Schëffleng

lëtzebuergesch Gemeng an eenzeg Uertschaft an der Gemeng Schëffleng am Kanton Esch-Uelzecht
(Virugeleet vu(n) Gemeng Schëffleng)

D'Gemeng Schëffleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass Schëffleng, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Schëffleng
D'Märei vu Schëffleng (2011)
An anere Sproochen fr: Schifflange
de: Schifflingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Paul Weimerskirch (CSV)
Awunner 11.363
  1. Januar 2023
Fläch 771 ha
Héicht 291 m
Koordinaten 49° 30’ 20’’ N
      06° 00’ 45’’ O
LAU-Code LU0214
Websäit http://www.schifflange.lu/
Vue op Schëffleng, vun der "Plakeger Kopp" aus (2008)

Geographie änneren

D'Gemeng Schëffleng ass 771 ha grouss a läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 a 400 m.

Nopeschgemenge si Monnerech am Norden, Beetebuerg am Osten, Keel am Süden an Esch-Uelzecht am Westen.

Am nërdlechen Deel vun der Gemeng leeft d'Kiemelbaach an d'Uelzecht laanscht d'Uertschaft Schëffleng.

Häff a Lieu-diten an der Gemeng änneren

Geschicht änneren

Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen[1].

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Den 1. Januar 2012 hat Schëffleng 8.949 Awunner, wourënner 5568 Awunner Lëtzebuerger, 1617 portugisescher, 293 italieenescher, 334 franséischer, 108 däitscher, 69 belscher an 971 anerer Nationalitéit sinn[2].

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

d'or à la bande de gueules, chargée de trois moufles senestres d'argent appaumées, posées dans le sens de la bande
A.GD. 12. Mäerz 1975 - Mémorial B 1975, Säit 374

Politik änneren

De Gemengerot vu Schëffleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 15 (virdrun: 13) Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV DP gréng LSAP lénk
1999 1 5 1 1 5 -
2005 0 4 1 1 7 -
2011 0 4 1 2 6 -
2017 - 6 1 2 6 -
2023 - 5 1 2 6 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Schëffleng gëtt zanter 2017 vun enger CSV-déi gréng-Koalitioun regéiert. 2011 bis 2017 war dat eng tëscht LSAP an CSV.

Buergermeeschtere vu Schëffleng änneren

  • Michel Noel 1876 - 1882
  • Jean Klein 1883 - 1887
  • Michel Noel 1888 - 1892
  • Jean Conrad 1893 - 1911
  • Jean Klein 1912 – 1915
  • Gaspar Arensdorff 1916
  • Jean Claus 1917 – 1925
  • Jean Jaas 1926 – 1928
  • Denis Netgen 1929 – 1934
  • Nicolas Grund 1935 – 1941
  • Denis Netgen 1944 – 1963
  • Hubert Olinger 1964 – 1969
  • Astrid Lulling 1970 – 1985
  • Nicolas Frisch 1985 - 1993
  • Nelly Stein 1994 – 2002
  • Roland Schreiner 2003 - 2017
  • Paul Weimerskirch 2017 - haut

Verkéiersubannung änneren

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert an duerch den nërdlechen Deel vun der Gemeng geet. Op engem kuerze Stéck am Nordweste geet d'A4 duerch d'Gemeng, déi Esch-Uelzecht mat Lëtzebuerg verbënnt. Ganz am Süde geet d'N31 iwwer e klengt Stéck vun der Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 164, 166, 168 an 169 duerch d'Gemeng.

Ëffentlechen Transport änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
Zousätzleche Grond: Buslinne stëmmen net méi

Schëffleng läit op der CFL-Linn 6 an huet eng Gare op där Linn: d'Gare Schëffleng.

Schëffleng ass iwwer d'Linn 4 vum TICE mat Esch-Uelzecht, Keel an Diddeleng verbonnen a gëtt vun den RGTR Linnen 612, 812, 813, 830, 840, 850, 861, 870 an 882 ugefuer. Ausserdeem ass de Ruffbus feste Bestanddeel vum Schëfflenger ëffentlechen Transport.

Industriezonen änneren

D'Industriezon Monkeler am Dräieck tëscht der A4 an der A13 läit zum Deel um Gebitt vun der Gemeng. Am bekanntsten ass do d'Zementsfabrick. Richtung Féiz erstreckt sech zanter uganks vun den 2020er Joren d'Industriezon Op Herbett.

Kultur a Kuckeswäertes änneren

  • Kulturariichtungen
  • Bestgensmillen
  • Konschtgalerie vum SIT-Schëffleng
  • Resistenzmusée Schëffleng

Reliéis Gebaier änneren

Partnerschafte mat auslännesche Stied änneren

Clibb a Veräiner änneren

Bekannt Schëfflenger änneren

Mat Schëffleng verbonne Persoune änneren

Interkommunal Syndikater änneren

Schëffleng ass Member a verschidden Interkommunal Syndikater:

Literatur änneren

  • Jérôme Courtoy, 2019, Schifflingen im Ausnahmezustand. Zwischen Kriegsvorbereitungen, Evakuation und Besatzung. Ein Rekonstruktionsversuch., Adm. municipale Schifflange, 64 S. ISBN 978-2-9199539-2-9
  • Jérôme Courtoy, 2018, Die Eingemeindung Schifflingens an Esch/Alzette. Ein Rekonstruktionsversuch, Adm. municipale Schifflange, 32 S. ISBN 978-2-9199539-0-5
  • Emil Angel, 2016, Schëffleng, Eine Stadt im Wachsen und Werden, 104 S. ISBN 978-99959-955-1-5
  • Jean Hansen, 1997, Schëffléng, séng Geschicht a séng Geschichten, Association des commerçants et artisans, Quintus (Esch-Uelzecht), 251 S.
  • 1996, Schifflange, sa commune et ses activités Adm. municipale Schifflange, 52 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schëffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Loi du 6 juillet 1876, concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Schifflange
  2. Websäit vun der Gemeng Schëffleng, Kategorie: Demographesch Situatioun Gearchiveerd op 2013-02-19. Gekuckt de(n) 2013-02-25.
  3. Wort-Artikel Schifflinger will wieder auf den Wanderthron