Corbi

Lëtzebuergesche rapper

De Corbi, eigentlech Gilles Corbi[1] an och bekannt als De Kueb, gebuer den 28. Februar 1985 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Rapper vun Zolwer. Hien ass Member vun De Läb.

Corbi
Gebuer 28. Februar 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper, Sänger

Fir d'Weltausstellung 2010 zu Shanghai war de Corbi e Member vum Museksprojet Brach, mat deem hien en Album opgeholl huet an a China opgetrueden ass.

2012 hunn hien an de Rico Querin ënner dem Numm "Rocky an de Kueb" den Titel Zuma opgeholl.

2015 huet de Corbi säi Soloalbum De gëllene Stull verëffentlecht. Schonn 2014 war den Titel De gudden Drot als Single erauskomm.

Donieft huet hien och mat anere Kënschtler zesummegeschafft, zum Beispill mam Godié (La vérité est ailleurs, 2008), mam Cico (Dain Kampf, 2009), mat Serge Tonnar & Legotrip (Laksembörg Sitti, 2011), mam Gospel Emcee (Stéréonucléose, 2013), mat Freshdax (Wat, Wou, Vinyl, 2014), mam Edel Weis (Colläb, 2015) a mam V.I.C (Keen Disco Sound, 2021).

Discographie änneren

  • 2012: Zuma (Single, als "Rocky an de Kueb")
  • 2013: Schemotape 2​.​0 (Album, mam Edel Weis)
  • 2014: De gudden Drot (Single)
  • 2015 De gëllene Stull (Album)
  • 2015: Wee, wat, wou? (Single, feat. Serge Tonnar & Georges Sadeler)
  • 2017: Schemotape III (Album, mam Edel Weis a Wispo)
  • 2022: Kuebemania

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. maskenada.lu (gekuckt den 10. September 2016)