Kasär

Ensembel vu Gebaier, an deenen Zaldoten oder Polizisten ënner bruecht sinn

Eng Kasär ass en Ensembel vu Gebaier, an deenen Zaldoten, Polizisten, oder och Pompjeeën ënnerbruecht sinn, fir kënnen zu all Moment vun do aus an den Asaz ze goen.

D'Wuert kënnt iwwer dat Franséischt caserne vum Vulgärlatäin *quaderna ("zu hirer Véier"). Et gouf deemno ufanks fir den Openthaltsraum vu Wuechtzaldote gebraucht (an dee 4 Mann eragepasst hunn). Ënner dem Louis XIV., wéi vill Kasäre fir seng Zaldoten dran ënnerzebrénge doruechter gebaut goufen, goung de Begrëff op déi iwwer.

Vum Louis XIV. sengem Festungsbaumeeschter Vauban u sinn dunn och an der Festung Lëtzebuerg verschidde Kasären entstanen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kasären – Biller, Videoen oder Audiodateien