Assemblée consultative vun 1945 (Lëtzebuerg)

D'Assemblée consultative vun 1945 gouf nom Zweete Weltkrich an d'Liewe geruff well festgestallt gouf datt d'Chamber hir konstitutionell Aufgaben net erfëlle konnt. D'Missioun vun der Assemblée consultative huet an der Ausféierung vun de Rechter bestanen, déi d'Chamber duerch d'Lëtzebuerger Constitutioun an d'Gesetzer hat, mat Ausnam vun der legislativer Gewalt[1].

Nodeem den Zweete Weltkrich den 10. September 1944 zu Lëtzebuerg eriwwer war, gouf fir de 6. Dezember 1944 eng Chamberssëtzung aberuff. Vun de 55 Deputéiert aus der Chamber virum Krich, waren der nëmme 25 do. Dat war drop zeréckzeféieren datt 9 Deputéiert gestuerwe waren, 10 nach net aus däitsche Prisongen a Konzentratiounslageren erëm waren, an 9 ënner Verdacht op Kollaboratioun mat de Besatzer stoungen. Well nëmme manner wéi d'Hallschent vun den Deputéierten do war, gouf de Quorum deen an der Constitutioun festgeluecht war, net erreecht. Dat huet mat sech bruecht datt d'Chamber net aarbechts- a beschlossfäeg war.

Fir datt d'Regierung vun der Befreiung awer kéint an hiren Aufgabe berode ginn, gouf mam groussherzoglechen Arrêté vum 22. Februar 1945 d'Assemblée consultative geschaaft[1]. Se huet sech am Ufank aus 27 Deputéiert vun der vireger Chamber[2] an aus 30 Memberen, déi zousätzlech genannt goufen, zesummegesat[3]. D'Zuel vun den Deputéierte-Memberen ass no an no bis op 37 eropgaangen, an deem Mooss wéi Deputéiert, déi deportéiert oder am KZ waren, erëmkomm sinn. D'Assemblée consultative hat also am Endeffekt 67 Memberen. Hiert Mandat ass bis de 16. August 1945 gaangen. Den Dag drop ass d'legislativ Chamber erëm an hir Rechter getrueden. Si huet sech aus de Virkrichsdeputéierten zesummegesat, deenen hire Mandat mam Arrêté grand-ducal vum 7. Juli 1944 bis zu den nächste Wale verlängert gi war.[4]. Déi Wale waren den 21. Oktober 1945.

Am Zäitraum vum 20. Mäerz 1945 bis de 16. August 1945 koum d'Assemblée consultative fir 18 Sëtzungen zesummen.

