De Ban de Gasperich oder Gaasperecher Bann ass een Deel vun der Stad Lëtzebuerg op deem zanter den 2010er Joren en neie Quartier entsteet. Bis 2027 soll en 3.000 Awunner zielen an Aarbechtsplaze fir iwwer 20.000 Leit bidden.[1]

De Ban de Gasperich am Mee 2018

De Quartier ass keen offizielle Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. An de Medie a vun der Regierung gëtt vum "Ban de Gasperich" geschwat, och op Lëtzebuergesch,[2],[3],[4],[5],[6],[7],[8] wärend d'Promoteuren e léiwer "Cloche d'or" nennen.[9] Op Lëtzebuergesch gëtt heiansdo och vum "'Gaasperecher Bann" geschwat.[10],[11],[12],[13]

Lokalisatioun

änneren

De Ban de Gasperich läit am Süde vum südleche Stater Wunnquartier Gaasperech. Westlech grenzt en un d'Cloche d'or, déi och zu Gaasperech gehéiert, an am Osten un d'Zone d'activités um Houwald (Gemeng Hesper). Tëscht dem Ban de Gasperich an dem Houwald läit d'Autobunn A3.

De Gaasperecher Bann läit op enger Héicht vun ongeféier 290 bis 300 Meter iwwer dem Mieresspigel.

En huet, jee no Quell, eng Fläch vu 70[14][15] oder 80 Hektar.[16],[17]

Geschicht

änneren

Éischt Pläng

änneren

Schonn am Plan Joly, vun uganks der 1960er Joren, waren d'Terraine vum Gaasperecher Bann als zone constructible klasséiert. Den Aldo Becca, an an den 1990er Jore säi Fils, de Baupromoteur Flavio Becca, hunn een nom aneren déi eenzel Terraine praktesch all opkaaft. Eenzeg 1,10 Hektar um Boulevard Raiffeisen bloufen am Besëtz vun der Famill Funck-Faber, deene bis 2000 d'Messageries Paul Krauss gehéiert haten.[18]

Op Grondlag vum Programme directeur d'aménagement du territoire huet d'Lëtzebuerger Regierung ufanks 2002 en Integratiivt Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept (IVL) opstelle gelooss. Domat sollt gekuckt ginn, wéi d'Landesplanung mam staarke Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg an all den domat verbonnene Konsequenze sollt ëmgoen.[19] An deem IVL, dat am Januar 2004 virgestallt gouf, gëtt ervirgehuewen, datt d'Entwécklung vum Südweste vun der Stad Lëtzebuerg Auswierkungen op de Rescht vum Land hätt. Do géif et e Potenzial fir 20.000 bis 25.000 Aarbechtsplaze a grouss Wunnfläche ginn.[20]

Am Mäerz 2004 hunn den Inneminister Michel Wolter, de Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg Paul Helminger an d'Buergermeeschtesch vun Hesper Marie-Thérese Gantenbein beschloss, wéi dat Areal an Zukunft sollt benotzt ginn.[21] Am Juli 2004 ass de "Masterplan" fir den neie Quartier Ban de Gasperich virgestallt ginn, an deem eng éischt Visioun fir de Quartier presentéiert gouf.[22] Dora steet ënner anerem:

Agrarisch geprägte Landschaften werden vollständig verschwinden und durch eine urbane Ersatznatur ausgetauscht. Diese hohe bauliche Verdichtung des neuen Stadtgebietes verlangt einen sehr disziplinierten Umgang mit den Aussenräumen. Eine übergeordnete ganzheitliche Landschaftsarchitektur und Aussenraumgestaltung wird das Erscheinungsbild, die Qualität, die Atmosphäre und das Image des neuen Quartiers bestimmen.[23]

Am Mäerz 2012 huet de Stater Gemengerot e Budget vun 59,4 Milliounen Euro fir Infrastrukturaarbechten ugeholl.[15]

Ufank vun de Bauaarbechten

änneren
 
De Schantje vum Waassertuerm (2016)

2012 hunn d'Bauaarbechter um Ban de Gasperich ugefaangen.[24]

Als éischt Gebai ass am September 2014 de Crystal Park, de Sëtz vun der Auditfirma PwC Lëtzebuerg, fäerdeg gestallt ginn. Ronn 2.400 Persoune sinn dunn an hir nei Büroe mat enger Fläch vun 30.000 Quadratmeter op sechs Etage geplënnert.[25]

