Aix-sur-Cloie

Duerf an der Belscher Province de Luxembourg
(Virugeleet vu(n) Esch-op-der-Huurt)

Aix-sur-Cloie, lb.: Esch-op-der-Huurt, ass eng Uertschaft an der Gemeng Éibeng (Sektioun Hueldang) an der Provënz Lëtzebuerg, am Areler Land.

Aix-sur-Cloie
lb: Esch-op-der-Huurt
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Éibeng
Koordinaten 49° 33’ --’’ N
      05° 44’ --’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6792

Geographie änneren

Et läit nordwestlech vun der Uertschaft Éibeng, an ëstlech vun Hueldang, dat an der Gaume läit.

Nërdlech vun der Uertschaft huet d'Baach Brühl hir Quell, si leeft Richtung Südosten an am Dräilännereck an d'Kuer.

  Bébange Messancy  
Battincourt N
W    Aix-sur-Cloie    O
S
Halanzy Mont-Saint-Martin (F) Aubange

Geschicht änneren

Esch-op-der-Huurt stoung ursprénglech ënnert der Herrschaft vu Lonkech[1]. No der Konventioun vum 16. Mee 1769, gouf et en Deel vum Grand-gouvernement de Lorraine-et-Barrois, an ënnerstoung dem Bailliage de Villers-la-Montagne[2].

An der Franséischer Revolutioun an dem Directoire war et en Deel vum Departement Forêts, dono vum neigegrënnte Groussherzogtum Lëtzebuerg, bis wéi no der Belscher Revolutioun d'Provënz Lëtzebuerg gespléckt gouf an et op der belscher Säit vun der Grenz ze leie koum.

Als Sektioun vun der Gemeng Halanzy koum et schlussendlech, am Zock vun der belscher Gemengereform vun 1977, an d'Gemeng Éibeng, mat där Halanzy fusionéiert hat.

 
Eent vun de Weekräizer

Kuckeswäertes änneren

  • d'Kierch Saint-Martin
  • véier Weekräizer, déi klasséiert sinn

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aix-sur-Cloie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, volume XV, 1860.
  2. Nicolas Durival: Description de la Lorraine et du Barrois Band 2, Nancy, chez la veuve Leclerc, 1779}}
Uertschaften an der Gemeng Éibeng

Sektiounen: AttemÉibengHueldangRéiseg
Uertschaften: Esch-op-der-Huurt · Beetem · Gierleng