Stille dage i Clichy

Film vum Jens Jørgen Thorsen (1970)

Stille dage i Clichy ass en dänesche Film vum Jens Jørgen Thorsen aus dem Joer 1970.

Stille dage i Clichy
Film
Produktiounsland Dänemark
Produktiounsjoer 1970
Première 1. Juni 1970
Dauer , 91 oder 100
Faarf Schwaarz-Wäiss
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Dänesch
Ekipp
Regie Jens Jørgen Thorsen
Dréibuch Jens Jørgen Thorsen
Fotografie Jesper Høm
Musek Lasse Lunderskov
Country Joe McDonald
Produzent Klaus Pagh
Schauspiller
Paul Valjean als Joey
Wayne Rodda als Carl
Ulla Koppel als Nys
Avi Sagild als Mara
Susanne Krage als Christine
Louise White als Surrealistin
Petronella als Adrienne
Elsebeth Reingaard als. Colette
Lisbet Lundquist als Jeanne
Olaf Ussing als Papp
Noemi Roos als Mamm
Anne Kehler als Corinne
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre
De Café de la Poste, an den 1930er Joren; "Virbild" fir eng Zeen am Buch an am Film.

Et ass eng Adaptatioun vum Henry Miller sengem Roman Quiet Days in Clichy aus dem Joer 1956.

Ëm wat geet et am Film?

änneren

Wéi och am Miller sengem Roman beschreift de Film d'Bohème-Liewe vun zwéin Amerikaner zu Paräis, déi sech et do mat Prostituéierten a Gesëffs, dat Ganzt mat e puer Liewensweisheete vereedelt, gutt goe loossen.

Wéi och am Roman gëtt et eng Episod, an där déi zwéi fir e Week-end en Ausfluch op Lëtzebuerg maachen.

Allerdéngs spillt de Film an der Géigewaart (deemno 1970), wärend d'Buch uganks vun den 1930er Jore spillt, déi Zäit, an där de Miller zu Paräis gelieft huet, an och, wéi aus engem Bréifwiessel mat der Anaïs Nin ervirgeet, vun do eng Kéier op Lëtzebuerg gefuer war.

Kontrovers zu Lëtzebuerg

änneren

Schonn ier de Film zu Lëtzebuerg sollt erauskommen, gouf sech am Luxemburger Wort an am Tageblatt driwwer opgereegt, datt de Film "d'Éier vum Land an den Dreck zéien" a Geschichtsfälschung bedreiwe géif. De Grond war, well an der Episod zu Lëtzebuerg déi zwéi Protagonisten ënner anerem och an engem "judenfreie Café" ze gesi sinn. Wann et sou ee Café an den 1930er Joren och gouf (et war de Café de la Poste an der Uewerstad) an de Miller sech doriwwer a sengem Roman opgereegt huet, sou krut dat Ganzt an engem Film, deen 1970 spillt, eng aner Dimensioun.

An anere Länner gouf et zum Deel grouss Opreegung wéinst de Sexzeenen am Film. Och d'Lëtzebuerger Commission de surveillance huet an hirem Rapport un de Justizminister, ier de Film erauskoum, geschriwwen, si hätt nach ni e Film gesinn, deen sou staark erotesch wier, e wier e Koup Dreck an eng Provokatioun sonner gläichen. Trotzdeem huet de Justizminister Eugène Schaus net verbueden, datt e sollt gewise ginn.

Dofir huet awer den 18. Januar 1972 de Procureur d'État de Film beschlagname gelooss, well e géint den Artikel 383[1] vum Code pénal verstousse géif, an den 9. Mee 1972 koum et zur Uklo géint de Proprietär vum Kino Europe, de François Reckinger.

Dës Aktioun huet zu enger virulenter Diskussioun an der Press gefouert; d'Wort huet an engem Leitartikel d'Aktioun vun der Staatsanwaltschaft begréisst, an allgemeng géint Nihilismus, Sitteverfall an Onmoral ugeschriwwen, an d'Bekämpfen dovun mat der Resistenz zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich verglach. Déi aner Zeitungen hunn d'Saisie vum Film verurteelt (se wier "domm a bornéiert" gewiescht, schrouf de Robert Goebbels am Tageblatt) an dem Wort Verklemmtheet a Provënzialismus virgeworf.

De Kinosproprietär gouf am Dezember 1972 fräigesprach, de Staatsprocureur goung awer an Appell, wou d'Uerteel, de Film wier net obszön am Dezember 1973 confirméiert gouf. De Film konnt dann endlech am Januar 1974 gewise ginn. Mat 15.000 Spectateure war en de fënnef-meescht besichte Film vum Joer 1974.[2]

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. "...quiconque aura importé, transporté, exporté ou fait importer, transporter ou exporter [...] des écrits, dessins, gravures, peintures, imprimés, images, affiches, emblèmes, photographies, films cinématographiques ou autres objets obscènes, ou les aura mis en circulatioun d'une manière quelconque" soll mat enger Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 1 Joer an enger Geldstrof vun 51 bis 1000 Frang bestrooft ginn.
  2. Dëst Kapitel baséiert um Paul Lesch sengem Artikel: "Au nom de la loi et de l'ordre public. La censure cinématographique au Luxembourg." In: Lëtzebuerger Kino. Aspects du cinéma luxembourgeois., CNA/Éditions Ilots 2005, S.95-107.