Vëlodukt Esch - Belval

Bréck fir duuss Mobilitéit tëscht Esch-Uelzecht an dem Belval

De Vëlodukt vun Esch-Uelzecht op de Belval ass eng Bréck fir d'duuss Mobilitéit déi zur Vëlospist PC8 gehéiert an am Dezember 2022 opgaangen ass. Se geet zu Esch An der Schmelz fort, leeft iwwer den Terrain vun ArcelorMittal a kënnt um Belval bei der Avenue des Sidérurgistes eraus.

Vëlodukt Esch - Belval
Um Vëlodukt a Richtung Esch
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 24’ 45,3’’ N
      05° 57’ 57.6’’ O
(Esch)
49° 30’ 04,2’’ N
      05° 57’ 00.8’’ O
(Belval)
Funktioun
Benotzt als Vëlosbréck, Foussgängerbréck
Féiert iwwer Eisebunn, Industrieterrain
Technesch Detailer
Totallängt 1.500 m (inkl. 300 m Rampen)
Breet 4,5 - 10,5 m
Héicht 7,5 m
Material Stol, Bëton-armé
Bemierkungen
Opgaangen 23.12.2022
Architekt(en)
Konzeptioun
Jim Clemes
Vue vun uewen
D'Ënnerféierung OA.1498
D'„Allée“
Op der „Promenade“. Am Hannergrond d'Gebai fir ëffentlech Verwaltungen, d'Bauplaz vun den Nationalarchiven an déi fréier Héichiewen A a B.
Den Accès op de Vëlodukt um Belval

Geschicht änneren

Am Dezember 2019 gouf matgedeelt, datt op der Vëlospist PC8 eng direkt Verbindung tëscht Belval an dem Zentrum vun Esch fir d'Kulturhaaptstad bis 2022 soll realiséiert ginn. Op enger Längt vun 1,5 km gouf déi längst Foussgänger- / Vëlosbréck an Europa ugekënnegt. Am Hierscht 2020 hätt solle mat den Aarbechten ugefaange ginn, den éischte Spuetestéch war awer eréischt den 30. Juni 2021, a Presenz vum Mobilitéitsminister François Bausch[1].

De Budget fir de „Studentewee“ wéi d'Verbindung am Volleksmond genannt gëtt[2], louch uganks (am Joer 2020) bei 34,5 Milliounen Euro, gouf 2021 op 36 Milliounen an duerno op 39 Millioune gehéicht. Am November 2022 ass du bekannt gemaach ginn, datt de Budget fir de Bau mëttlerweil bei 47,5 Milliounen Euro léich an domat 13 Millioune méi deier wier wéi ursprénglech am Joer 2020 virgesinn.

Am Laf vun der Entwécklung vum Projet a vum Schantje selwer, huet sech erausgestallt datt wéinst de spezifesche geologeschen a geotechnesche Konditiounen zousätzlech Aarbechten néideg wieren, absënns wat den Typ an d'Zuel vun de Fëllementer fir d'Bréckepeiler ugeet. Derbäi koum nach d'Adaptatioun vun de verschiddene Gasleitunge vum Stolwierk, d'Upassung vun der Baumethodologie, grad wéi d'Upasse vun der Vëlospist un de Stroossereseau. Och eng allgemeng Erhéijung vun de Baukäschten a besonnesch vum Baumaterial hunn e vill méi héije Präis wéi ursprénglech geduecht, mat sech bruecht.

Well mat all den zousätzlechen Aarbechten de Käschtepunkt op iwwer 40 Milliounen Euro geschat gouf, huet missen e Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn. De Gesetzesprojet gouf de 7. Oktober 2022 an der Chamber deposéiert an den 20. Dezember 2022 am éischte Vott mat Stëmmen 48 „Jo“ géint 2 „Nee“-Stëmmen ugeholl[3].

De Vëlodukt ass schlussendlech den 23. Dezember 2022 ageweit ginn[4].

Dës Aweiung hat duerch déi bemierkenswäert Längt vum Bréckendeel souguer Echo an der internationaler Press[5] fonnt, wou offiziös[6] rieds war vun "längste Fahrradbrücke Europas"[7].

