Däitscht Räich vun 1933 bis 1945


D'Däitscht Räich tëscht 1933 an 1945, och nach Drëtt Räich oder Nazidäitschland genannt, war eng Diktatur vun der Nationalsozialistescher Däitscher Aarbechterpartei (NSDAP) ënnert dem Adolf Hitler. D'Däitscht Räich ass de Virgänger vun der haiteger Bundesrepublik Däitschland.

Däitscht Räich
Deutsches Reich
Groussdäitscht Räich
Großdeutsches Reich

Fändel vun Däitschland

Wope vun Däitschland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Däitsch
Haaptstad: Berlin
Staatsform: Republik
 • Räichspresident: Paul von Hindenburg (1925 bis 1934)
Adolf Hitler (1934-1945, als Führer)
Karl Dönitz (1945)
 • Räichskanzler: Adolf Hitler (1933-45)
Joseph Goebbels (1945)
Lutz Graf Schwerin von Krosigk (1945)
Fläch: 633.786 (1939) km²
Bevëlkerung: 78.800.000 (1938)
Nationalfeierdag: 1. Mai: "Dag vun der nationaler Aarbecht"
Nationalhymn: Das Lied der Deutschen (éischt Stroph)
Horst-Wessel-Lied (de facto)
Wärung: Reichsmark
Zäitzon: UTC +1

Ënnert dem Hitler sengem Regimm gouf Däitschland an en totalitäre Staat verwandelt, deen duerch déi sougenannte Gleichschaltung bal all Aspekt vum alldeegleche Liewe vu senge Bierger kontrolléiert huet. Nazidäitschland war ee vun den Haaptacteure vum Zweete Weltkrich a fir massiv Krichsverbriechen, de Genozid un de Judden an Europa a Milliounen Doudeger verantwortlech. Am Mee 1945 ass den Naziregimm mat der Victoire vun den Alliéierten ënnergaangen.

Numm änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Däitscht Räich an am Artikel Nazi

Den offiziellen Numm vum däitsche Staat tëscht 1933 an 1945 war "Däitscht Räich" (Deutsches Reich) a spéider och nach "Groussdäitscht Räich" (Großdeutsches Reich). En ass och als Drëtt Räich (Drittes Reich) bekannt, woubäi dat éischt Räich d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun (800-1806) war an dat zweet d'Däitscht Keeserräich (1871-1918) waren. Alternativ gëtt Däitschland tëscht 1933 an 1945 och als Nazidäitschland bezeechent; e Bezuch op de Regimm vun der Nazipartei (NSDAP).

Geschicht änneren

Opstig änneren

Den Adolf Hitler gouf den 30. Januar 1933 vum President vun der Weimarer Republik, dem Paul von Hindenburg, zum Räichskanzler ernannt. D'NSDAP huet duerno progressiv all politesch Oppositioun eliminéiert an hir Muecht konsolidéiert. Den Hindenburg ass den 2. August 1934 gestuerwen. Doropshin ass den Hitler däitschen Diktator ginn, andeems hien d'Funktioune vum Kanzler a vum President zesummegeluecht huet. Den 19. August 1934 gouf e Referendum gehalen, mat deem den Hitler als eenzege Führer bestätegt gouf. De ganze Pouvoir war domat am Hitler senger Persoun zentraliséiert a säi Wuert ass dat héchste Gesetz ginn. D'Regierung war kee koordinéiert Organ, an deem d'Membere kooperéiert hunn, mee huet sech aus e puer Gruppéierungen zesummegesat, déi a Konkurrenz ëm dem Hitler seng Faveur stoungen. Matzen an der Weltwirtschaftskris hunn d'Nazien d'Wirtschaftsstabilitéit zeréckbruecht an der Massenaarbechtslosegkeet en Enn gesat an deem si massiv an d'Militär investéiert hunn a staark an d'privatwirtschaftlech Prozesser agegraff hunn. Donieft goufe grouss ëffentlech Chantieren ugefaangen, ënner anerem de Bau vun den Autobunnen. De Retour vun der wirtschaftlecher Stabilitéit huet huet d'Popularitéit vum Regimm weider erhéicht.

