Hollerech
Hollerech ass e Quartier am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg an eng fréier Gemeng.
Hollerech | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hollerich de: Hollerich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 6.963 (31.12.2017) |
Fläch | 160,01 ha |
Koordinaten |
49° 35’ 58’’ N 06° 06’ 57.3’’ O |
![]() Hollerech (blo) an der Stad Lëtzebuerg (gro) | |
GeschichtÄnneren
Et gëtt ugeholl, datt déi éischt Uertschaft do tëscht dem 5. an dem 10. Joerhonnert entstanen ass. D'Par Hollerech gouf et schonn ëm 980. Deemools goufen Nimm wéi Holdrig oder Holrich gebraucht. Eng méiglech Erklärung vum Numm kéint och déi fréier St-Ulrichs-Kierch am Stadgronn sinn. De Gronn huet deemools zur Par Hollerech gehéiert an aus "Ulrich" kéint iwwer "Ullerich" an "Hullerich" schlussendlech "Hollerech" entstane sinn.
Hollerech war eng Zäit eng eegestänneg Gemeng, am Dall vunn der Péitruss.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Hollerech
Laang Zäit war Hollerech eng industriell Plaz. D'Hollerecher Schmelz (Servais-Schmelz) huet mat hiren dräi Héichiewen am Joer 1883 de Produktiounsmaximum vun 19.270 Tonne Stol erreecht. 1886 ass d'Schmelz definitiv zougemaach ginn an 1898 huet sech op där Plaz e Gaswierk etabléiert, d'Hollericher Gaswerk A.G..
Am Zweete Weltkrich krut déi Hollerecher Gare eng traureg Reputatioun. Vun do aus sinn d'Zwangsrekrutéiert fortgefuer a Famille vu politesche Prisonéier an Nazi-Däitschland ëmgesidelt ginn. Nach haut erënneren den Deportatiounsmemorial an e Monument nieft der fréierer Gare un déi däischter Zäit aus der Lëtzebuerger Geschicht.
Haut ass Hollerech bekannt als Paart vun der Escher Autobunn (A4) an d'Stad eran, als de Quartier mam Park-and-Ride Bouillon, der Busgarage vun der Stad Lëtzebuerg, mam Sëtz vun der Banque internationale à Luxembourg (fréier Dexia-BIL), vun der Vereenegung vun de Krankekeesen, vun eeleren industrielle Sitten (Paul Wurth an Heintz Van Landewyck), awer och als Treffpunkt am Stater Nuetsliewen.
An der 2. Hallschecht vun den 2010er Joere goufe Pläng virgestallt, d'fréier Sittë vu Paul Wurth an Heintz Van Landewyck nei ze bebauen, mat virun allem Wunnege fir bis zu 4.000 Leit Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nei Hollerech.
AwunnerÄnneren
Enn 2010 hunn zu Hollerech 5.961 Leit gewunnt. Op den 31.12.2017 waren et der 6.963. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 24,11 % géintiwwer 75,89 % Auslänner[1].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 6 963 | 100,00% | |
1 | Lëtzebuerg | 1 679 | 24,11% |
2 | Frankräich | 1 386 | 19,91% |
3 | Portugal | 817 | 11,73% |
4 | Italien | 522 | 7,50% |
5 | Belsch | 290 | 4,16% |
6 | Däitschland | 234 | 3,36% |
7 | Spuenien | 204 | 2,93% |
8 | Rumänien | 131 | 1,88% |
9 | Vereenegt Kinnekräich | 123 | 1,77% |
10 | Griicheland | 120 | 1,72% |
Top 10 | 5 506 | 79,08% | |
Aner Nationalitéiten | 1 457 | 20,92% |
Bekannt HollerecherÄnneren
- Fernand Hoffmann (1929-2000)
- Jean-Pierre Lamboray (1882-1962)
LiteraturÄnneren
- Etringer, Norbert, 1989. Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg.
- Etringer, N. (Koord.), 1983. 1000 Jor Por Hollerech 983-1983. Dréckerei J.M. Watgen, Hollerech, 156 S.
- Etringer, Norbert, 1965. Hollerich. Tatsachen aus der Geschichte einer Vorstadtgemeinde. In: Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965, S. 17-63. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.
Kuckt ochÄnneren
- Kierch Lëtzebuerg-Hollerech
- Deportatiounsmemorial zu Hollerech
- Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech
- Monument aux morts zu Hollerech
- Eugenio Curiel, den italieenesche Partisan aus dem Zweete Weltkrich no deem den italieenesche Kulturzenter zu Hollerech genannt ass
- Märeler Park
- Hollerecher Schluechthaus
Um SpaweckÄnneren
Commons: Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Rollengergronn, Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg
- Stadentwécklunsplang vun Hollerech
- Hollerecher Schmelz
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)