Autobunn A4 (Lëtzebuerg)
![]() A4 - Escher Autobunn ![]() | |||
Längt: 16,3 km | |||
Zeechen | N° | Pk. | Verdeeler |
![]() |
Lëtzebuerg (Stad)-Hollerech | ||
![]() |
2,3 | A6 Zéissenger Kräiz | |
![]() |
1 | 4,5 | Leideleng-Nord |
![]() |
2 | 7,1 | Leideleng-Süd |
![]() ![]() ![]() |
7,9 | Aire de Pontpierre (↓) | |
![]() ![]() ![]() |
8,7 | Aire de Pontpierre (↑) | |
![]() |
3 | 10,1 | Steebrécken |
![]() |
4 | 12,1 | Féiz |
![]() |
12,5 | A13 Uschloss Esch | |
![]() |
5 | 13,5 | Esch-Uelzecht-Lalleng |
![]() |
14,8 | A13 Uschloss Lankëlz | |
![]() |
16,3 | Rond-Point Rämerech |
D'Autobunn A4, och nach Escher Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vun Hollerech an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis op Esch-Uelzecht, wou se um Rond-Point zu Raemerech ophält.
Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 1 Autobunnnskräiz, 2 Jonctiounen an a béid Richtungen, jee eng Bensinnsstatioun mat Plaz fir ze raschten. Den Tracée vun der A4 leeft méi oder manner parallel zu der N4. Et sinn och Deeler vun der N4 duerch d'Autobunn ersat ginn, dofir ass d'N4 net méi duerchgängeg vu Lëtzebuerg bis Esch-Uelzecht.
Um Zéissenger Kräiz kräizt d'A4 sech mat der A6 a geet da laanscht Leideleng, Steebrécken a Féiz. Direkt duerno gëtt et en Uschloss un d'A13 (Collectrice du Sud): virun der Sortie op Esch-Lalleng a Richtung Diddeleng, dohanner, bei der Jonctioun Lankëlz, a Richtung Péiteng.
D'Autobunn A4 gouf tëscht 1969 an 1976 a Betrib geholl: Fir d'éischt den Tronçon Féiz-Esch, 1972 dann d'Ëmfuerung vu Leideleng, 1974 d'Deelstéck Leideleng-Märel an zum Schluss d'Streck tëscht Leideleng a Steebrécken. 1988, resp. 1992 gouf se ëm dat Stéck tëscht Esch-Lalleng an Esch-Raemerech verlängert.
D'A4 huet eng Längt vu 16,3 km.
D'Aarbechte sinn am Gaang, se un déi sougenannt Liaison Micheville unzeschléissen, déi, ënner Esch-Belval erduerch, déi Säit der franséischer Grenz als d'N52 virugeet, fir sou den Duerchgangsverkéier vun de Frontaliere méiglechst aus den Uertschaften Esch-Uelzecht, Villerupt an Däitsch-Oth erauszehalen.[1]
Ausserdeem sollt se vun 2015 u méi breet gemaach ginn; et soll eng Spuer fir den ëffentlechen Transport bäikommen.[2] Bis Enn 2020 war nach näischt dovun ze gesinn.
Um SpaweckÄnneren
Commons: A4 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Relation entre Esch/Alzette et Micheville: Le projet autoroutier." Site vun der Administration des Ponts et Chaussées, 7.10.2009.
- ↑ "Ausbau vun der A3 a vun der A4." (Video op rtl.lu, Leschten Update: 11.11.2014, 07:04:54.