Ideologie änneren

Rassismus, a besonnesch Antisemitismus, waren eng zentral Charakteristik vum Drëtte Räich. Déi germanesch Mënsche goufe vun den Nazien als "Meeschterrass" betruecht, déi rengrassegest Grupp vun den Arier. Nodeems den Hitler un d'Muecht komm ass gouf vir d'éischt eeschthaft mat der Diskriminatioun a Verfollgung vun de Judden an de Roma ugefaangen. Am Mäerz 1933 goufen déi éischt Konzentratiounslager etabléiert. Judden an aner onerwënscht Leit goufen agespaart a Liberaler, Sozialisten a Kommuniste goufen ëmbruecht, agespaart oder exiléiert. Chrëschtlech Kierchen a Bierger, déi géint dem Hitler seng Herrschaft waren, goufen ënnerdréckt a vill Leaderen an de Prisong geheit. An der Educatioun gouf grousse Wäert op d'Rassebiologie, Bevëlkerungspolitik a Fitness fir de Militärservice geluecht. Carrière- a Bildungsméiglechkeete fir Frae goufe limitéiert. De Programm Kraft durch Freude huet d'Fräizäit an Tourismus organiséiert, an d'Olympesch Summerspiller 1936 zu Berlin waren eng gutt Geleeënheet fir d'Drëtt Räich sech op der internationaler Bün ze presentéieren. De Propagandaminister Joseph Goebbels huet Filmopnamen, Massemanifestatiounen an dem Hitler seng hypnotesch Riede benotzt fir d'ëffentlech Meenung ze beaflossen. D'Regierung huet de kënschtlereschen Ausdrock kontrolléiert a bestëmmte Konschtforme promouvéiert an anerer decouragéiert.

Um Wee zum Krich änneren

 
D'Däitscht Räich 1942, wéi et am gréisste war (ouni Vasallestaaten, déi vun Däitschland kontrolléiert goufen)

An de Jore virum Krich huet Nazidäitschland seng Nopeschlänner mat Militärmenacen a Schach gehalen. Däitschland huet ëmmer méi aggressiv territorial Demande gemaach a mat Krich gedreet, wann déi Fuerderungen net respektéiert goufen. Éisträich gouf 1938 annektéiert, d'Joer drop d'Tschechoslowakei. Den Hitler huet en Net-Aggressiounspakt mam Josef Stalin ënnerschriwwen a Polen am September 1939 iwwerfall, an domat den Zweete Weltkrich an Europa ausgeléist.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Zweete Weltkrich an am Artikel Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

1941 huet Nazidäitschland de gréissten Deel vun Europa kontrolléiert. Räichskommissariater hunn déi besat Gebidder kontrolléiert an eng däitsch Verwaltung an deem wat vu Polen iwwreg bliwwe war etabléiert. D'Drëtt Räich huet d'Réistoffer an d'Aarbechtskraaft souwuel an de besate Gebidder wéi an deene vu senge Verbënnten exploitéiert. Am Holocaust si Millioune Judden an aner Mënschen, déi vun den Nazien net erwënscht waren, agespaart an ëmbruecht ginn. Dat ass systematesch a Konzentratiouns- a Vernichtungslagere geschitt.

Ënnergang änneren

Mat der Operatioun Barbarossa huet Nazidäitschland am Summer 1941 mat der Invasioun vun der Sowjetunioun ugefaangen. Ufanks war d'Invasioun erfollegräich, mä d'Erëmopliewe vum sowjetesche Militär an den Antrëtt vun den USA an de Krich hunn dozou gefouert, datt d'Wehrmacht 1943 hir Initiativ op der Ostfront verluer huet a spéit am Joer 1944 bis virun d'Grenze vun 1939 zeréckgedréckt gouf. Wäitleefeg Bombardementer op däitsch Stied sinn 1944 eskaléiert an déi Däitsch an hir Alliéiert goufen och an Ost- a Südeuropa verdrängt. No der Invasioun vu Frankräich duerch déi Alliéiert gouf Nazidäitschland vun der Sowjetunioun aus dem Osten a vun den aneren Alliéierte vu Westen aus eruewert. D'Däitscht Räich huet am Mee 1945 kapituléiert. Dem Hitler seng Weigerung seng Néierlag anzegestoen huet zu massiver Zerstéierung vun däitschen Infrastrukture gefouert an zousätzlecht Stierwen an de leschte Méint vum Krich mat sech bruecht. D'Alliéiert hunn no hirer Victoire eng Denazifizéierungspolitik lancéiert a vill vun den iwwerliewenden Nazicheffe fir Krichsverbrieche wärend den Nürnberger Prozesser viru Geriicht bruecht.

Biller änneren

Kuckt och änneren