Méizuel
D'Méizuel (oder Plural, vum lat. (numerus) pluralis „wat an der Méizuel steet“, ofgeleet vu lat. plures „hirer méi“; ofgekierzt pl), ass an der Grammaire eng Bezeechnung fir en Numerus, dee "méi wéi een" ausdréckt. De Contraire ass d'Eenzuel (oder Singular).
A verschiddene Sprooche gëtt et eege Forme fir de sougenannten Dual (= wat sech op zwou Saachen oder Persoune bezitt), Trial (dräi Deeler) oder Paukal (e puer Deeler).
Méizuel bei Artikelen
ännerenMéizuel vun Artikelen am Lëtzebuergeschen
ännerenAn der Méizuel gëtt et nëmmen ee bestëmmten Artikel fir déi dräi Genren:
männlech | weiblech | sächlech |
---|---|---|
d'Camionen | d'Dieren | d'Kanner |
Méizuel bei Substantiver
ännerenD'Méizuel vu Substantive gëtt jee no Sprooch ënnerschiddlech gebilt.
Méizuel am Lëtzebuergeschen
ännerenAm Lëtzebuergesche gëtt et en ettlech Manéieren, fir d'Méizuel grammatesch auszedrécken, woubäi et keng eendeiteg oder allgemeng Reegel gëtt, watfireng Form bei watfir Wierder gebraucht gëtt.
Déi heefegst Endunge sinn:
-er
d'Bett | pl= d'Better |
den Dësch | pl = d'Dëscher |
-en
d'Fra | pl = d'Fraen |
d'Wonn | pl = d'Wonnen |
Wierder aus anere Sproochen
- Wierder déi aus dem Franséische kommen, kréien am Allgemengen d'Endung -(e)n an der Méizuel:
de Client | pl = d'Clienten |
de Waggon | pl = d'Waggonen |
d'Ficelle | pl = d'Ficellen |
- Dat selwecht gëllt fir Wierder déi aus soss Sprooche kommen:
den Toreador | pl = d'Toreadoren |
d'Paprika | pl = d'Paprikaen |
de Computer | pl = d'Computeren |
- Bei Wierder, déi aus dem Laténgeschen, dem Griicheschen, dem Italieenesche oder dem Englesche kommen, gëtt et nieft dem Drunhänke vun "-en" och d'Méiglechkeet, d'Pluralform aus deene Sproochen ze gebrauchen:
Referendumen oder Referenda, Lexikonen oder Lexika, Lemmaen oder Lemmata, Librettoen oder Libretti, Fanen oder Fans,...[1]
- Ausname vun dësen Ausname si verschidde laténgesch Wierder op "-us", bei deenen "-us" duerch "-en" ersat gëtt: Sg. Rhythmus; Pl. Rhythmen, an net *Rhythmussen.
Och Ofkierzunge kréien an der Méizuel "-en":
Asblen, GMOen, PCen,...
Méizuel vun -in
Weiblech Beruffs- oder Funktiounsbezeechnunge mat der Endung -in kréien an der Méizuel -nen bäi:
d'Léierin | pl = d'Léierinnen |
d'Presidentin | pl = d'Presidentinnen |
Verschiddener changéieren de Vokal oder Duebellaut an der Méizuel:
den Numm | pl = d'Nimm |
de Plou | pl = d'Pléi |
de Schaf | pl = d'Schief |
Aner Substantiver bleiwen onverännert:
d'Päerd | pl = d'Päerd |
de Schong | pl = d'Schong |
de Fréisser | pl = d'Fréisser |
En ettlech changéieren e Konsonant an/oder e Vokal, an/oder kréien eng Silb méi:
d'Blat | pl = d'Blieder |
d'Haus | pl = d'Haiser |
d'Maus | pl = d'Mais |
d'Glas | pl = d'Glieser |
Zu gudder Lescht gëtt et nach déi, déi en en an der Eenzuel hunn, an deen an der Méizuel verléieren:
den Deputéierten pl = d'Deputéiert.
An natierlech gëllt och bei de Pluralformen d'Eifeler Reegel, dat heescht, datt den "-n", jee nodeem mat wat dat nächst Wuert ufänkt, ewechfält:
d'Toreadoren an der Arena Mee: d'Toreadore beim Patt d'Paprikaen op der Zalot Mee: d'Paprikae sinn zeideg d'Computeren ënner dem Schreifdësch Mee: d'Computere goufen ausgeliwwert
Referenzen
änneren- ↑ Dobäi kënnt et alt zu Duebelmarkéierungen, wann ee sech der Méizuel net bewosst ass, wéi z. B. bei *Spaghettien, *Maccaronien, asw.
Literatur
änneren- Nübling,Damaris (2006): "Zur Entstehung und Struktur ungebändigter Allomorphie: Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen." In: Claudine Moulin, Damaris Nübling (Hgg.): Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. Heidelberg: Universitätsverlag Winter. ISBN 3-8253-5156-4, S. 107-125.