D'Huergäns (Grus grus), och nach Hoergäns oder Krukert genannt, ass e Vull aus der Famill vun de Kranichen (Gruidae). D'Aart gehéiert also, trotz hirem Numm, net zu de Gänsen (Anser).

D'Huergänse liewe vum Fréijoer bis an den Hierscht an de Fiichtgebidder an an de Mouere vu Skandinavien, Osteuropa an och groussen Deeler vu Sibirien. Si friesse Planzen a kleng Déieren. Hir Zuel huet an de leschte Joren zougeholl, sou datt d'Aart haut net a Gefor ass.

Am Hierscht verloossen d'Huergänsen hir Bruttgebidder am Norden a fléien a Gruppen no Süden, wou s'iwwerwanteren. Déi europäesch Huergänsen iwwerwantere virun allem am Süde vu Spuenien, an Nordafrika an zum Deel och südlech vun der Sahara. Zanter enger Rëtsch Joren iwwerwantert och eng Grupp vun hinnen um Lac du Der am Nordoste vu Frankräich an an de Landes am Naturschutzgebitt ëm d'Kueleweieren an der Géigend vu Morcenx an Arjuzanx.

Wärend dem Zuch forméieren d'Huergänse meeschtens spektakulär Gruppen, dacks a Form vun engem V oder enger Eent. Se halen da Kontakt ënnerenee mat engem charakteristesche Ruff, (de lëtzebuergeschen Numm Krukert ass vun deem Ruff ofgeleet)... > méi