Foussball, Futtball oder Fussball, an Nordamerika Soccer genannt, ass eng vun de populäerste Sportaarten op der ganzer Welt. Absënns an Europa, Südamerika an Afrika, mä och an Deeler vun Asien dominéiert de Foussball d'Sportsberichter.

Foussball
Olympesch Sportaart zënter 1908
Federatioun
International Fédération Internationale de Football Association
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de football
Ursprong
Ursprongsland Vereenegt Kinnekräich
Erfonnt 1848
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum) 7
Spiller (Maximum) 22
Gebraucht gëtt Foussballsekipement, Foussball (Ball), Foussballsterrain, Gol, Foussballsschong
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Argentinien (2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Spuenien (2023)


Ee Spiller (rout) huet zwéi Verdeedeger vun där anerer Ekipp (wäiss) hanner sech gelooss an ass elo drop an drun, fir de Ball a Richtung Gol ze schéissen

Klassesch Foussballreegelen änneren

Foussball, ass e Ballspill bei deem zwou Ekippe vu jeeweils eelef Spiller openeentreffen, an all Ekipp versicht ze gewannen andeems se méi Goler schéisst wéi déi aner. E Gol fält, wann de Ball iwwer d'Gollinn tëscht de Golpottoen an ënner d'Gollat geet.

Foussball spillt een normalerweis mat de Féiss (dohier och den Numm), mä e Spiller kann u sech egal wat fir e Kierperdeel ausser den Hänn an den Äerm benotzen, fir de Ball ze haen. De Golkipp ass deen eenzege vun der Ekipp, deen de Ball am 16-Meterraum vu senger Hallschent an de Grapp däerf huelen.

E Foussballmatch dauert bei den Erwuessenen 90 Minutten, woubäi awer no 45 Minutten eng Paus ass, an duerno d'Säite gewiesselt ginn. Bei all offiziellem Match gëtt et een Arbitter, deen drop oppasst, datt d'Spiller d'Reegelen anhalen. Hie gëtt ënnerstëtzt vun zwéi Linneriichteren.

Den Terrain besteet aus engem rechteckege fräie Feld, deem seng Moossen net genormt sinn. Just fir Lännermatcher muss den Terrain an der Längt tëscht 100 an 110 Meter an an der Breet tëscht 64 a 75 Meter sinn. Déi offiziell Moosse vum Gol si 7,32 Meter an der Breet an 2,44 Meter an der Héicht.

Foussballvarianten änneren

Nieft dem populäre Foussball, gëtt et nach verschidden aner Variante vu Foussball. Déi hunn allerdéngs net sou vill Succès.

Halefoussball änneren

Halefoussball gëtt, wéi den Numm et scho seet, an der Hal gespillt. Allerdéngs ass d'Feld hei méi kleng wéi beim Feld-Foussball an et gëtt eng Bandebegrenzung. Sou ass d'Spill och méi séier an et ginn och méi Goler geschoss. Halefoussball gëtt zanter den 1970er Jore gespillt, virun allem am Jugend- an Amateurberäich.

Futsal änneren

Futsal gëtt d'selwecht wéi am Halefoussball an der Hal gespillt. Allerdéngs huet ee beim Futsal keng Banden, d. h. datt de Ball och am "Aus", also baussent dem Spillfeld, geschoss ka ginn (wéi beim Feld-Foussball). Den Urspronk vum Futsal läit a Südamerika, wou déi Foussballvariant zanter den 1950er Jore gespillt gëtt. Am Joer 1989 gouf Futsal vun der FIFA als zousätzlech Sportaart opgeholl. Am November 2004 gouf déi fënneft Weltmeeschterschaft an Taiwan ausgedroen. Futsal ass virun allem a Südamerika, Südeuropa an Osteuropa verbreet. Sou gëtt et a Spuenien eng eege Profiliga mat 16 Ekippen.

Foussballtennis änneren

Foussballtennis ass eng manner bekannt Variant vum Foussball, och wann et en offizielle Verband an eng eege Weltmeeschterschaft gëtt. Et gëtt iwwer en Netz gespillt, d'Feld ass ongeféier sou grouss wéi eent am Tennis an nëmmen zwéi, véier oder sechs Spiller spille géinteneen.

Motoball änneren

Motoball ass Foussball op Motorrieder, wou ee vun deene véier Matspiller de Ball, dee méi grouss wéi en normale Foussball ass, an de géigneresche Gol schéisse muss. Dëst ka mam Fouss oder mam viischte Rad vum Moto geschéien.

Shrovetide änneren

De Shrovetide-Foussball, offiziell och Royal Shrovetide Football genannt, gëtt zanter dem 12. Joerhonnert all Joer an der Fuesent zu Ashbourne, am Derbyshire a Groussbritannien gespillt. D'Spillfeld ass mat dräi Meile wuel de längste Foussballsterrain vun der Welt.

Héichball änneren

Héichball ass eng weider Foussballvariant déi meeschtens vu Jugendleche gespillt gëtt. Zil vum Spill ass et, de Ball direkt (Volleyschoss oder Kappball), also ouni optuppe vum Ball op de Buedem, an de Gol ze schéissen.

Roboterfoussball änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Englesche Foussball änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Beach Soccer änneren

Beach Soccer gëtt, wéi d'Wuert et seet, op der Plage bezéiungsweis op Plagesand gespillt.

Dräisäitege Foussball änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Foussball International änneren

Op internationalem Niveau gëtt de Foussball vum Weltverband FIFA (Fédération internationale de football Association) organiséiert. Donieft gëtt et 6 Kontinentalverbänn (Konfederatiounen) AFC (Asien), CAF (Afrika), CONCACAF (Nord- a Mëttelamerika), CSF (Südamerika), OFC (Ozeanien) an UEFA (Europa).

Déi national Verbänn sinn an der Reegel Member vu souwuel der FIFA wéi och vun der respektiver Konfederatioun.

Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt den organiséierte Foussball vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) gereegelt.

England änneren

Den englesche Foussballverband The Football Association (the FA) ass deen eelsten op der Welt an ass 1863 gegrënnt ginn. An England gëtt och déi eelst Kompetitioun ofgehalen, nämlech den FA Cup, deen zanter 1871/72 all Joer (mat Ausnam vun de Weltkricher) ausgedroe gëtt.

De Foussball an England ass, wéi an deene meeschten anere Länner och, no engem Liga System organiséiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Foussball – Biller, Videoen oder Audiodateien