Nationalstrooss 7
D'Nationalstrooss 7 oder N7, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Miersch, Dikrech a Klierf. Deelweis féiert d'Europastrooss E421 driwwer. D'N7 ass mat 76 km déi zweetlängst Nationalstrooss am Land[2].
![]() | |
![]() D'N7 op der Héicht vun der Buergplaz | |
![]() | |
Lëtzebuerg - Schmëdd | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 2, Nationalstrooss 4, Nationalstrooss 50 |
Koordinaten | 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O |
Enn | Schmëdd |
Koordinaten | 50°10'57,00"N, 6°1'20,10"O |
duerch | Lëtzebuerg, Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Lëntgen, Miersch, Biissen, Colmer-Bierg, Schieren, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Dikrech, Tandel, Buerschent, Parc Housen, Klierf, Wäiswampech, Ëlwen |
Längt | 76 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 7 |
VerlafÄnneren
Si féiert vu Lëtzebuerg vun der Place de Bruxelles iwwer de Boulevard Royal an den Eecher Bierg op Eech, a vun do aus duerch den Uelzechtdall bis op Miersch. Vun do geet et iwwer d'Kopp vum Rouscht op Colmer, an dann nees weider duerch den Dall vun der Uelzecht iwwer Ettelbréck op Dikrech.
Zu Dikrech gëtt de Verkéier wéinst Sens unique an zwee gedeelt. Vun der Stäreplaz u verléisst de Verkéier d'N7 no riets op d'N14 (Rue du Pont), fir dann no 120 m no lénks eng ronn 300 m op der N17A ze sinn. Duerno muss erëm no lénks ofgebéit ginn. Da leeft de Verkéier iwwer d'N17 fir bei der Kierch erëm op de gemeinsamen Tracé ze kommen.
Vun der Dikrecher Kierch u verléisst se de Sauerdall, fir duerch de Bamerdall op d'Kopp beim Fridhaff ze kommen. Vun do aus féiert se dann als Héichtestrooss laanscht Houschent, duerch Housen, Hengescht a Wäiswampech bis op déi belsch Grenz op der Schmëdd, wou se Uschloss un déi belsch Nationalstrooss N68 huet.
Entwécklung vun der N7Änneren
- Bis an d'1940er Joren ass d'N7 vu Miersch aus iwwer Miesdref a Kruuchten a Richtung Ettelbréck gelaf, se leeft awer zanterhier iwwer de Rouscht (déi fréier N26).
- D'Streck tëscht Dikrech an der belscher Grenz vun der haiteger N7 war bis 1958 déi fréier N16. Zu Ettelbréck - an deem Deel wou d'N7 haut e Sens unique leeft - huet d'N7B den Accès bei d'Gare assuréiert.
- Zanter den 1960er Jore goufen eng Rëtsch Upassungen un der N7 gemaach fir de Verkéier méi flësseg ze maachen. Sou gouf d'Streck méi riicht gemaach andeems Kéiere ugepasst goufen, et goufen nërdlech vun Dikrech Deeler gebaut wou et méi einfach ass z'iwwerhuelen asw. Do derbäi kënnt, datt tëscht der Stad an Dikrech d'A7 an d'B7 (Nordstrooss) gebaut goufen, fir d'N7 z'entlaaschten.
- An de 1960er ass d'Streck tëscht Ettelbréck an Angelduerf nei amenagéiert ginn an d'Barrière koum ewech.
- D'Traversée duerch Ettelbréck gouf an den 1980er Joren ugepasst et eng Rei Kéieren tëscht Fëschbech an Hengescht, tëscht Hengescht a Wäiswampech grad ewéi tëscht Housen a Maarnech goufen ëmgebaut fir d'Streck méi riicht ze maachen.
- 2001 ass d'Ënnerféierung um Rouscht opgaangen an d'Kräizung mam CR306 ass ewech gefall.
- 2008 ass an d'Kéier an der Kléck – um haitege Verdeeler fir op d'Autobunn – ëmgebaut ginn.
