Michel-Rodange-Monument um Knuedler

Monument mat Spranbuer zu Éiere vum Michel Rodange

D'Michel-Rodange-Monument um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg, dat meeschtens einfach „de Fiisschen“ genannt gëtt, ass e Monument zu Éiere vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange (1827 – 1876). D'Monument ass besonnesch markant wéinst senger Skulptur, dem Fiisschen, deen den Haaptpersonnage aus dem Renert ass, dem Michel Rodange sengem beschtbekannte Wierk.

Michel-Rodange-Monument um Knuedler
De camoufléierte Fiischen kuerz virun der Aweiung vum renovéierte Monument
Typ Monument,
Sprangbuer
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Knuedler
Koordinaten 49°36'37,051"N, 6°7'51,121"O
Ageweit 26. Juni 1932
Kënschtler Jean Curot, François Demuth, Ernest Grosber, Jean-Théodore Mergen
Zu Éiere vun Michel Rodange

D'Monument gouf an de Joren 1931/32 gebaut an de 26. Juni 1932 offiziell ageweit. 1981 gouf d'Original vum Fiissche mat enger Replik ersat.

Monument

änneren

Am Oktober 1930 gouf en Organisatiounskommitee an d'Liewe geruff fir dem Michel Rodange posthum e Monument opzeriichten. No engem ëffentleche Concours gouf de Lëtzebuerger Moler a Sculpteur Jean Curot (1882 – 1954) de 24. Abrëll 1931 vun enger internationaler Jury als Gewënner ausgezeechent. De Curot, dee sengerzäit Professer an der deemoleger Handwierkerschoul war, hat selwer virgeschloe fir d'Monument, dat d'Form vun engem Buer huet, an déi bestoend Balustrad, ëstlech vum Stadhaus z'integréieren. D'Monument ass aus hellem Sandstee gebaut a steet deemno tëscht dem Stadhaus an der Trap déi nieft dem Centre Guillaume-II an d'Ënneschtgaass erofgeet.

Uewen um Monument sëtzt de Fiisschen, den Haaptpersonnage aus dem Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst; e gouf vun de Kënschtler François Demuth an Ernest Grosber sculptéiert[1].

Ënner dem Fuuss ass e Medaillon aus Koffer mam Portrait vum Michel Rodange ze gesinn, de vum Jean-Théodore Mergen realiséiert gouf[2]. Do drënner steet den Numm vum Dichter mat sengem Gebuerts- a Stiewesjoer a Form vun engem Relief aus dem Stee gemeesselt. Ronderëm dësen Haaptdeel vum Monument schwéngt sech e Kranz vu Rousen am Steen.

De Buer selwer besteet aus engem hallef-oktogonale Baseng an dee Waasser aus engem Krunn leeft. Eng bronze Plack weist drop hin, datt et Drénkwaasser ass. Déi Plack ( « eau potable ») ass net original, mä gouf eréischt ëm 2011 ubruecht. 2024 gouf se mat enger Plack mam lëtzebuergeschen Text „Drénkwaasser“ ersat.

Um Réck vum Monument ass e Véierzeiler an der Originalschreifweis aus dem Renert an de Stee gemeesselt:

MER PLECKTEN
ABRIKOSEN...
....UN ALLEN
HECKE GER
WIE GEHT NUN
OWER PRAFFEN
AM BAMBÖSCH
D'SCHLEWENDER?
RENERT X. GESANK

Aweiung

änneren
 
Postkaart mam Monument, bei der Aweiung 1932.
 
Postkaart mam Text vun der Kantat (Auteur: Batty Weber), déi bei der Aweiung gesonge gouf.

D'Monument konnt deelweis iwwer eng Souscriptioun realiséiert ginn[3]. D'Aweiung war de 26. Juni 1932, dat a Presenz vum Prënz Felix, dem Staatsminister Joseph Bech, dem Buergermeeschter Gaston Diderich, dem Alphonse Nickels, dee President vum Comité fir d'Opriichte vum Monument war, dem Michel Rodange sengen Duechteren Élise a Marguerite, a soss nach zirka 2000 Leit. Nieft de Riede gouf eng feierlech Kantat gesongen, mat engem Text vum Batty Weber an enger Musek vum Fernand Mertens. D'Kantat gouf vum Orphéon aus der Stad gesongen a vun der Militärmusek begleet[3].