An der Summersaison 2023, tëscht dem 1. Mee an dem 31. Oktober, goufe ronn 36.500 Vëlofuerer gezielt, deemno an der Moyenne 220 den Dag. De Spëtzewäert op engem Dag war am September, wou bannent 24 Stonnen 1.050 Passagë gezielt goufen. Wéi vill Leit zu Fouss d'Bréck benotzen, gouf net matgedeelt.[8]

Vun Esch op de Belval änneren

De Vëlodukt mécht d'Verbindung tëscht de kommunale Vëlospistë vun der Stad Esch am Osten an dem lokale Reseau vum Belval am Westen. D'Streck ass a fënnef Lousen agedeelt.

Vëlospist (PC) änneren

D'Streck fänkt an der Rue Henry Bessemer un, kräizt de Boulevard Prince Henri a leeft da parallel mat der Strooss An der Schmelz ënner der Industrie-Eisebunn vun ArcelorMittal erduerch. D'Ënnerféierung ass 22 m laang, 4,5 m breet an och 4,5 m héich; se huet d'intern Nummer OA.1498 bei der Bauverwaltung.

Allée änneren

Déi nächst Sektioun, „Allée“ genannt, leeft biergop (Pente vu 5 %) bis de Vëloswee op enger Héicht vu ronn 1,50 m Meter an déi eigentlech Bréck iwwergeet. Parallel zur Ramp besteet südlech vun der Ramp nach e Foussgängerwee mat enger manner staarker Schréi (< 3%) fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit, deen am Zickzack iwwer ee mat Beem beplanzten Hiwwel geet.

Promenade änneren

Den Tablier vun der „Promenade“ läit op metalle Peiler an d'Streck leeft op enger Héicht vu 7,5 m iwwer dem Buedem parallel mat de Schinne vun der Wierksbunn. Déi nërdlech Säit, a roudelzecher Faarf gehalen, ass fir Vëlosfuerer, déi südlech, déi moschtergiel ass, ass fir Foussgänger. Op der nërdlecher Säit stinn um Wierksterrain eng Rëtsch Platanen an d'Foussgänger a Cycliste beweegen sech op Héicht vun de Bamkrounen.

D'Bréck iwwer den Industriesite gëtt bei der Bauverwaltung mat der Nummer OA.1499 gefouert.

Schmelz änneren

De Wee leeft virun iwwer d'Bréck an der Sektioun „Schmelz“, matzen duerch den Industriesite.

Belval änneren

Kuerz virum Belval kënnen d'Cyclisten iwwer eng Ramp bis bei d'Avenue des Sidérurgistes fueren, iwwerdeems d'Foussgänger, vu Mee 2024 un, iwwer eng Trap oder mam Lift och schonn direkt an der Avenue du Rock'n'roll um Belval erauskomme kënnen[8].

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlodukt Esch - Belval – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. PC8 Esch-Alzette – Belval : 1er coup de pelle effectué !. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 26.12.2022.
  2. Vëlodukt zwischen Esch und Belval offiziell eingeweiht. Luxemburger Wort (23.12.2022). Gekuckt de(n) 26.12.2022.
  3. Projet de loi relative à l'aménagement de la liaison cyclable directe entre Esch-sur-Alzette et Belval. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 26.12.2022.
  4. Esch-sur-Alzette – Belval : la PC 8 et le véloduc inaugurés. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 26.12.2022.
  5. "Längste Fahrradbrücke Europas wird in Esch eingeweiht" in FAZ (on-line) v.  19.12.2022
  6. Dëse Rekord kann awer net bestätegt ginn wann een op en Deelstéck vum "Garda by Bike"-Vëloswee an Italien verweist, wou en Deelstéck vun zwéi Kilometer tëscht Limone a Riva del Garda fräischwiewend laanscht de Fiels a 50 Meter iwwer dem Séi am Joer 2018 ageweit gouf (cf. "Mega-Projekt. Freischwebend über den Gardasee: Neuer Radweg wird eingeweiht", Tiroler Tageszeitung (on-line), 12.07.2018)
  7. "Längste Fahrradbrücke Europas wird in Esch eingeweiht" in lessentiel.lu (on-line) v. 19.12.2022
  8. 8,0 8,1 "Projet Vëlodukt um Belval soll Enn Mee 2024 ofgeschloss ginn." rtl.lu, 11.03.2024.