Holocaust

staatlech organiséierte Vëlkermord un den europäesche Judden duerch Nazidäitschland wärend dem Zweete Weltkrich
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Holocaust (gr: ὅλος - holos, „ganz, vollstänneg“ an καῦσις - kausis, „Brand, Verbrennung“) bedeit vollstännegt Brandaffer a bezeechent am enke Sënn de systematesche Vëlkermuerd un ongeféier sechs Milliounen europäesche Judde wärend der Zäit vum Nationalsozialismus an Däitschland an an de vun Däitsche besatene Gebidder. Well de Begrëff Holocaust aus diverse Grënn problematesch kann erschéngen, schwätze Judden éischter vun der Shoah.

Am méi wäite Sënn bezeechent Holocaust och déi kollektiv Ermuerdung vu Membere vun aneren ethneschen, reliéisen oder soss Mënschegruppen, déi vun den Nazien als "onerwënscht", "liewensonwert oder "rassesch mannerwerteg" erkläert goufen. Dozou hu virun allem déi Handikapéiert, d'Zigeiner, d'Zeugen Jehovas, déi Homosexuell grad wéi och polnesch Intellektueller, russesch Krichsgefaangener an aner, meeschtens slawesch Volleksgruppe gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Holocaust – Biller, Videoen oder Audiodateien