Vendelin Jurion

Lëtzebuerger Jurist a Politiker

De Vendelin Jurion gebuer de 4. Juni 1806 zu Béibreg, a gestuerwen den 10. Februar 1892, war e Lëtzebuerger Jurist a Politiker.

Vendelin Jurion
Gebuer 4. Juni 1806
Béibreg
Gestuerwen 10. Februar 1892
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter

De Vendelin Jurion war Affekot um Bezierksgeriicht Dikrech, méi spéit um Ieweschte Geriicht an der Stad Letzebuerg. Zu Dikrech war e Buergermeeschter vun 1835 bis 1843.

1843 gouf e Sekretär an der Régence.

Hie war och an der Kommissioun, déi d'Lëtzebuerger Constitutioun vun 1848 ausgeschafft hat.

Vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 war en Administrateur général an der Regierung de la Fontaine a vum 23. September 1853 bis de 24. Juni 1856 an der Regierung Simons, wou hien all Kéier fir den Interieur zoustänneg war. Duerno gouf en Deputéierten an der Chamber.

Vum 28. November 1857 bis den 10. Februar 1892 war hie Member vum Staatsrot.[1]

Zu Dikrech huet en, zesumme mam Joseph-Antoine Schroell, d'Wochenblatt für Bürger und Landleute erausginn, déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg mat engem Feuilleton.

Gielchen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 1er janvier 1842, L' A, portant nomination de membres de l'Ordre royal grand-ducal de la Couronne de Chêne publizéiert am Memioral N°4 vun 1842