D'Haaptverkéiersoder vum Ban de Gasperich, de Boulevard de Kockelscheuer, ass den 28. August 2017 ageweit ginn.[26] D'Bréck iwwer d'Autobunn A6, fir d'Verlängerung laanscht den Nationalstadion bis op d'Beetebuerger Strooss, gouf tëscht Summer 2018 an Hierscht 2019 gebaut. Si goung den 11. November 2019 fir den Trafic op.[27] Am September 2017 huet dat neit Gebai vum franséischsproochege Lycée Vauban seng Diere fir d'Schüler aus der Primärschoul opgemaach, an am Mee 2018 och fir d'Lycéesschüler. En ass an dräi Joer gebaut ginn an huet 146 Milliounen Euro kascht, vun deenen de Lëtzebuerger Staat 80 % finanzéiert huet.[28],[29]

Am Februar 2018 kruten d'Besëtzer vun den éischten 200 Wunnengen de Schlëssel iwwerreecht.[30]

Den 68 Meter héije Waassertuerm, dee ronn 8,7 Milliounen Euro kascht huet, ass den 20. Mäerz 2018 vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer opgemaach ginn. E garantéiert net nëmmen d'Waasserversuergung vum Ban de Gasperich, mä och vun der Cloche d'or, der Kockelscheier an Deeler vun Zéisseng a Gaasperech.[31],[32]

Am Januar 2019 war den neie Sëtz fir Deloitte Lëtzebuerg, eng grouss Auditfirma, fäerdeg ginn, vun Abrëll 2019 u schaffen do op 30.000 Quadratmeter a 16 Stäck eng 2.200 Persounen.[33]

De 14. Mee 2019 ass en Akafszentrum mat 140 Geschäfter an engem grousse Supermarché Auchan opgaangen, dee vun den Architektenbüroe Fabeck Architectes a Schemel & Wirtz entworf gi war. D'Wunntierm driwwer ginn eréischt 2020 fäerdeg[33]

 
Maquette vum Centre national d'incendie et de secours

Um Boulevard de Kockelscheuer steet de Centre national d'incendie et de secours, d'Zentral vum nationale Rettungswiesen. Do ass zanter Hierscht 2021 d'Kasär vun de professionelle Stater Pompjeeën, d'Direktioun vun der Verwaltung vum Rettungswiesen, d'Noutruffzentral an d'Schoul vun der Protection civile regroupéiert.[34],[35]

Tëscht dem Ban de Gasperich, der Cloche d'or an der Kockelscheier gouf tëscht 2017 bis 2021 den neien Nationalstadion vu Lëtzebuerg gebaut.

D'Bijou-Gebai, um Boulevard Raiffaisen, gouf 2020 fäerdeg gebaut.[36] Och op de 15.000 Quadratmeter hannendrun sinn an de Joren duerno weider Bürosgebaier entstanen.

Ursprénglech fir 2020 geplangt, ass dee ronn 15 Hektar grousse Gaasperecher Park nieft dem aktuellen Déierenasyl am Juni 2023 fäerdeg ginn.[33] Dofir war e Budget vu 15,9 Milliounen Euro virgesinn.[37]

Zukünfteg Gebaier an Infrastrukturen

änneren

D'Areal hannert dem Sëtz vu PWC ass fir Appartementshaiser virgesinn, wou 64.000 Quadratmeter Wunnraum entstoe sollen.[33]

Vum 7. Juli 2024 u fiert de Stater Tram iwwer de Boulevard de Kockelscheuer bis op seng Endstatioun beim Stadion.

D'Stater Sozialisten an Déi Lénk hunn ënner anerem kritiséiert, datt am neie Quartier falsch Prioritéite gesat gi wieren. Den neie groussen Akafszentrum géif ze vill Autosverkéier unzéien. Och d'Verhältnes tëscht Bürosflächen a Wunnenge gouf kritiséiert, well et ze wéineg bezuelbare Wunnraum an der Stad géif ginn an um Ban de Gasperich méi Wunnengen amplaz vu Bürosfläch hätte misse gebaut ginn.[15][38],[39],[40]

Literatur

änneren
  • Bernard Thomas: "Becca Town." In: d'Lëtzebuerger Land 17. Mai 2019, Nr.20, S.2-3.

