Gemeng Sandweiler
D'Gemeng Sandweiler ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Sandweiler vun där se och hiren Numm huet.
Sandweiler | |
---|---|
![]() | |
D'Gemengenhaus | |
An anere Sproochen |
fr: Sandweiler de: Sandweiler |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Simone Massard-Stitz (CSV) |
Awunner | 3.751 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 7,73 km² |
Héicht | 335 m |
Koordinaten | 49°37'0"N, 6°13'0"O |
Postcode | L-5201 |
LAU-Code | LU0306 |
Websäit | https://www.sandweiler.lu/ |
D'Gemeng Sandweiler (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) | |
Uertschaften an der GemengÄnneren
Follgend Häff a Lieu-diten gehéieren zur Gemeng:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Sandweiler stéisst am Westen un d'Stad Lëtzebuerg, am Südwesten un d'Gemeng Hesper, am Süden d'Gemeng Conter, am Osten un d'Gemeng Schëtter, an am Norden un d'Gemeng Nidderaanwen.
GeschichtÄnneren
Den 1. Januar 1874[1] ass aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebuer, Hammer Dällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun[2] an aus der Sektioun Polvermillen, déi bis zu deem Zäitpunkt zwou Sektioune vun der Gemeng Sandweiler waren, d'Gemeng Hamm entstanen.
Duerch Gesetz vum 5. Juli 1939[3] goufen d'Uertschaft Kalchesbréck an de Lieu-dit Steppchen, bei d'Gemeng Lëtzebuerg geprafft.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
WopenÄnneren
De Wope vun der Gemeng gouf de 24. November 1982 vum Gemengerot ugeholl, an de 5. Januar 1983 duerch en Arrêté ministériel agreéiert. D'Publikatioun ass am Mémorial B vun 1983 op der Säit 207.
Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'or et de gueules de dix pièces à la croix de sable brochant, la traverse chargée d'un quadriréacteur de front.
PolitikÄnneren
GemengerotÄnneren
De Gemengerot vu Sandweiler gëtt zanter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
2005 | 4 | - | 1 | 4 |
2011 | 5 | 2 | 2 | 2 |
2017 | 4 | 2 | 3 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
De Gemengerot, deen aus de Wale vun 2005 ervirgoung, bestoung aus jee 4 CSV an LSAP-Gemengeréit, an engem Gréngen. Buergermeeschter war de Charles Unsen, LSAP (deen 2011 net méi kandidéiert huet).
Säin Nofollger gouf am Oktober 2011 de John Breuskin (CSV). No sengem Récktrëtt gouf deem seng Parteikolleegin Simone Massard-Stitz den 28. Januar 2015 vereedegt.
BuergermeeschterenÄnneren
|
|
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Sandweiler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
BillerÄnneren
KuckeswäertesÄnneren
- De Fluchhafen um Findel;
- Den Dauwentuerm um Bireler Haff;
- Den däitschen Zaldotekierfecht mat de Griewer vun 10.913 gefalenen däitschen Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich an engem aus dem Éischte Weltkrich;
- De Quellepad am Naturschutzgebitt Bireler Gronn;
- D'Sandweiler Kierch;
- Bemierkenswäert Beem um Scheedhaff: d'Lannenallee an e Séisskäschtebam.
BibliographieÄnneren
- Sandweiler Notizen Nr 1 erausgi vu redaktioun sandweiler 1083 - 1983,72 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1982)
- Sandweiler Notizen Nr 2 erausgi vu redaktioun sandweiler, 166 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1983)
- Sandweiler Notizen Nr 3 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 197 Säiten, (Imprimerie Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1990)
- Sandweiler Notizen Nr 4 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 212 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1992)
- Sandweiler Biller, Sandweiler Notizen Nr 5 erausgi vun der Gemeng Sandweiler, 237 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1999)
- 250 Joer Porkierch Sandweiler, Sandweiler Notizen N°6 erausgi vu Santwilre, Frënn vum ale Sandweiler, 288 Säiten + Fotoen an Dokumenter (Imprimerie Saint-Paul Lëtzebuerg, 2008)
Kuckt ochÄnneren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Sandweiler
- Bireler Baach
- Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler
- Dräifaltegkeetskierch zu Sandweiler
- Fanfare Sandweiler
- Kanner- & Jugendkouer Allegro Sandweiler
- Santwilre, Frënn vum ale Sandweiler
- Schlass Saint-Hubert
- Sandweiler-Gare
- Gare Sandweiler-Conter
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gemeng Sandweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Sandweiler
- D'Gemeng Sandweiler op der Websäit vum Syvicol
- Gesetz iwwer d'Kreatioun vun der Gemeng Hamm Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm
ReferenzenÄnneren
- ↑ Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm. legilux.public.lu (20.12.1873). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ Schreifweis am deemolege Gesetz: Hamm, Schleifmuhl, Fetschenbour, Haemmerstellgen, Scheidgrund, Scheidhof, Zens et Tavion (...) Pulfermuhl
- ↑ Loi du 5 juillet 1939, concernant le fusionnement de Kalkesbrück et de Steppchen avec la commune de Luxembourg. legilux.public.lu (08.07.1939). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. legilux.public.lu (19.01.1944). Gekuckt de(n) 18.07.2020.