Sophie Mousel

lëtzebuergesch Schauspillerin

D'Sophie Mousel, gebuer den 31. Mäerz 1991[1], ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

Sophie Mousel
Gebuer 31. Mäerz 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Cours Florent
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller

Si huet 2011-2015 um Cours Florent zu Paräis Schauspill studéiert, an trëtt zanterhier an enger ganzer Rëtsch vu Film-, Televisiouns- an Theaterproduktiouen op.

2019 an 2022 hat si déi weiblech Haaptroll an der Serie Capitani,[1] fir déi si 2021 de Lëtzebuerger Filmpräis krut. 2023 koum de Spillfilm Läif a Séil an d'Kinoen, an deem si s'Haaptprotagonistin spillt.

Filmographie änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche op actors.lu.