Uniwersytet Wrocławski

polnesch Universitéit

D'Universitéit vu Wrocław (Polnesch: Uniwersytet Wrocławski, Latäin: Universitas Wratislaviensis) ass eng Universitéit an der polnescher Stad Wrocław (fréier: Breslau). Se gouf 1702 als Jesuittekolléisch gegrënnt an nom Leopold I., Leopoldina genannt. Si steet op der Plaz vun der aler kinneklecher Buerg vu Breslau, déi de Leopold I. dem Uerde geschenkt hat, an déi fir de Bau vum Kolléisch ofgerappt gouf.

Uniwersytet Wrocławski
Uniwersytet Wrocławski
Typ Universitéit
Land Polen
Uertschaft Wrocław
Schülerzuel 31.557
Gegrënnt 1702
Grënner Leopold I.
Genannt no Leopold I.
Um Spaweck https://uwr.edu.pl/

1811 gouf ënner dem Friedrich Wilhelm III. vu Preisen, deen d'Brandenburgische Universität Frankfurt nom Fridde vun Tilsit op Breslau verleeë gelooss huet, d'Gebai vergréissert an erneiert, an aus der Leopoldina gouf d'Königliche Universität zu Breslau. 1911 gouf s'a Schlesische Friedrich-Wilhelms-Universität ëmgenannt.

Nom Zweete Weltkrich gouf s'eng polnesch Universitéit.

Den eelsten Deel gëllt als eent vun de schéinste Monumenter vum éisträichesche Barock. D'Aula dovun (1728–1732 gebaut) ass de gréisste Barocksall a Polen, an ee vun de gréissten an Europa. Dat spéidert preisescht Kinneksschlass, am Rokoko- a klassizistesche Stil, ass aus dem spéiden 18./19. Joerhonnert a just nach zum Deel erhalen.

Um Spaweck änneren

Commons: Uniwersytet Wrocławski – Biller, Videoen oder Audiodateien