Mais

Planzenaart bannent der Famill vun de Séissgrieser (Poaceae)
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Planzenaart Mais. Fir d'Déieregattung, kuckt wgl. Mais (Gattung).

Mais (Zea mays) ass eng Planzenaart bannent der Famill vun de Séissgrieser (Poaceae). Si kënnt ursprénglech aus Mexiko.

Mais
Mais
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser (Poaceae)
Gattung Zea
Aart Mais
Wëssenschaftlechen Numm
Zea mays
L.

D'Ënneraart Zea mays subsp. mays ass déi, déi ekonomesch déi gréisste Roll spillt. All Joers gi weltwäit 170 Milliounen Hektar (24 % vun der Ubaufläch vu Fruucht iwwer 850 Milliounen Tonnen (34 % vun der Fruuchtproduktioun) Mais rekoltéiert. Mais gëtt virun allem als Fudderplanz benotzt. Mä Mais ass och (besonnesch a Latäinamerika an an Afrika) e Liewensmëttel an eng Energieplanz, virun allem an Industrielänner. Maissteif ass e Liewenssmëttel, Ausgangsprodukt fir Bioplastik, an e Réistoff fir d'Fermentatioun.

Maisubau zu Lëtzebuerg änneren

Mais gëtt zu Lëtzebuerg praktesch nëmmen als Fudderplanz ugebaut. Tëscht 1990 an 2011 ass d'Ubaufläch fir Sillage-Mais kontinuéierlech an d'Luucht gaangen, vu 7.473 Hektar (ha) am Joer 1990 iwwer 10.799 ha am Joer 2000 op 13.121 ha 2011. Zousätzlech gouf 2011 nach op 300 Hektar Mais ugebaut, vun deem d'Käre rekoltéiert goufen.[1] D'Produktioun vu Sillage-Mais louch 2011 bei 169.786 Tonnen. Dat selwecht Joer goufen ausserdeem 2.334 Tonne Maiskäre rekoltéiert.[1].

 
Maiszort Ottofile giallo Tortonese déi besonnesch bei der Fabrikatioun vu Polenta gebraucht gëtt.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement durable, Service d'économie rurale: L'agriculture luxembourgeoise en chiffres 2012., op statistiques.public.lu.