Quellen

änneren

Referenzen

änneren
  1. lequotidien.lu: Bienvenue au Ban de Gasperich ! (14. Mäerz 2018)
  2. rtl.lu: Neien Arrêt "Francophonie" an eng nei Buslinn 32 (18. Januar 2018)
  3. 100komma7.lu: "Mir hunn de Problem erkannt" (7. August 2017)
  4. rtl.lu: Grondstee fir nei Sportshal geluecht (29. Mee 2018)
  5. wort.lu: Hesper soll och no de Wahlen net vergiess ginn! (14. Oktober 2013)
  6. eldo.lu: 16,4 Kilometer wäert d'Streck Enn 2021 laang sinn (16. Oktober 2017)
  7. csv.lu: De Finanzement vun zukünftege groussen Infrastrukturprojete klären an ofsécheren (keen Datum)
  8. tageblatt.lu: Rede von Premierminister Jean-Claude Juncker am Mittwoch Nachmittag im Parlament (5. Mee 2010)
  9. wort.lu: Ban de Gasperich: Le chantier titanesque vu du ciel (15. Juni 2016)
  10. rtl.lu: Brauche mir en neie Fussballstadion? Nee, mee e Vëlodrom! (20. Mäerz 2010)
  11. tessyglodt.lu: Lëtzebuerg - Gaasperecher Bann (15. Mee 2017)
  12. rtl.lu: Neie Centre Commercial zu Gaasperech (6. Februar 2007)
  13. moien.lu: Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg (2. Dezember 2017)
  14. Affiche vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung (gekuckt den 23. Mee 2018)
  15. 15,0 15,1 15,2 wort.lu: Le Ban de Gasperich va s'urbaniser (14. Mäerz 2012)
  16. paperjam.lu: Le Ban de Gasperich relié au reste de la capitale (28. August 2017)
  17. wort.lu: Ban de Gasperich: La Cloche d'Or en 3D: découvrez l'ambitieux nouveau quartier (5. Februar 2016)
  18. B. Thomas: "Becca Town", an der Literatur.
  19. Ein Integratives Verkehrs- und Landesentwicklungskonzept für Luxemburg, Punkt I / V an der "Zusammenfassung"
  20. Ein Integratives Verkehrs- und Landesentwicklungskonzept für Luxemburg, Säit 129 vun 135
  21. Masterplan 2004, Punkt A2
  22. Masterplan 2004
  23. Masterplan 2004, Punkt A7
  24. land.lu: Tour de chauffe à Gasperich (29. Juni 2012)
  25. paperjam.lu: PwC déménage au Crystal Park (19. Dezember 2014)
  26. paperjam.lu: Le Ban de Gasperich vu du ciel (28. August 2017)
  27. "Neue Brücke in Kockelscheuer." wort.lu, 11.11.2019.
  28. lessentiel.lu: À la découverte du Lycée Vauban flambant neuf (20. Februar 2018)
  29. wort.lu: Le jour de gloire du Vauban est arrivé (7. Mee 2018)
  30. "Wachstum im Eiltempo". Luxemburger Wort (Pabeierversioun), 17. Abrëll 2018.
  31. lessentiel.lu: Der Wasserturm am Ban de Gasperich ist am Netz (20. Mäerz 2018)
  32. wort.lu: Er überragt sie alle: neuer Wasserturm eingeweiht (20. Mäerz 2018)
  33. 33,0 33,1 33,2 33,3 Nadine Schartz: "Der Ban wird lebendiger." wort.lu, 23.03.2019.
  34. Site vun der Administration des bâtiments publics: Centre national d'incendie et de secours - Luxembourg-Gasperich (19. Januar 2018)
  35. paperjam.lu: Le futur Centre national d'incendie et de secours (23. Abrëll 2018)
  36. paperjam.lu: Le Ban de Gasperich de plus en plus prisé par les entreprises (23. Oktober 2020)]
  37. archiduc.lu: Le budget du parc de Gasperich voté (11. Juli 2017)
  38. stad.dei-lenk.lu: Ban de Gasperich: malgré le parc, un désastre urbanistique et écologique annoncé (28. Juni 2017)
  39. franzfayot.lu: Ban de Gasperich – Réaction de la VdL – Où est la contradiction? (24. Mee 2013)
  40. stad.dei-lenk.lu: Ban de Gasperich à la Becca? Nee Merci! (gekuckt de 24. Mee 2018)