Wuelmereng
Volmerange-les-Mines (Wuelmereng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est am Departement Moselle.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Yutz | ||||
Postcode | 57330 | ||||
Gemengecode | 57731 | ||||
Koordinaten | 49° 26’ 35’’ N 06° 04’ 52’’ O | ||||
Fläch | 1.292 ha | ||||
Bevëlkerung | 2.237 (2017) |
Am Uert, deen zum Arrondissement Thionville gehéiert, liewen 2237 Awunner (Stand 2017). Wuelmereng läit eng 5 km südlech vun Diddeleng, op der Grenz mat Lëtzebuerg.
Geschicht Änneren
Urspronk vum Numm Änneren
Den Numm vu Wuelmereng däerft vun engem gallo-réimeschen Här mam Numm Volcmarus kommen. De Suffix "eng" deit de Besëtz un. Fir d'éischt gouf d'Uertschaft am Joer 980 als Valembregam villam in pago Moslenci ernimmt, wat och d'Interpretatiounen opkomme gelooss huet, et kéim entweeder vun engem Walah(ber) oder et wier den Zesummeschloss vum laténgesche Wuert "Vallum" fir Dall an dem keltesche Wuert "Briga" fir Festung.
Dono fënnt een et nach als Garmerange, Warmerange a Woilmeringen, ier et da joerhonnertelaang ënner dem Numm Volmerange-lès-Oeutrange bekannt war. 1920 kritt d'Duerf den offiziellen Numm Volmerange-les-Mines.
Mëttelalter bis Neizäit Änneren
D'Duerf huet dem Klouschter Saint-Denis vu Paräis gehéiert, bis datt et 1531 un de Bernhard vun Eltz, Här vun Ëtteng verkaaft gouf. Duerch den Traité vun de Pyrenäen 1659 goung dat lëtzebuergescht Lehen u Frankräich, d'Famill Eltz blouf awer weider lokalen Här, bis datt duerch Bestietnes 1749 d'Famill Hunolstein iwwerholl huet. Mat der franséischer Revolutioun 1789 goung d'Feudalherrschaft op en Enn. Duerch den Traité vu Frankfurt vun 1871 huet d'Duerf op eemol als Deel vun Elsass-Loutrengen zum Däitsche Räich gehéiert, bis datt et mam Traité vu Versailles 1918 nees zeréck u Frankräich goung.
Wirtschaftsentwécklung Änneren
Wuelmereng war e klengt Bauerenduerf, bis datt d'Minett am Buedem fonnt gouf an d'Awunnerzuel stënterlech an d'Luucht geschoss ass. Wärend engem ganze Joerhonnert (vun 1874 bis 1973) waren zwou Grouwe fir den Opschwonk verantwortlech: Laangebierg a Kraemer.
Hautdesdaags bestëmmt virun allem de Klenghandel d'Ekonomie vu Wuelmereng, nieft der Gesellschaft Poeckes vun Téiteng, déi hir Steekaul op Wuelmerenger Gebitt huet.
Bevëlkerungsentwécklung Änneren
|
|
|
Ëffentleche Verkéier Änneren
D'Gare Wuelmereng ass eng CFL - Kappgare, déi, vu Lëtzebuerg aus gesinn, hanner der Gare Diddeleng-Schmelz läit an zu der Linn 6b vum CFL gehéiert.
Kuckeswäertes Änneren
En Ëmwee wäert ass fir Frënn vum Schéisssport den Eurostand vu Wuelmereng, wou een op 10, 25, 50, 100 an 200 m schéisse kann, a wou et och eng mobil Scheif op 50 m gëtt.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Wuelmereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |