Liewensmëttel
Liewensmëttel sinn d'Ernierungsmëttel, déi d'Mënsche fir d'Iwwerliewe brauchen. Am Géigesaz zu de Genossmëttel, déi de Kierper net brauch, si si fir den Organismus a fir all Kierperfunktiounen noutwenneg.
Liewensmëttel fir Déiere ginn allgemeng Fudder oder Fuddermëttel genannt.
NierwäertÄnneren
Ënner dem Nierwäert versteet een déi Energie déi dem Kierper iwwer d'Iessen oder soss eng Form vun Ernierung zur Verfügung gestallt gëtt.
Kuelenhydrater, Lipiden a ProteinnenÄnneren
Bestanddeeler vun der Narung, déi Energie liwweren, sinn: d'Kuelenhydrater (17 kj/g) an d'Lipiden (34 kj/g). Déi ginn dohier och Brennstoffer genannt. D'Proteinnen (17 kj/g) liwweren zwar och Energie, ginn awer éischter zu de Baustoffer gezielt. Si hunn Aminosaieren déi fir d'zellulär Proteinsynthees wichteg sinn.
Vitaminnen, Ballaststoffer a MineralstofferÄnneren
D'Ballaststoffer sinn onverdaulech a ginn erëm ganz ausgescheet. D'Mineralstoffer an d'Vitaminnen si liewesnoutwenneg. Den Organismus ka si net selwer hierstellen a si mussen dofir mat der Narung opgeholl ginn.
ZousazstofferÄnneren
Zu den Zousazstoffer kann een d'Aromastoffer, Bannmëttel, Konservéierungsstoffer, d'Geschmachstoffer an Additiver zielen. Et si Liewensmëttelzousazstoffer déi de Geschmaach, d'Ausgesinn an de Verfallsdatum vun de Liewensmëttel beaflossen.
LiewensmëttelgruppenÄnneren
Produkter aus der NaturÄnneren
Eewäiss-ProdukterÄnneren
Kuelenhydrat-ProdukterÄnneren
Fett an UelegprodukterÄnneren
GedrénksÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Liewensmëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien |