Lady Rosa of Luxembourg
Lady Rosa of Luxembourg ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković geschaaft gouf. Et representéiert eng verfriemt Replik vum Monument vun der Gëllener Fra (dofir och dacks "Gëlle Fra 2" genannt). 2001 huet et zu Lëtzebuerg fir zolidd Poleemik gesuergt, wéi et knapps 50 Meter vum 'Original' ewech opgeriicht gouf, dat am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg.
Typ | Skulptur |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Kënschtler | Sanja Iveković |
Zu Éiere vun | Rosa Luxemburg |
Beschreiwung
ännerenD'Lady Rosa of Luxembourg ass eng Replik vum Monument vun der Gëllener Fra, mat zwéi wesentlechen Ënnerscheeder:
- D'Fraefigur (d'Gëlle Fra) erwaart;
- Den Text um Sockel ass geännert:
- op enger Säit stinn d'Wierder "La résistance, la justice, la liberté, l'indépendance" ze liesen;
- op der zweeter "Kitsch, Kultur, Kapital, Kunst";
- op der drëtter "Whore, bitch, madonna, virgin".
Receptioun
ännerenAussoe vun der Kënschtlerin no sollt dëst Konschtwierk dozou ureegen, iwwer d'Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft nozedenken. Deemno géif den engleschen Text um Sockel d'extrem Stereotyppen iwwer Fraen erëmginn ("Houer an/oder Helleg"), de franséischen Text déi allegoresch Wäerter, déi de Fraen (duerch Monumenter) attribuéiert ginn (et sinn elauter och grammatikalesch "weiblech" Wierder), an den däitschen Text d'Positioun vu Konscht a Kultur tëscht Commerce a Kapital (d'Alliteratioun vum ‚K’ erënnert alt erëm un déi vu 'Kanner-Kichen-Kierch', mat där déi "klassesch" Roll vun der Fra definéiert a kritiséiert gouf). De Fait, datt d'Fraefigur erwaart, soll deementspriechend op d'Roll vun der Fra als Mamm hiweisen, mä och, datt d'Fraen dacks déi éischt Affer vu Krichsgewalt (a Form vu Vergewaltegungen) sinn, woufir soss keng Monumenter opgestallt ginn. Och den Numm vum Konschtwierk ass eng däitlech Uspillung op d'Rosa Luxemburg, eng polnesch-däitsch Politikerin, déi ermuert gouf.
Dës komplex Liesaart vum Konschtwierk war vläicht muncher engem ze vill komplex. Kaum war d'Replik opgeriicht, koum et zu engem Stuerm vun Entrëschtung an de Lieserbréifsäite vun den Zeitungen. Et gouf däitlech, datt en ettlech Leit doriwwer schockéiert waren, datt dat, wat d'Gëlle Fra (d'Original) fir si representéiert - nämlech den Affer (virun allem) vum Zweete Weltkrich ze gedenken - op eng fir si inakzeptabel Aart a Weis verdréint gouf, andeems, wéi si et gesouchen, d'Gëlle Fra als "Kitsch" oder "Houer" bezeechent gouf. Well keng 'Gebrauchsuweisung' donieft stoung (a per Definitioun d'Konscht fräi fir déi verschiddenst Interpretatioune ass) gouf et wochelaang en erhëtzten Dialogue de sourds, dee bis hin zur Grënnung vun engem "Comité de Coordination Non à la 'Gëlle Fra 2'" an zu Fuerderungen zum Récktrëtt vun der Kulturministesch Hennicot-Schoepges, gefouert huet. Dës huet awer bis zum Schluss refuséiert, dem Drock nozeginn.
Interessanterweis stoung zur selwechter Zäit eng vergëllent Kou och net wäit vun der Gëllener Fra ewech, déi am Kader vun der Konschtaktioun "Art on Cows" (eng honnert ënnerschiddlech bemoolte Plastikskéi, déi uechtert d'Stad opgestallt goufen) dohigestallt gouf, wat awer keen ze stéiere geschéngt huet.
Am Hierscht 2001, nom regulären Oflaf vun hirer Ausstellungszäit, gouf d'Lady Rosa of Luxembourg nees ewechgeholl.
Si stoung bis 2003 am Hannerhaff vun engem Haus fir geschloe Fraen – alt nees eng Symbolik fir sech.
Duerno stoung se eng 7 Joer am Berodungszentrum vun der Initiativ Liewensufank asbl zu Izeg. 2009 koum se fir eng Ausstellung vun der Creatrice an de Van Abbe-Musée op Utrecht.
Am Januar 2011 gouf se, wéinst Aarbechten an de Raimlechkeete vun der Initiativ Liewensufank, virleefeg an d'Reserv vum Mudam opgeholl[1],[2]. Vum 17. Dezember 2011 bis de 26. Mäerz 2012 war se zu New York am MOMA an enger Wierkaustellung vun der Kënschtlerin mam Titel Sweet violence ze gesinn[3].
Vum 2. Juni bis de 16. September 2012 gouf d'Lady Rosa eng zweete Kéier zu Lëtzebuerg ëffentlech ausgestallt, nämlech an der Agangshal vum Mudam am Kader vun enger Wierks-Retrospektiv vun der Sanja Iveković, mam Titel Waiting for the Revolution. Am Géigesaz zu 2001 ass déi Ausstellung an der allgemenger Indifferenz iwwer d'Bün gaangen.
Um Spaweck
änneren- Georg Schöllhammer: Rosa von Luxemburg, in: Die Springerin, 2/01
- Since History Is Always Written by Men …. En Essay vum Enrico Lunghi iwwer d'Geschicht vun der Gëlle Fra an d'Kontrovers iwwer d'Lady Rosa of Luxembourg.
- Sanja Iveković: Lady Rosa of Luxembourg op der Websäit vum Museum of Modern Art (“MoMA”), New York, gekuckt de 5. Januar 2020
Referenzen
änneren- ↑ "No der Gëlle Fra, plënnert d'Lady Rosa och elo." RTL.lu, 14.01.2011, 10:13 - Fir d'lescht aktualiséiert: 14.01.2011, 12:30.
- ↑ D'Lady Rosa of Luxembourg plënnert, e Filmchen op youtube.
- ↑ Exhibitions: Sanja Iveković: Sweet Violence moma.org, gelies den 28/03/2011