Naturschutzgebitt Sonnebierg

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Sonnebierg ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Walfer. Ëstlech vun der Uelzecht am kallekhaltegen Hank vun der Uertschaft Helsem läit eng Hallefdréchewiss, wouvun zirka 15 ha zanter dem 31. Juli 1989 ënner Naturschutz stinn.[1]

Naturschutzgebitt
Sonnebierg
Land Lëtzebuerg
Plaz Walfer
Fläch 15,03 ha
Nationalcode PS 04
Koordinaten 49°39'44,78"N, 6°8'39,91"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 31. Juli 1989

De Sonnebierg läit op enger Héicht vun 290 m (NG-L) um Steemergelkeuper. De Wiessel tëscht Mergel an Dolomitbänken aus der Zäit vun der Trias a seng süd-westlech Lag maachen aus him en aussergewéinlecht Gebitt. Bei waarme Wieder zersplittert seng dréchen Uewerfläch, wärend bei Reen de leemege Buedem uschwëllt a rutscheg, pecheg gëtt. De Sonnebierg ass duerch e 16 km laangt Galeriesnetz vun de fréiere Gipsgrouwen ënnerhielt.

Wéinst senger rarer Fauna a Flora ass de Sonnebierg mam groussherzogleche Reglement vum 31. Juli 1989 mat 15,03 ha zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

Eng 150 verschidden, zum Deel rar Planze sinn an der Reserv gezielt ginn. Ënner hinnen Enzianen an eng gutt Dosen Orchideeën.

  1. Règlement grand-ducal du 10 août 1991 déclarant zone protégée la réserve diverse Leibierg englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Redange et Bettborn. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.