Gemeng Déifferdeng
D'Gemeng Déifferdeng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Déifferdeng vun där se och hiren Numm huet.
Déifferdeng | |
---|---|
![]() | |
![]() D'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Differdange de: Differdingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Christiane Brassel-Rausch (Déi Gréng) |
Awunner | 27.869 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 2.215,4995 ha |
Héicht | 267 m |
Koordinaten |
49° 31’ 22’’ N 05° 53’ 20’’ O |
Websäit | https://differdange.lu |
D'Gemeng Déifferdeng (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout) | |
Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren
- Déifferdeng
- Nidderkuer
- Uewerkuer
- Zowaasch (Lasauvage)
Zu der Gemeng Déifferdeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Déifferdeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. Si ass ëmgi vun de Gemenge Péiteng, Käerjeng a Suessem op der Lëtzebuerger an de Gemengen Héiseng-Guebereng an Zounen op der Franséischer Säit.
GeschichtÄnneren
Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 kritt Déifferdeng den Titel "Stad".
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot, deen zanter 2011 aus 19 Conseillere besteet, gëtt nom Proporzsystem gewielt. De Schäfferot huet, de Buergermeeschter abegraff, 5 Memberen. Virdru waren et 17 Conseilleren, wouvun der 4 Member vum Schäfferot waren[2].
Zesummesetzung
Joer | ADR | CSV | DP | gréng | KPL | Lénk | LSAP |
---|---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 1 | 4 | 3 | 2 | - | 1 | 6 |
2005 | 0 | 3 | 8 | 2 | 0 | - | 4 |
2011 2014* |
0 0 |
3 3 |
7 7 |
3 3 |
1 1 |
1 1 |
4 4 |
2017 | 0 | 4 | 2 | 7 | 1 | 1 | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
* 2014: Koalitiounswiessel
BuergermeeschterenÄnneren
- ...
- ca 1841 - Dez. 1848: Baron Gabriel de Soleuvre[3]
- Febr. 1849 - Dez. 1854: Johann Dondelinger
- Dez. 1854 - Jan. 1858: Corneille Brasseur[4]
- Febr. 1858 - Mäerz 1861: Charles Schambourg[4]
- Abr. 1861 - Jan. 1864: Jean Pierre Paquet
- Febr. 1864 - Dez. 1884: Charles Schambourg
- Jan. 1885 - Febr. 1892: Jean Pierre Meintz
- Juni 1892 - Juni 1901: Pierre Meintz
- Juni 1901 - Mee 1906: Mathias Mark
- Aug. 1906 - 1912: Jean Conzemius
- 1912 - 1935: Émile Mark
- 1935 - 1938: Jean-Baptiste Scharlé
- 1938 - 1963: Pierre Gansen[5]
- 1964 - 1968: Jean Gallion
- 1969 - 1979: Joseph Haupert
- 1979 - 1993: Nicolas Eickmann
- 1994 - 2001: Marcel Blau
- 2002 - 2013: Claude Meisch[6]
- 2014 - 2019: Roberto Traversini
- zanter 2019: Christiane Brassel-Rausch
KuckeswäertesÄnneren
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Déifferdeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Partnerschafte mat auslännesche Stied[7]Änneren
- Däitschland: Ahlen an Nordrhein-Westfalen
- Däitschland: Penzberg a Bayern
- Frankräich: Lonkech an der Meurthe-et-Moselle
- Italien: Fiuminata an der Provënz Macerata
- Portugal: Chaves am Distrikt Vila Real
- USA: Oxford am Ohio
Literatur zum TheemaÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Lëtz. Land 20.5.2011, S.7.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ 4,0 4,1 Archives nationales de Luxembourg, Budgets et comptes des communes et des établissements publics - Differdange, 1857-1880, I-C-033 [1]
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
- ↑ "Roberto Traversini als Buergermeeschter ugeholl." rtl.lu, leschten Update: 22.01.2014, 13:16.
- ↑ Villes jumelées. Ville de Differdange. Gekuckt de(n) 2020-02-27.