- Verännerunge vun 1964 bis 2021 tëscht dem Fridhaff a Lausduer
ProjetenÄnneren
Contournement vun HousenÄnneren
Fir d'Uertschaft Housen vum Transitverkéier ze entlaaschten, ass bis Enn 2023 e Contournement geplangt, dee westlech laanscht d'Uertschaft verleeft. A Richtung Norde gekuckt, féiert en ënnert dem CR324 erduerch a leeft dann duerch e 470-Meter laangen Tunnel ënnert dem Flouer Beirescht erduerch, fir op der Héicht vum CR342 deen a Richtung Rouderssen fortgeet, nees un d'N7 ugeschloss ze ginn[3],[4].
Uganks 2021 gouf eng adaptéiert Versioun vum 4,4 km laange Contournement virgestallt deen aus 2 2 Bunne besteet an duerch en Tunnel vun 320 m leeft. Et ginn am Ganze 6 Brécke gebaut, ë. a. fir de landwirtschaftleche Verkéier. Am Kader vum Bau vun der Umgeeungsstrooss gëtt och d'Kräizung mam CR324 verluecht. De Budget fir déi nei Strooss läit bei 154,35 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollen 2022 ugoen a véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[7].
Queesch Verbindung vu KlierfÄnneren
Bis uganks 2023 soll d'Transversale de Clervaux fäerdeg sinn, eng Strooss déi nërdlech vu Maarnech vun der N7 aus fort geet an eng queesch Verbindung no Weste bis op d'N18 nërdlech vu Klierf mécht.
Ëmbau vun der N7Änneren
2022 gëtt ugefaangen d'Strooss tëscht dem Fridhaff an der Houschter Déckt ëmzebauen, fir se méi sécher ze maachen. Sou bleift déi aktuell Dräibunn bestoen an et ass virgesinn, datt et ofwiesselend eng Spuer an déi eng an zwou an déi aner gëtt. D'Kräizungen um selwechten Niveau kommen ewech a ginn duerch Brécken ersat. Do derbäi gëtt parallel och tëscht Houschent an der Houschter Déckt eng Vëlospist gebaut. De Budget fir d'Aarbechte läit bei 246,71 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollen 2022 ugoen an am éischten Deel véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[8].
BillerÄnneren
Kilometersteen op der N7
Am Eecher Bierg
D'N7 ënner der A7 um Mierscherbierg
D'N7 an Direktioun Rouscht gesinn
Um SpaweckÄnneren
Commons: Nationalstrooss 7 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ D'Kräizungen zu Dikrech sinn der Rei no opgezielt an Direktioun Éislek ouni dem Sens unique Rechnung ze droen. Dat gëllt fir den CR351A (N°2) deen do Rue du Palais heescht, an déi een nëmmen direkt erakënnt wann een aus dem Bamerdall kënnt. Aus Direktioun Angelduerf muss een de groussen Tour ëm den Zentrum iwwer d'N14, d'N17A, an d'N17 maache fir dohin ze kommen. Dat selwecht gëllt fir d'N17.
- ↑ Rankingen op RTL.lu: Déi längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg sinn?. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-31.
- ↑ Le contournement de Hosingen (E421-N7) op route2020.lu, gekuckt den 18. November 2019
- ↑ 2021 soll de Bau lassgoen, 2 Joer méi spéit soll e fäerdeg sinn op rtl.lu, gekuckt den 18. November 2019
- ↑ 5,0 5,1 Une N7 plus uniforme et plus sûre entre Wemperhardt et Ettelbruck. pch.gouvernement.lu (2021-05-02). Gekuckt de(n) 2021-02-07.
- ↑ 6,0 6,1 Umgestaltung der N 7: Entlastung für Hosingen. Wort.lu (2021-02-05). Gekuckt de(n) 2021-02-07.
- ↑ Loi du 6 août 2021 relative à la construction du contournement de Hosingen (E421/N7). - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-13.
- ↑ Loi du 6 août 2021 relative à la sécurisation de la N7 entre Fridhaff et Weiswampach. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-13.