Ekliptik
D'Ekliptik ass d'Projektioun vun der visueller Sonnebunn am Verlaf vun engem Joer op d'Himmelskugel. D'Ekliptik ass e Grousskrees um Himmel, dat heescht si definéiert e Plang, an deem de Mëttelpunkt vun der Äerd wéi och de Mëttelpunkt vun der Sonn läit. Dëse Plang ass domat de Bunnplang vun der Äerd ëm d'Sonn a gëtt och Ekliptikplang genannt.
„Sonn“ an „Äerd“ bezéie sech dobäi op de mëttlere Kierper vun der Himmelsmechanik, net op déi tatsächlech Himmelskierper.
Ekliptikinklinatioun
ännerenD'Rotatiounsachs vun der Äerd steet net vertikal op dësem Plang, mä mécht mat hir e Wénkel vu ronn 66,56 Grad. Doduerch schléisst den Ekliptikalplang mat dem Plang vum Äerd- respektiv Himmelsequator zur Zäit e Wénkel vun 23,44° un, déi Ekliptikschréit oder och Äerdschréit genannt gëtt. D'Schréit vun der Ekliptik ass eng vun deenen zéng wichtegste Basisgréisste fir d'Definitioun vu Koordinatesystemer a vu Berechnungen an der Astronomie an an der Geodesie. Si gëtt meeschtens mat ε bezeechent.
Well d'Äerd vun der Kugelgestalt ofwäicht, bewierken d'Gezäitekräfte vu Mound a Sonn en Dréimoment, deen d'Äerdachs opzeriichte versicht. Doduerch beschreift d'Äerdachs wéi en Dapp eng Prezessioun op engem Kegelmantel mat Ëffnungswénkel 2ε. Den "Äerdkreesel" ass awer wéinst der grousser Äerdmass vu knapps 6•1024 kg (6 Mio.Mrd.Mrd. Kilogramm) sou stabil, datt d'Äerdachs fir een Ëmlaf 25.780 Joer brauch, also e Platonescht Joer.
Awer och de Wénkel vun der Ekliptikschréit ännert sech laangperiodesch duerch Gravitatiounsaflëss vu Kierper am Sonnesystem openeen. Dofir variéiert ε wärend 40.000 Joer tëscht 21°55' an 24°18'. Dësen Effekt dréit – nieft zwou anere Periode vu bal der selwechter Längt - zum Entstoe vun Äiszäite bäi:
Tabell vun der Ekliptikinklinatioun
änneren
|
|
Et gesäit ee schonn aus dëse 6 vu 40 Joerdausenden, datt sech d'Ännerung all 500 Joer ëm -2,9' bis -3,9' vergréissert, well déi offalend Sinuswell nach bis an dat 5. Joerdausend méi géi gëtt (Moyenne ε = 23°06' ëm d'Joer 4300).
Ekliptikpol
ännerenWell d'Äerd vun enger Kugelform ofwäicht, bewierken d'Gezäitekräfte vum Äerdmound a vun der Sonn en Dréimoment, dee probéiert d'Äerdachs, déi schréi steet, opzeriichten. D'Äerdachs, déi op d'Himmelspole weist, beschreift doduerch wéi e Kreesel dee schif leeft eng Prezessioun op engem Kegelmantel mat Ëffnungswénkel 2ε ëm d'Ekliptikpolen erëm. Dës Ekliptikpole sinn op prezise Stärekaarten agezeechent; den nërdlechen Ekliptikpol steet am Stärebild Draco (Draach), definitiounsgeméiss op Rektaszensioun 18 h (mat enger Deklinatioun vun 90° minus ε, am Ament ronn 66° 34'), de südlechen Ekliptikpol steet am Stärebild Dorado (Schwäertfësch) op 6 h.
Den „Äerdkreesel“ ass wéinst der grousser Äerdmass vu knapps 6•1024 kg (6 Mio. Mrd. Mrd. Kilogramm) zimmlech lues, an d'Äerdachs braucht fir en Ëmlaf ongeféier 25.700–25.800 Joer (e Platonescht Joer). Den haitege sougenannte Polarstär hëlt seng Roll also nëmme kuerzfristeg an.
|
Literatur
änneren- Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4*