Capitani ass eng lëtzebuergesch Televisiounsserie vum Thierry Faber (Iddi), Eric Lamhène a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen), där hir éischt Saison tëscht dem 1. Oktober an dem 17. Dezember 2019 op RTL Tele Lëtzebuerg gewise gouf. Zanter Februar 2021 ass s'och weltwäit op Netflix ze gesinn.

Déi éischt 12 Episodë goufen am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint. Haaptpersonage vun dëser Krimiserie ass de Luc Capitani (gespillt vum Luc Schiltz), en Inspekter vun der Police judiciaire aus dem Süde vum Land. An der éischter Staffel vun 12-mol 28 Minutten enquêtéiert hien zu Mënscht (Manscheid), engem (fiktiven) Duerf am Éislek, iwwert den Doud vum Jenny Engel, dat do am Bësch um Bord vun engem Fiels fonnt gouf. Him zur Säit steet déi jonk Polizistin Elsa Ley (Sophie Mousel) vun do aus der Géigend.

Nom grousse Succès gouf tëscht Mäerz a Juni 2021 eng zweet Saison gedréint. Dës gouf am Februar-Mäerz 2022, och nees an 12 Episode vun enger halwer Stonn op RTL Tele Lëtzebuerg, a vu Juli un och nees op Netflix, gewisen. Se spillt op der Stater Gare, wou de Capitani undercover iwwer de Muerd un enger Prostituéierter enquêtéiert, iwwerdeems d'Ley enger Drogeband op der Spuer ass. Hir Weeër kräize sech nees... > méi