Expresso. Am Beräich vun der Klaatschpress sinn d'Magaziner Maria an Nova Gente déi all Woch gedréckt ginn, déi Publikatioune mat den héchsten Oploen.

Verkéier änneren

Déi dräi wichtegst Fluchhäfe vu Portugal, Porto, Lissabon a Faro gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubäi déi zwou portugisesch Fluchgesellschaften TAP Portugal a Portugália déi meescht Verbindungen ubidden. Et gëtt och Flich bannent dem Land, mä well d'Land ze kleng ass sinn déi net besonnesch attraktiv an tendéieren dozou relativ deier ze sinn.

D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hëllef vu Subside vun der EU gutt ausgebaut, wat Leit, déi Portugal an den achtzeger Jore fir d'lescht Kéier besicht haten, verwonneren däerft. Déi wichtegst Route gi vun Autostradas (mat Péagen) oder Itinerários Principais (IP) (gratis) resp. Itinerários Complementares (IC) zerwéiert. An ofgeleeëne Gebidder kann een allerdéngs nach dacks op Pavé-Stroosse stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Mëtteleuropäer gutt iwwerleeën; dem Chaos zu de Stousszäiten an dem generéisen Ausleeë vun de Verkéiersreegelen ass net jiddweree gewuess. Datt de Stroosseverkéier a Portugal zu den onsécherste gehéiert, hunn europäesche Onglécksstatistike schonn dacks bewisen. Taxie si relativ bëlleg, besonnesch an de Stied.

D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haapttrasse sinn d'Verbindungen awer effizient a séier, wann d'Eisebunner net grad streiken. D'Billjeeë si relativ bëlleg. Op den Niewestrecke gouf an de leschte Joerzéngten näischt méi investéiert a vill sinn och mëttlerweil ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied a Spuenien, donieft gëtt et eng Verbindung op Irún op der spuenesch-franséischer Grenz mat direktem TGV-Uschloss fir op Paräis.

Dogéint gëtt et en zimmlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Präisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Mëtteleuropa mat Portugal, si gi wéinst der laanger Fuerzäit allerdéngs bal nëmme vu Gaaschtaarbechter benotzt. D'Busse fueren a Portugal vun der Rodoviária of, wou een och d'Biljeeë kritt.

Feierdeeg änneren

Datum Numm Portugisesche Numm Bemierkung
1. Januar Neijoerschdag Ano Novo
Karfreideg Sexta-Feira Santa de Freideg virun Ouschteren
Ouschterdag Páscoa Ouschtersonndeg
25. Abrëll Dag vun der Fräiheet Dia da Liberdade Oeilletsrevolutioun 1974
1. Mee Dag vun der Aarbecht Dia do trabalhador
10. Juni Portugal-Dag Dia de Portugal Doudesdag vum Camões am Joer 1580
Erläichendag Corpo de Deus Donneschdeg, 40 Deeg no Ouschteren
15. August Léiffrawëschdag Assunção
5. Oktober Aféierung vun der Republik Implementação da República am Joer 1910
1. November Allerhellegen Todos os santos
1. Dezember Erëmaféierung vun der Onofhängegkeet Restauração da Independência am Joer 1640
8. Dezember Onbefleckt Empfängnis Imaculada Conceição Patréinesch vu Portugal
25. Dezember Chrëschtdag Natal

Wat nach dozou ze soen ass:
All Krees huet en eegene reliéise Feierdag, dacks fir den hellegen Antonius den 13. Juni, dem hellege Johannes de 24. Juni oder den hellege Péitrus den 29. Juni. Wann de Krees kee sou e Feierdag huet, dann ass Fuessonndeg e gesetzleche Feierdag. De Fuessonndeg gëtt awer faktesch wéi e normale Feierdag behandelt, virun allem well d'Staatsbeamten deen Dag normalerweis fräi hunn. Donieft gëtt doriwwer diskutéiert, de 24. Juni als Feierdag anzeféieren (Onofhängegkeet vu Portugal am Joer 1128).

Literatur iwwer Portugal änneren

  • Briesemeister, Dietrich an Axel Schönberger (Hrsg.), 1997. Portugal heute: Politik - Wirtschaft - Kultur. Frankfurt am Main. (Eng relativ deier, ustrengend, mä ganz informativ an déifgrënneg Aufsatzsammlung)
  • Freyre, Gilberto, 1990. Herrenhaus und Sklavenhütte. 491 S. Dtv. (Dat wichtegst Wierk vum bedeitende brasilianesche Soziolog an Anthropolog gëtt zwar e Bild vun der brasilianescher Gesellschaft, mä an engem Drëttel geet et awer iwwer d'portugisesch Kolonisatoren a virun allem iwwer deenen hir kulturell Originnen an hir Wirtschaftsgeschicht rieds. D'Original koum 1933 ënner dem Titel "Casa grande e senzala" eraus).
  • Labourdette, Jean-François, 2000. Histoire du Portugal. 703 p., Fayard, France. ISBN 2-213-60590-4.
  • Page, Martin, 2007. The first global village / How Portugal Changed the World. 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p. (zielt zu de beschten an aktuellste Geschichtbicher iwwer Portugal).
  • Remarque, Erich Maria, 1962. Die Nacht von Lissabon. (D'Geschicht spillt am Zweete Weltkrich an där Zäit, wou Lissabon eng Sammelplaz fir all déi europäesch Krichsrefugiée war, déi vun do aus an Amerika emmigréire wollten).

Referenzen änneren

  1. Fläch ouni d'Azoren a Madeira: 88 967 km². Quell: Statistical Yearbook of Portugal (2005) vum Instituto nacional de estatística.
  2. 2006 Instituto nacional de estatística (August 2007)
  3. Taxa de analfabetismo em Portugal ainda é das maiores na Europa

Um Spaweck änneren

Commons: Portugal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Administratioun änneren

Tourismus änneren

Kultur a Sport änneren

Diverses änneren