De Billy Wilder, gebuer den 22. Juni 1906 zu Sucha, Éisträich-Ungarn (haut Sucha Beskidzka a Polen) als Samuel Wilder, a gestuerwen den 22. Mäerz 2002 zu Beverley Hills, Kalifornien, war en amerikaneschen, als Éisträicher gebuerene Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent a Journalist. A senger Karriär vun iwwer 50 Joer huet hien 27 Filmer als Regisseur gedréint an och d'Dréibicher fir iwwer 70 Filmer geschriwwen. Hie gëtt als ee vun de beschten a facetteräichste Regisseure vum Golden Age vun Hollywood ugesinn.

Billy Wilder
De Billy Wilder mat der Gloria Swanson (ëm 1950).
Gebuertsnumm Samuel Wilder
Gebuer 22. Juni 1906
Gestuerwen 27. Mäerz 2002
Beverly Hills
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA, Éisträich, Éisträich-Ungarn
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Journalist, Regisseur
Member vun WGA West

De Wilder huet zu Berlin ugefaangen als Journalist ze schaffen, huet awer an de spéiden 1920er och Dréibicher geschriwwen. Nodeem den Hitler 1933 un d'Muecht koum, ass hien, dee Judd war, op Paräis wunne gaangen, wou en eng éischt Kéier Regie fir e Film gefouert huet. Kuerz duerno ass en an d'USA emigréiert, wou en dat Joer drop naturaliséiert gouf. Säin éischte grousse Succès hat en 1939 fir seng Mataarbecht um Dréibuch vun Ninotchka vum Ernst Lubitsch. Hien huet sech séier en zolitte Ruff als Regisseur gemaach mat Double Indemnity (1944), engem Film noir a The Lost Weekend (1945), e Film iwwer Alkoholofhängegkeet. 1950 war hie verantwortlech fir d'Dréibuch an d'Regie vu Sunset Boulevard mat der Gloria Swanson an der Haaptroll, iwwer den Niddergang vun engem Stommfilm-Star, an dat Joer drop fir Ace in the Hole (oder The Big Carnival), iwwer d'Medien-Hysterie bei engem Accident an enger Grouf.

Vun der Mëtt vun den 1950er Joren un huet hie virun allem Comédie gemaach, heiansdo mat engem méi eeschten Hannergrond, vun deenen der eng jett haut zu de Klassiker zielen, wéi The Seven Year Itch (1955), Some Like It Hot (1959, béid mat der Marilyn Monroe), The Apartment (1960) oder Irma La Douce (1963, béid mam Jack Lemmon a mat der Shirley MacLaine), Sabrina (1954), One, Two, Three (1961) oder Avanti! (1972). Déi meescht dovu waren an Zesummenaarbecht mam Dréibuchauteur I. A. L. Diamond.

An den 1970er Joren hat hie manner Succès mat Filmer wéi The Private Life of Sherlock Holmes (1970), Fedora (1978) a Buddy Buddy (1981).

De Billy Wilder gouf net manner wéi 21-mol fir en Oscar nominéiert, an huet e sechsmol gewonnen: als beschte Regisseur fir The Lost Weekend an The Apartment, als beschten Dréibuchauteur vun The Lost Weekend, Sunset Boulevard an The Apartment, a beschte Film fir The Appartment. 14 verschidde Schauspiller kruten a senge Filmer eng Nominatioun fir déi gëlle Statu.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

Literatur änneren

  • Richard Armstrong, Billy Wilder, American Film Realist (McFarland & Company, Inc.: 2000)
  • Charlotte Chandler, Nobody's Perfect. Billy Wilder. A Personal Biography (New York: Schuster & Schuster, 2002)
  • Cameron Crowe, Conversations with Wilder (New York: Knopf, 2001)
  • Daniel Hermsdorf, Billy Wilder. Filme - Motive - Kontroverses (Bochum: Paragon-Verlag, 2006)
  • Glenn Hopp, Billy Wilder (Pocket Essentials: 2001)
  • Jérôme Jacobs, Billy Wilder (Paris: Rivages Cinéma, 2006)
  • Kevin Lally, Wilder Times: The Life of Billy Wilder (Henry Holt & Co: 1st ed edition, May 1996)
  • Ed Sikov, On Sunset Boulevard. The Life and Times of Billy Wilder (New York: Hyperion, 1999)
  • Hellmuth Karasek, Billy Wilder, eine Nahaufnahme (Heyne, 2002)

Um Spaweck änneren

Commons: Billy Wilder – Biller, Videoen oder Audiodateien