Spierebam
De Spierebam (Sorbus domestica, (fr) sorbier domestique oder cormier, (de) Speierling) ass e Bam aus der Gattung Sorbus.
An anere Sproochen |
fr: Cornier (Sorbier domestique) de: Speierling |
---|---|
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
Famill | Rosaceae |
Gattung | Sorbus |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Sorbus domestica | |
Linnaeus | |
Et ass e Bam aus Südeuropa, Nordafrika a Westasien.
De Spierebam huet eng Schuel, déi där vum Bierebam gläicht, a liicht a rechteckeg Plättercher opgerass ass.
D'Kroun ass verwëlleft an d'Äscht stinn zimmlech riicht vum Stamm ewech. D'Blieder si gefiedert, 15–22 cm laang, mat 13-21 klenge längelzege Bliedercher, déi 3 bis 6 cm laang an 1 cm breet sinn. Beim Still ass de Bord vun de Bliedercher glat, soss schaarf an duebel geseet; déi ënnescht Säit huet kleng Hoer, an uewendrop si se giel-gréng.
D'Friichte sinn äppel- oder beirefërmeg (var. maliformis a var. pyriformis). Se si gréng a ginn op der Sonnesäit séier rout-brong.
Verbreedung zu Lëtzebuerg
ännerenD'Spierebeem goufe vun de Réimer a Mëtteleuropa agefouert, well si hir Friichten als Zousaz gebraucht hu fir d'Konservéierung vum Viz an anere Fruchtjusen ze verbesseren. D'Friichte goufen och geholl als e Mëttel géint d'Iwwelzegkeet a géint Daarmkrankheeten[1].
Aus de Friichte gëtt och eng beléift Drëpp gebrannt. D'Holz vum Spierebam gëllt als dat häertst vun alle Lafbeem aus Europa.
D'Spierebeem sinn extreem rar zu Lëtzebuerg. Nieft de bemierkenswäerte Spierebeem um Pläitrengerhaff fënnt een nëmmen op der Musel an am Streech ronderëm Steeën a Schrondweiler e puer aner gutt gewuessen Exemplaren.
Zu Lëtzebuerg sinn eng 200 Exemplaire vum Spierebam bekannt, e bësse méi wéi d'Hallschent steet am Bësch, de Rescht kann een en a Bongerten oder laanscht Stroossen a Weeër fannen.
Kuckt och
änneren- Spierebeem um Pläitrengerhaff
- Vullekiischt (Sorbus aucuparia; (fr) sorbier des oiseleurs; (de) Vogelbeere), eng aner Aart aus der selwechter Gattung, déi an eise Géigenden méi bekannt a méi heefeg ass.
Um Spaweck
ännerenCommons: Spierebam – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Speierling – wie schmeckt dieses Obst? Was kann man damit tun?, Reportage vum Saarländischer Rundfunk, 13.3.2021, op YouTube
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0, S. 196