La Clef du cabinet des princes de l'Europe ou recuëil historique & politique sur les matieres du tems war déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskomm ass. Déi éischt Nummer koum den 1. Juli 1704 op de Maart. Se ass vun do un all Mount erauskomm, ouni Ënnerbriechung, bis am Juli 1794.

Hanner där Entreprise stoungen am Ufank de Libraire, Drécker a Journalist Claude Jordan (gebuer ëm 1659) an den Drécker André Chevalier (1660-1747), deen an der Stad Lëtzebuerg eng Dréckerei hat. Déi zwéin hu sech 1704 zesummegedoen, fir, nom Beispill vun de Gazettes de Hollande, vu Lëtzebuerg aus, eng Zeitung fir Loutrengen (dat deemools vu Frankräich onofhängeg war) an de franséische Marché ze produzéieren. E Lëtzebuerger Maart war deemools quasi inexistent.

Wéi am Titel ugedeit, sollt d'Zeitung Abléck ginn hanner d'Kulisse vun de Regierungscabineten, wou iwwer Krich a Fridden an Europa decidéiert gouf (et war grad Spueneschen Ierffollegkrich). D'Struktur war ëmmer déi selwecht: International Nouvellen, klasséiert no de Kinnekräicher. Da gouf et eng Rubrik Klatsch an Aktuelles (Zeremonien, Klappjuegten, wou de Kinnek matgemaach huet, d'Gebuert vu Prënzekanner, asw.), an eng iwwer d'Kritik vun neie Bicher. No an no sinn awer och ëmmer méi Noriichten aus regionale Parlamenter, oder Artikelen iwwer opgekläerte Philosophen, déi den Absolutismus bekämpft hunn, dra gedréckt ginn... > méi