D'Memberen änneren

Alphabetesch Lëscht vun de Membere vun der Assemblée consultative[5]
Numm Funktioun Mandat bis
Joseph Artois Member genannt 16.08.1945
Jean-Pierre Assa Member genannt 16.08.1945
Jean-Pierre Bauer Deputéierten 1939 21.10.1945
Nicolas Biever Deputéierten 1939 21.10.1945
Tony Biever Deputéierten 1939 21.10.1945
René Blum Member genannt 16.08.1945
Paul Bohr Member genannt 16.08.1945
Marcel Cahen Deputéierten 1939 21.10.1945
Hubert Clément Deputéierten 1939 21.10.1945
Emile Colling Member genannt 16.08.1945
Othon Decker Deputéierten 1939 21.10.1945
Gaston Diderich[6] Deputéierten 1939 21.10.1945
Aloyse Duhr Member genannt 16.08.1945
Léon Flammang Member genannt 16.08.1945
Nelly Flick Member genannt 16.08.1945
Jean Fohrmann Deputéierten 1939 21.10.1945
Pierre Gansen Deputéierten 1939 21.10.1945
Henri Gengler Deputéierten 1939 21.10.1945
Pierre Godart Deputéierten 1939 21.10.1945
Georges Govers Deputéierten 1939 21.10.1945
Emile Hamilius Deputéierten 1939 21.10.1945
Aloyse Hentgen Deputéierten 1939 21.10.1945
Venant Hildgen[7] Deputéierten 1939 21.10.1945
Nicolas Jacoby Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean Kill Member genannt 16.08.1945
Léon Kinsch Deputéierten 1939 21.10.1945
Adolphe Klein Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean-Pierre Kohner Deputéierten 1939 21.10.1945
Nicolas Kremer Member genannt 16.08.1945
Adolphe Krieps Deputéierten 1939 21.10.1945
Ferdinand Kuhn Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean Leischen Member genannt 16.08.1945
Jean-Pierre Lenertz[8] Member genannt 16.08.1945
Fernand Loesch Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean Lutgen Member genannt 16.08.1945
Jean Maroldt Member genannt 16.08.1945
Nicolas Mathieu Deputéierten 1939 21.10.1945
Albert Meyers Member genannt 16.08.1945
Denis Netgen Deputéierten 1939 21.10.1945
François Neu Deputéierten 1939 21.10.1945
Alphonse Osch Member genannt 16.08.1945
Charles Peffer Deputéierten 1939 21.10.1945
Victor Prost Member genannt 16.08.1945
Edouard Reiland Member genannt 16.08.1945
Emile Reuter Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean-Baptiste Rock Deputéierten 1939 21.10.1945
Alphonse Rodesch Member genannt 16.08.1945
Emile Schaus Member genannt 16.08.1945
Eugène Schaus Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean-Pierre Schloesser Deputéierten 1939 21.10.1945
Tony Schmit Deputéierten 1939 21.10.1945
Pierre Schockmel Member genannt 16.08.1945
Joseph Schroeder Deputéierten 1939 21.10.1945
Gustave Schuman[9] Member genannt 16.08.1945
Joseph Simon Deputéierten 1939 21.10.1945
Michel Speltz Member genannt 16.08.1945
Dominique Steichen Member genannt 16.08.1945
Robert Stumper Member genannt 16.08.1945
Jean-Jacques Theisen Deputéierten 1939 21.10.1945
Jean-Pierre Thomes Member genannt 16.08.1945
Dominique Urbany Member genannt 16.08.1945
Arthur Useldinger Member genannt 16.08.1945
Etienne Weber Deputéierten 1939 21.10.1945
Camille Welter Member genannt 16.08.1945
Louis Welter Member genannt 16.08.1945
Nicolas Welter Member genannt; huet demissionéiert a gouf vum Jean-Pierre Thomes ersat
Victor Wilhelm Deputéierten 1939 21.10.1945
Nicolas Wirtgen Deputéierten 1939 21.10.1945

Literatur änneren

  • Marius Remackel: Die Assemblée consultative von 1945, Luxemburgs Beratende Kammer in der unmittelbaren Nachkriegszeit. Travail de candidature, Luxemburg 2017.
  • Jean-Louis Scheffen: "Vor 75 Jahren: Luxemburg im politischen Vakuum." wort.lu, 29.07.2020.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Arrêté grand-ducal du 22 février 1945 ayant pour objet l´institution d'une assemblée consultative, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
  2. Artikel 1 vum Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblée consultative, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
  3. Artikel 2 vum Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblée consultative, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
  4. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1944, N° 3, p. 33 (Arrêté grand-ducal du 7 juillet 1944 ayant pour objet de différer la date des élections législatives).
  5. Compte rendu des travaux de la Chambre des députés du Grand-Duché de luxembourg, La composition de la Chambre des Députés depuis 1944, S. 95 op chd.lu, der Websäit vun der Chamber, gekuckt den 22. Februar 2019
  6. "Gaston Diderich" (an net "Gaston Diederich" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 512
  7. "Venant Hildgen" (an net "Vinand Hildgen" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 518
  8. "Jean-Pierre Lenertz" (an net "Jean-Pierre Lehnerts" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 520
  9. "Gustave Schuman" (an net "Gustave Schumann" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 528