Metzeschmelz (Quartier)
De Quartier Metzeschmelz (am Ufank och Quartier Alzette genannt), ass en urbanistesche Projet, an de Gemenge Schëffleng an Esch-Uelzecht, bei deem d'Areal vun der fréierer Metze Schmelz (dono Arbed Esch-Schëffleng an ArcelorMittal Rodange et Schifflange), op deem tëscht 1870 an 2012 Eisen a Stol produzéiert a verschafft gouf, vum Enn vun den 2020er Joren un, an en neie Quartier fir laangfristeg 12.000 Awunner ëmgebaut soll ginn.
![]() Vue vum Site (2025) | |
Verwaltung | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() ![]() |
Geographie | |
Koordinaten | 49°30'16,5"N, 5°59'36,1"O |
Fläch | 62 ha |
Géigend | Minettsgéigend |
Transport | |
![]() |

Geschicht
ännerenNodeems et no iwwer 140 Joer mat den industriellen Aktivitéiten um Site (Schmelz, Walzwierk, Drotstrooss, Elektrostoluewen) 2012/13 fir zerguttst eriwwer war, huet d'ArcelorMittal, Proprietär vum gréissten Deel vum Terrain[1], zesumme mat der Regierung an den zwou betraffene Gemengen 2016 e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, de Site nees ze beliewen. D'Agora, déi jee zur Hallschecht dem Staat an ArcelorMittal gehéiert, soll sech dorëms këmmeren.[2]
2017 huet eng Etüd festgestallt, datt dat Ganzt realisabel wier, an de Buedem net iwwerméisseg verknascht ass.[3] 2018 gouf e Concours ausgeschriwwen, fir e Gesamtplang z'entwerfen, bei deem 2019, vu véier Entwërf[4] de Projet vum däneschen Urbanistebüro Cobe Architects zeréckgehale gouf.
De Projet
ännerenDe Plang gesäit vir, nohaltege Wunnraum ze schafen, e Quartier vun de kuerze Weeër, deen un d'Schinnen- a Busreseauen ugebonne soll sinn an och mat Esch a Schëffleng gutt verbonne soll sinn. Sou soll eng nei Tramslinn tëscht der Stad Lëtzebuerg a Bieles, där hiren Trajet am September 2020 virgestallt gouf, duerch den neie Quartier goen.[5],[6] Eng nei Zuchgare soll an de südwestlechen Deel vum Terrain gebaut ginn (déi déi aktuell Escher Gare ofléise soll).
D'Uelzecht an d'Dipbech, déi duerch oder laanscht d'Metzeschmelz lafen, solle renaturéiert an zesumme mat de fréiere Killweieren an de Projet integréiert ginn.[7]
Déi architektonesch Zeie vun der industrieller Vergaangenheet sollen souwäit et geet erhalen an/oder fir nei Zwecker ëmgebaut oder genotzt ginn.[7] An deem Sënn goufen Enn 2022 24 Gebaier an Objeten um Site als national Architekturierfschaft klasséiert[8].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den nationale Monumenter op der Metzeschmelz.
D'PAPen an dono d'Bebauung soll a 4 Phasë geschéien: Déi éischt Phas betëfft engersäits d'Areal am Westen, tëscht der Eisebunnslinn, dem Schlasspark an der Uelzecht bis kuerz hannert de grousse Killtuerm, anerersäits, am Südosten op Schëfflenger Säit, den Dräieck tëscht der Eisebunnslinn Richtung Stad, der fréierer Eisebunns-Ofzweigung a Richtung Zementwierk um Monkeler, an der Lallenger Strooss. Heibäi solle virun allem éischter niddreg Wunnhaiser gebaut ginn, mat an der Mëtt enger Schoul.
Bis 2028/29 sollen d'Stroossen an d'Leitungen fir déi éischt Bauphas amenagéiert sinn, sou dass 2030 mam Bau vun den éischten Haiser ugefaange kéint ginn (Stand 2025)
Déi zweet Phas betrëfft de mëttelsen nordwestlechen Deel, déi drëtt deen Deel nërdlech vun der Eisebunnslinn bis an d'Hallschecht vum Areal, an déi véiert a lescht d'fréier Walzwierks- a Gebléishalen.
Biller
änneren-
Killtuerm, deen erhale gëtt
-
En Deel vum Areal deen als éischt bebaut soll ginn (2022).
-
Weier vum Schlassgoart
Literatur
änneren- Josée Hansen: "Sur les ruines de l'ancien monde." In: d'Lëtzebuerger Land 7. Juni 2019, Nr.23, S.2-3 (och op land.lu).
Um Spaweck
änneren- Metzeschmelz op agora.lu, Offiziell Websäit. (Archivéiert Versioun, nach mam Numm 'Quartier Alzette').
- Nicolas Anen: "Große Pläne für Brache Esch-Schifflingen." wort.lu, 28. November 2020.
- Danielle Goergen: "Visitors get first glimpse of 'Metzeschmelz' housing project." today.rtl.lu, 09.10.2022 (mat Biller, wéi et eng Kéier kéint ausgesinn).
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Déi aner 10 % gehéieren dem Staat, ë. a. dem Fonds du rail.
- ↑ "Intro" op quartieralzette.lu (gekuckt 22.06.2019).
- ↑ Agora: "Rapport de synthèse des études environnementales et des diagnostics préalables." Septembre 2017.
- ↑ "Visionen für die Brache Esch/Schifflingen." wort.lu, 06.04.2019.
- ↑ Jeannot Ries: "François Bausch presentéiert Projet vu séierem Tram laanscht Escher Autobunn." rtl.lu, 22.10.2020 13:43.
- ↑ Luc Ewen: "2028 fährt die Tram bis nach Esch." wort.lu, 21.10.2020.
- ↑ 7,0 7,1 "Leitfragen" op quartieralzette.lu.
- ↑ "24 immeubles du site Metzeschmelz inscrits au Patrimoine culturel national." op administration.esch.lu, 11. Oktober 2022.