Original a Kopie

änneren

D'Original vum Fiissche gouf am November 1979 – jee no Quell – gestuel[3][4][5] an nees zeréckfonnt oder geschännt[6], wouropshin de Sockel fir eng Zäit eidel blouf. Iwwerdeems d'Original am Stater Musée versuergt gëtt, huet de Staatsmusée eng Replik maache gelooss, déi zwee Joer méi spéit, 1981, nees op d'Monument gesat gouf.

D'Original ass haut am Stater Musée ausgestallt.

Renovatiounen

änneren

Am Kader vun enger Sanéierung vum Knuedler an den 1980er Jore gouf de Belag vun der Plaz erneiert an d'Monument krut en neie Sockel aus Granit mat enger Bordür ronderëm.

Mat der Transformatioun vum fréiere fréiere Kongregatiounsgebai fir de Bau vum Bierger-Center tëscht 2010 an 2014, war et néideg ginn, Aarbechten un der Trap ëstlech vum Stadhaus ze realiséieren. D'Michel-Rodange-Monument gouf deemools scho liicht gebotzt a restauréiert well kuerz virum Ufank vun den Aarbechten op de bronzen Elementer an de Steng Verfierwungen duerch Oxidatioun festgestallt goufen. No dëser Restauratioun, ëm 2011, gouf och eng bronze Plack « eau potable » ënner dem Waasserrouer ubruecht.

Wéi dunn de Knuedler tëscht 2021 an 2024 nei amenagéiert gouf, an nodeems grouss Schied um Monument festgestallt gi waren, gouf decidéiert, eng komplett Renovatioun vum Monument an der Balustrad an d'Weeër ze leeden. De Service Bâtiments vun der Stater Gemeng huet sech ëm d'Restauratioun gekëmmert. Absënns engem neie Sockel an der Drénkwaasser-Plack ass d'Monument, esou wéi et haut do steet, quasi nees wéi et am Original do stoung. D'Waasser sprutzt elo net méi andauernd eraus, mä just nach wann een de Knäppchen op der bronze Plack dréckt.

D'Käschte fir d'Restauration vum Monument an der Balustrad leie bei ronn 550.000 Euro[6]; déi restauréiert Elementer goufen de 5. Juni 2024 nei ageweit[6].

Interessantes

änneren

Literatur

änneren
  • Anonyme, 1988. De Renert um Knuedler. ons stad 27: 18. Pdf
  • Blasen, L., 1985. Die Denkmäler der Stadt Luxemburg. Der Michel Rodange-Brunnen, genannt "De Fiisschen". Télécran vum 19.-25. Januar 1985, S. 20-21.
  • Braun-Breck, Lotty, 1999. Claus Cito, der Bildhauer aus Bascharage (1882-1965). ons Stad 60: 22-27. (Pdf)
  • Rodange, M., 1987. Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld 1987. ISBN 978-2-87954-036-8. [Neioplo am selwechte Verlag 1995 an 2008]
  • Yegles, I., 2011. Les fontaines en ville haute et les représentations de l'animal. ons stad 97: 52-54. Pdf

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Michel-Rodange-Monument um Knuedler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Fir de Fuuss am Steen huet den däitsche Schéiferhond vum Camille Dieschbourg, dee Professer an der Handwierkerschoul war, Modell gestanen. Cf. Y. Yegles 2011 an der Literatur.
  2. Cf. Braun-Breck 1999: 25 an der Literatur.
  3. 3,0 3,1 3,2 Cf. Blasen 1985 an der Literatur.
  4. Cf. Claude Wolwert (Red.), De Renert um Knuedler, Um Spaweck
  5. Guy Thewes am Reportage vun RTL (Um Spaweck), bei 05'51''
  6. 6,0 6,1 6,2 Cf. Presse-Dossier 2024 Um Spaweck